Radioen

On air

Tockcity  |  Noah And The Loners - Crash Landing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi bescht Saache passéieren duerch Zoufall

Fotografie a Konschtfligerei

Déi bescht Saache passéieren duerch Zoufall

De Jean-Paul Kieffer hat fir seng Kommunioun seng éischt Kamera geschenkt kritt. Zanterhier ass hie passionéierte Fotograf an zënter zéng Joer och Manager vum franséische Konschtflug-Pilot Nicolas Ivanoff. Donieft bréngt de Jean-Paul Kieffer Schüler am Escher Jongelycée d'Konscht vun der Fotografie méi no. Eng Perséinlechkeet mat ville verschiddene Kapen.

auto_stories

5 min

"Ech war vu klengem un begeeschtert vu Fotografie an dat huet och net opgehalen," seet de Jean Paul Kieffer. Seng éischt Kamera huet hien an der Primärschoul kritt. Spéider huet hie seng Passioun zum Beruff gemaach. Dat Flottst bei der Fotografie wier, datt ee sech op vill verschiddene Beräicher kéint spezialiséieren. Op d'Filmfotografie koum hien éischter duerch Zoufall.

Fir eng Broschür sollt de Jean-Paul Kieffer Fotoe vum Catering a vum Filmset maachen. Wéi hien domat fäerdeg war, hätt hien d'Actrice gesinn an e puer Schnappschëss vun hir gemaach. De Produzent wier net begeeschtert gewiescht, seet de Jean-Paul Kieffer an hien hätt him wëllen de Film ofhuelen. Nodeems den deemools jonke Fotograf him versprach hätt, de Film ze halen an d'Fotoen den nächsten Dag laanscht ze bréngen, hätt de Produzent säin Accord ginn.

15 Joer an der Filmfotografie

Spéider hätt och d'Actrice déi schwaarz-wäiss Fotoe vu sech gesinn "a si wollt, datt ech de Film fäerdeg maachen als Standfotograf. An dat war mäin éischte Film." Duerno sollten et 15 Joer ginn, bannent deenen de Jean-Paul Kieffer als Standfotograf fir de Film geschafft huet.

Filmfotografie wier e ganz spezielle Milieu, esou de Jean-Paul Kieffer, well ee kee Kaméidi dierft mat der Kamera maachen. Dat Schwieregst wier, während enger Zeen ze fotograféieren. Do misst ee mat engem Shot e gutt Bild hikréien "soss muss de et nostellen. Den Nodeel dovun ass, datt een dann déi Emotioune vun den Acteuren net esou gutt agefaange kritt."

E Portrait aus engem Workshop, deen de Jean-Paul Kieffer a sengem Foto-Studio ubitt (Foto: Jean-Paul Kieffer)De Jean-Paul Kieffer hat iwwer 20 Joer e Fotostudio um Briddel. Viru kuerzem ass hie mat senger ganzer Ausrëschtung op Kielen geplënnert. Fir Fotograf ze ginn, misst een am Ufank a säi Material investéieren. Déi analog Fotografie wier awer nach vill méi deier gewiescht, wéi et haut mat der digitaler Fotografie ass. Fir jonk Fotografe wier et donieft och méi liicht, sech an der Fotografie ze lancéieren.

"Fotografie ass Luucht"

Als Fotograf misst ee vill Erfarunge sammelen. Op de Kinosplateauen hätt de Jean-Paul Kieffer am Meeschte geléiert. "Ech hu gesinn, wéi d'Luucht gemaach gouf fir de Film. Dat huet mir immens vill gehollef. Ech kreéieren haut nach ëmmer e bëssen déi nämmlecht Luucht."

Am Wuelste géif hie sech an der Portraitsfotografie spieren, esou de Jean-Paul Kieffer. "Du bass deen, deen decidéiert, wéi d'Foto soll ausgesinn." Bei der Sportfotografie dogéint géif een éischter "drop lass knipsen" a probéieren e gudde Moment anzefänken.

De richtege Moment op der richteger Plaz war de Jean-Paul Kieffer bei sengem "zweete Beruff". Hien ass nämlech och nach Manager vum franséische Konschtfluch-Pilot, dem Nicolas Ivanoff, deen an der Masterclass vum "Red Bull Air Race" matflitt.

Vum Daach aus Fotoe gemaach

Den Nicolas Ivanoff war viru méi wéi 25 Joer dem Jean-Paul Kieffer säi Fluchinstructor. Allerdéngs hätte si sech eng Zäitchen aus den Ae verluer.

Duerch Zoufall war de Jean-Paul Kieffer 2005 zu Budapest, fir eng Course vu Konschtfligere kucken ze goen. "Ech hat natierlech meng Kamera matgeholl. Ech sinn op den Daach vum Hotel geklommen an hu vun do aus Fotoe vun de Fligere gemaach." Den Nicolas Ivanoff war dës Course matgeflunn, a sou hu sech béid Männer erëm getraff.

Den Nicolas Ivanoff flitt an der Masterclass vum "Red Bull Air Race" (Foto: Jean-Paul Kieffer)

"Esou huet alles ugefaangen: Do hunn ech déi éischt Fotoe fir de Red Bull Air Race" gemaach. Dee Sport war deemools ganz nei. 2007 huet den Nicolas mech gefrot, ob ech net wéilt seng Fotoen, seng Kommunikatioun a säi ganze Management maachen."

Virun 13 Joer huet de Jean-Paul Kieffer nach Fotoe vun Hotelsdiecher gemaach. Haut ass dat anescht: D'Fotoe vun de Konschtfligere gi vum Buedem aus, aus dem Helikopter oder aus dem Fliger geschoss. "Mir hunn eis scho bal mat de Fligere beréiert," laacht de Jean-Paul Kieffer.

Dacks wier d'Distanz dotëscht nëmmen ee Meter. "Wann ech d'Fotoen aus dem Fliger maachen, fléien ech vir an hie passt op mech op. Wa mir am Helikopter sinn, setzen ech an der Dier a mir fléien niefteneen."

"Zur richteger Zäit op der richteger Plaz"

D'Konschtfligerei fënnt begeeschtert Spectateuren uechter d'ganz Welt. D'Coursë gi gréisstendeels an de Stied geflunn, mat dacks enger Millioun Spectateuren. Mä eng Natioun stécht ganz besonnesch eraus: "D'Japaner sinn total verréckt op d'Konschtfligerei. Si waarden och virum Hotel op d'Piloten."

Zenter zéng Joer ass de Jean-Paul Kieffer an der Kommunikatioun an am Team-Management vum Nicolas Ivanoff engagéiert. Ob et nach weider zéng Joer ginn, léisst de professionelle Fotograf opstoen: "Esou laang et Spaass mécht maachen ech weider. Wann et eriwwer ass, sichen ech dat Nächst." An dat Nächst wäert hien duerch Zoufall fannen "zu der richteger Zäit op der richteger Plaz."

D'Distanz tëscht den zwee Piloten ass dacks nëmmen ee Meter (Foto: Jean-Paul Kieffer)