Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi 13. Saison am Cube 521: Grenzen ofbauen

Kultur

Déi 13. Saison am Cube 521: Grenzen ofbauen

D'Saison vum Cube 521 dréit sech ëm Grenzen, déi sollen ofgebaut oder iwwerschratt ginn: Souwuel an der Musek grad wéi am Theater. An d'Kultur soll Messagë vun Toleranz, Mënschlechkeet an Diversitéit ënner d'Leit bréngen.

auto_stories

2 min

D'Odile Simon, Directrice vum Cube 521 ënnersträicht, datt sech am Laf vun de leschten 12 Joer eng Institutioun opgebaut hätt, "déi fest um Buedem steet an déi fest an der Regioun verankert ass". D'Offer vum Cube géif genotzt ginn a wier fir d'Leit aus der Regioun eng Beräicherung vun hirer Liewensqualitéit.

De Cube 521 zu Maarnech huet d'Thema Grenzen als ee vun den Haaptsujete fir déi nei Saison geholl. Grenzen am Sënn vu Grenzen ofbauen an der Musek, grad wéi am Theater. Iwwer zwielef Saisonen ass am Cube scho vill geschitt an, seet d'Odile Simon.

Et sollen zum Beispill sou vill Länner wéi méiglech op der Bühn vertruede sinn, sou d'Direktesch vum Cube.

OK, dat do ass elo d'Panoplie vun der Musek, déi den Ament an der Welt gebuede gëtt, zum Beispill mat eisem Jazz-Abonnement. Wou mir Museker invitéiert hunn, wéi den Ed Motta aus Brasilien oder en israelesche Museker, den Odett Tzur, oder aus Polen hu mir den Adam Baldych, wat e wonnerbare Geiist ass, deen zesumme mat engem Norweger, dem Helge Lien, spillt.

D'Grenze sollen awer och inhaltlech a gedanklech iwwerschratt ginn. Och d'Literatur géif an deem Sënn seng Roll spillen, seet d'Odile Simon.

"Do gëtt et an der Klassik Literatur, wéi dem Dürrenmatt säi 'Besuch der alten Dame', wou et drëms geet, wat Opportunismus ass. Wéi liicht ass et Mënschen ze beaflossen, wat mir jo wierklech all Dag musse beobachten, a wéi wäit loosse sech Leit dreiwen, wa si manipuléiert ginn. Et gëtt leider ëmmer méi aktuell."

Och am Bezuch op Theater wéilt ee Grenzen iwwerschreiden, dofir hätt een zum Beispill den Auteur a Schauspiller Joachim Mayerhof vum Wiener Burgtheater invitéiert. A sengem Theaterstéck géif et och drëms goen, fir Grenzen ze iwwerschreiden, andeems ee méi tolerant mateneen ass.

"Also Toleranz a Mënschlechkeet, wéi mam 'Ibrahim' vum Éric-Emmanuel Schmitt, deen eng Figur ass, déi sech asetzt fir eng reliounsiwwergräifend Toleranz. Wat jo och en Thema ass an eiser Zäit a wichteg ass opgegraff ze ginn."

Méi Informatiounen iwwer de Centre cultrel Cube 521 an iwwer de Programm vun der neier Saison am Cube 521 fannt Dir op www.cube521.lu