Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gutt gemengten Zensur

Sprooch

Déi gutt gemengten Zensur

Mat engem distanzéierten, erwuessenen Ëmgang mat der Sprooch ass leider ëmmer manner ze rechnen. Selwer ernannte Sproochpolizisten droen dozou bäi, datt den ëffentleche Raum, dee Politik iwwerhaapt emol erméiglecht, ofgebaut gëtt.

auto_stories

5 min

De 6. August hat ech um Site vum 100,7 en Artikel verëffentlecht mam Titel : ''D'Verkierperung vun der polnescher Schizophrenie''. Et war eng Kritik vum polnesche Film ''The Hater'', an deem et ëm d'Verbreede vu Fakenews an Haass-Messagen an enger gespléckter Gesellschaft geet.

E puer Deeg drop kréien ech e Bréif vun enger Fra, déi mer virgehäit, am Artikel d'Wierder ''Schizophrenie'' a ''schizophren'' benotzt ze hunn. D'Fra schreift am Numm vun der AFPL, der Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg, eng ASBL, an där si Member vum Verwaltungsrot ass.

Hirer, respektiv der AFPL hirer Meenung no géif mäin Text dozou bäidroen, krank Mënschen ze diskriminéieren, ze stigmatiséieren. Besonnesch och doduerch, datt am Artikel zoufälleg rieds geet vun engem ''Kriminellen'', vun ''enger Zort kalem Monster'' a vu ''grousser Kalbliddegkeet'', alles Clichéen, déi an de Medien dacks géife mat der Krankheet Schizophrenie verbonne ginn.

Beleidegung vu Schizophreenen ... wou keng sinn?

A menger Äntwert hunn ech argumentéiert, datt et sech ëm e Mëssel handelt, datt ech am Artikel kee Krankheetsbild beschriwwen hunn, an datt et am Film iwwerhaapt net ëm Schizophrenie als Krankheet geet. Ech hu si gefrot, ob et si grad esou gestéiert hätt, wann den Haaptprotagonist zum Beispill e léiwen an intelligente Mënsch gewiescht wier, deen d'Déiere gären huet? Krank sinn heescht jo net onbedéngt, datt een e gudde Mënsch ass, woumat een e weidere Cliché géif bedéngen ...

Bref, ech verstinn net, wéi ee mer hei ka virgeheien, krank Mënschen ze stigmatiséieren.

Mäin Text behandelt, aus menger Siicht, onmëssverständlech d'Iddi vun Zerspléckung, wat jo der Etymologie vum Begrëff ''Schizophrenie'' entsprécht. Et geet mer kloer ëm déi politesch Bedeitung vun enger zerspléckter polnescher Gesellschaft, déi, a mengen Aen, vum Haaptprotagonist symboliséiert gëtt.

Et steet wéi gesot néierens, datt dee Personnage u Schizophrenie géif leiden. An et versteet sech vum selwen, datt och net eng ganz Gesellschaft als solch déi Krankheet kann hunn. Wat do steet ass, datt hien an enger Zeen en Zitat: ''schizophreenen Exercice'' mécht, nämlech gläichzäiteg Haass-Messagë vun zwee politesch entgéintgesate Campen op Facebook publizéiert (esou wéi et zum Beispill e schizophreenen Exercice wier, géint sech selwer Schach ze spillen).

Kuerz gefaasst: ech hunn d'Wuert ''Schizophrenie'' an engem iwwerdroene Sënn benotzt.

Wierder hu méi wéi eng Bedeitung

Mee dat léisst d'AFPL net gëllen. Datt si selwer en Amalgamm mécht, gesäit si net an. A fir meng Argumentatioun interesséiert si sech scho guer net.

Ech versti jo, datt d'AFPL méi empfindlech wéi soss ee reagéiert, wann et an der Ëffentlechkeet ëm hiert Spezialgebitt geet. Si ass wuelverstan an hirer Roll, wa si eventuell falsch Duerstellunge vun der Krankheet nees richteg stellt. Si mécht dat jo, dovunner ginn ech emol aus, am Interessi vun de kranke Mënschen, am Numm vun deene si an der Ëffentlechkeet optrëtt.

