D'Mickey Mouse ass wuel dem Disney säin Haaptpersonnage, mee den Donald Duck ass awer déi populäerst Disney-Figur, an dat net wéinst senge Stäerkten, mee éischter wéinst senge Schwächten.
Den Donald Duck, feiert säi 85. Anniversaire. De 9 Juni 1934 konnt een den Donald Duck a sengem bloe Matrousekostüm déi alleréischte Kéier an enger Nieweroll am Zeechentrickfilm "The Wise Little Hen" gesinn. Dat zielt eben als Gebuertsstonn vun dëser rosener a cholerescher Int.
E Portrait vum Donald Duck mam Jean Claude Majerus.