Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi schéinsten Industriezone vu Lëtzebuerg

B-Radio

Déi schéinsten Industriezone vu Lëtzebuerg

Zoumuddung fir d'Ëmwelt? Verschampeléierung vun der Landschaft ? A wouhier ... D'Industriezone si Pärele vun eisem nationale Patrimoine! A mir vum B-Radio hunn hiert Potenzial erkannt!

auto_stories

2 min

An dësem Episod vum B-Radio héiert Dir d'Stëmme vun der Marguy Conzemius, dem Eric Aschmann an dem Robert Garcia. D'Ekipp vum B-Radio ass dës Kéier zesummegesat vun: Michel Delage, Valerija Berdi, Kerstin Thalau a Pierre Reyland.

Mir exploréieren, wéi gesot, een Deel vun eisem Ländchen, deen - eiser Meenung no - zu Onrecht verkannt gëtt: eis wonnerschéin Industriezonen! Wien hätt geduecht, wat een net alles mat deem Patrimoine kann ufänken! Donieft war et d'Geleeënheet fir ënner anerem eng Rei onstierflech Klassiker aus dem Lëtzebuerger musikalesche Repertoire ze spillen!

Fir de Rescht: Dir hutt jo Ouere fir ze lauschteren - an och dës Kéier geet et hell ewech!

Playlist:

  1. Jean-Michel Jarre: "Révolution, Révolutions"
  2. Id.: "Calypso, Pt. 2"
  3. Id.: "Révolution industrielle, Ouverture"
  4. Moof: "Hal däi Mond"
  5. Colette a Fernand: "O de' Indianer"
  6. Thomas et Bogue Winter: "Dans la zone industrielle"
  7. Moof: "Schéin Welt"
  8. Throbbing Gristle: "Maggot death (live at Southhampton)"
  9. Rolf Zuckowski: "Sommerzeit - Ferienzeit"
  10. Pierre Perret: "Les Jolies colonies de vacances"
  11. Philippe Lavil a Louis Chedid: "Sous le même soleil"
  12. Leo Blasen: "Lëtzebuerger Spezialitéiten"
  13. Paul Sontag: "Drénkt onse béier"
  14. Ulrich Roman Murtfeld: "Opening Piece from 'Glasworks' (Philip Glass)"
  15. Luciano Pagliarini & Brigade d'intervention musicale: "Industries: Requiem"
  16. Lëtzebuerger Theater: "Fréier wor alles besser"
  17. Albert Nerini: "Hei am schéine Lëtzebuerg"
  18. Moof: "Wat soll de ganze Schäiss"
  19. Tëschegas: "Industrielle Läichdéngscht"
  20. Luciano Pagliarini & Brigade d'intervention musicale: "Industries: Sägezahndach-Freerock"
  21. Jean-Michel Jarre- "Calypso, Pt. 1"