Ech bestinn elo net mordicus drop fir kënne mam Begrëff Schizophrenie dorëmmer ze hantéieren. An ech distanzéiere mech kategoresch vun all deenen, déi op hiert Recht pochen, fir politesch inkorrekt ze sinn, bewosst Tabue kënnen ze briechen, eng diskriminatoresch Sprooch kënnen ze benotzen, nom Motto: ''et wäert een dach nach wuel kënne soen, datt ...''.

Selwer ernannte Sproochpolizisten

Mee wat gutt gemengt ass, kann duerchaus eng Gefor si fir d'Ausdrocks- an d'Meenungsfräiheet. Et kann zu enger ''censure qui ne dit pas son nom'' féieren. Dorop hunn ech d'AFPL higewisen - en Hiwäis, dee se ignoréiert.

Villméi kréien ech vun där Associatioun en, Zitat: ''korrekte'' Sproochgebrauch quasi virgeschriwwen amplaz vun mengem, Zitat: ''falschen''. An dat alles am Numm vun der, Zitat: ''politescher Korrektheet'' respektiv well, Zitat: ''Diskriminéierungen ugeprangert'' solle ginn. Grad esou autoritär fuerdert d'ASBL näischt manner, wéi datt dee vun hir als ''korrekt'' dekretéierte Gebrauch vum Wuert Schizophrenie, am direkten a virun allem och am iwwerdroene Sënn, an enger hausinterner Charta vum 100,7 festzehalen ass!

Wéi wann dat selbstverständlech wier, hëlt d'AFPL fir sech d'Roll vun engem Sproochpolizist an Usproch. Fir mech ass dat e kloren Abus. Datt si et och nach fir néideg empfënnt, sech dobäi op all méiglech Affer vun Diskriminéierungen ze beruffen, fir sech moralesch ofzesécheren, mécht d'Saach net besser.

Erwuessen Astellung vs Iwwerempfindlechkeet

Mee hei geet et net spezifesch ëm eng bestëmmten Associatioun. Hir Astellung ass e Musterbeispill fir e méi allgemenge Phenomeen, deen den éisträichesche Philosoph Robert Pfaller am Detail beschriwwen huet. A sengem 2017 verëffentlechten Essai ''Erwachsenensprache. Über ihr Verschwinden aus Politik und Kultur'' diagnostizéiert de Pfaller eng fir déi postmodern neoliberal Gesellschaften typesch Onfäegkeet, fir d'Ambivalenz vun der Sprooch ze erkennen an ze akzeptéieren. All Wuert gëtt op eng an eng eenzeg Bedeitung festgesat, quasi zementéiert, ass wuertwiertlech ze huelen, esou wéi d'Kanner dat maachen, wouduerch ënner anerem d'Ironie an aner Forme vun Humor onméiglech gemaach ginn.

De Philosoph setzt deem eng distanzéiert, erwuessen Haltung zur Sprooch entgéint, déi och emol Saachen duerchgoe léisst, och wa se engem net onbedéngt gefalen. Allerdéngs géif déi erwuessen Haltung ëmmer méi verschwannen zugonschte vun enger perséinlecher Iwwerempfindlechkeet, déi sämtlech Belästegungen am ëffentleche Raum direkt als intolerabel denoncéiert.

Op Dauer hätt dat schwéier politesch Konsequenzen, well dësen ëffentleche Raum, deen de Robert Pfaller de ''Raum vun der Gläichheet'' nennt, also de Raum vun der Méiglechkeet vu Politik iwwerhaapt, lues a lues zerstéiert gëtt. Domat wier dann all deenen definitiv net gehollef, déi an der Gesellschaft Affer vun Diskriminatioun sinn.