Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi donkel Säit vu München

Frank Schmolke: "Nachts im Paradies"

Déi donkel Säit vu München

De Frank Schmolke ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter Graphic Novel "Nachts im Paradies" verschafft. Als Bléck op déi donkel Säit vun enger Stad, déi en éischter sonnege Ruff huet, lount sech dem Frank Schmolke säin "Nachts im Paradies". Mee d'Graphic Novel ass kloer do am beschten, wou se um Buedem bleift, mengt de Jeff Thoss.

auto_stories

3 min

De Frank Schmolke (*1967) ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter längerer Graphic Novel Nachts im Paradies (350 Säiten) verschafft.

Si erzielt d'Geschicht vum fofzeg Joer ale Vincent Kutscher, deen dagsiwwer u sengem Roman schafft an nuets seng Suen als Taxichauffer verdéngt. Et ass grad Oktoberfest zu München, sou datt de Vincent u sech liicht Spill sollt hunn. Mee hien huet vill Pech mat senge Cliente a geréit no a no an ëmmer méi onwahrscheinlech Aventuren.

D'Liewen als Taxischauffer

Ufanks féieren eng Rei Episoden an de tristen Alldag vun enger typescher Nuetsschicht als Taxichauffer an. Onfrëndlech Geschäftsleit forcéieren de Vincent, ze séier ze fueren, sou datt hie geblëtzt gëtt an e Protokoll kritt. Ee Gaascht, deen ze vill gedronk huet, iwwergëtt sech am Auto, sou datt de Vincent d'Nuecht op der Tankstell mat Botze verbrénge muss an alt erëm wéineg Sue verdéngt.

Réckhalt fënnt de Vincent just an de Pausen, wou hie sech kann mat deenen aneren "Taxlern", wéi d'Chauffere sech nennen, austauschen - a bei senger 16 Joer aler Duechter Anna, déi am Laf vun der Geschicht ëmmer méi eng zentral Roll spillt. Och d'Anna ass nuets a München ënnerwee a verléiert sech an der Stad, nodeems een him Drogen a säi Gedrénks geschott huet.

De Vincent muss hatt sichen, ass zu dësem Zäitpunkt awer och selwer scho schéin embêtéiert. Nodeems hien eng Prostituéiert kutschéiert huet, gëtt hien als Bodyguard an als perséinleche Chauffer vun engem russesche Mafiosi engagéiert. Esou stécht hien op eemol matten an der Münchener Ënnerwelt.

Déi trivial Fäll sinn authentesch

Hei verléiert "Nachts im Paradies" dann awer och e bëssi de Fuedem. Do, wou d'Graphic Novel ganz niichter relativ trivial Virfäll aus dem Vincent sengem Liewen als Taxichauffer weist, wierkt dat Ganzt authentesch. Dozou droen och dem Frank Schmolke seng graff, schwaarz-wäiss Zeechnunge bäi, déi wéi séier gezeechent Skizzen ausgesinn an immens dynamesch sinn.

De Schmolke spillt ëmmer erëm mat fantasteschen Elementer: Wann d'Taxichauffere vun den alkoholiséierte Visiteure vum Oktoberfest als Zombie schwätzen, gi si och als Zombie gewisen. Geneesou ginn aggressiv jonk Männer, déi nuets duerch d'Stroossen zéien, als Wëllef gezeechent.

Wann de Vincent an d'Welt vun der organiséierter Kriminalitéit zu München kënnt, ginn dës méi interessant an ambivalent Aspekter awer fale gelooss fir eng relativ konventionell Raibergeschicht ze erzielen.

En plus iwwerhëlt d'Buch d'Rolleklischeeë vum Film noir, deem et sech hei approchéiert. De Vincent gëtt souwisou schonn als Mann vum ale Schlag presentéiert, deen op der Schreifmaschinn tippt a keen Handy huet. Tëschent de louche Gestalte mutéiert hien zu engem almoudeschen Held à la Bogard oder Bond, dee reieweis Frae virum Béise rette muss.

Als Bléck op déi donkel Säit vun enger Stad, déi en éischter sonnege Ruff huet, lount sech dem Frank Schmolke säin "Nachts im Paradies" op jiddwer Fall. Mee d'Graphic Novel ass kloer do am beschten, wou se um Buedem bleift.