Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Akutagawa seng Obsessiounen

Een Thema, e Buch

Dem Akutagawa seng Obsessiounen

De Ryunosuke Akutagawa, deen sech 1927 am Alter vun nëmme 35 Joer d'Liewe geholl hat, war ee vun de wichtegste japanesche Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert. Den Englänner David Peace huet sech d'lescht Joer op d'Spuere vun deem duerch an duerch obsessive Kënschtler gemaach. D'Resultat war "Patient X. The Case-Book of Ryunosuke Akutagawa".

auto_stories

7 min

1950 koum dem japanesche Cineast Akira Kurosawa säi Meeschterwierk "Rashomon" eraus, d'Geschicht vun engem Mord erzielt aus véier verschiddene Perspektiven - déi vum Ermuerten abegraff. Inspiréiert hat sech de Kurosawa un zwou Kuerzgeschichte vum Schrëftsteller Ryunosuke Akutagawa: vun där enger, "Yabu No Naka" (Am Bësch), koum d'Geschicht vun engem ermuerte Samurai, vun där anerer Kuerzgeschicht, "Rashomon", gouf den Titel fir de Film bäibehalen.

1927, am Alter vun nëmme 35 Joer an op der Héicht vu senger literarescher Karriär, hat sech den Akutagawa duerch eng Iwwerdosis Schlofmëttel d'Liewe geholl. "How can we escape, except through faith, madness or death...", leet hien engem vu senge Personnagen an de Mond. Glawen, Wahnsinn, Doud: dee Saz sollt dem Schrëftsteller säi Liewe resuméieren...

Den Englänner David Peace, dee selwer zënter zwee Joerzéngten a Japan wunnt, huet dat Liewen d'lescht Joer op eng originell Manéier erzielt. "Patient X. The Case-Book of Ryunosuke Akutagawa" ass keng romancéiert Biographie am traditionelle Sënn, kee Roman, mee eng Sammlung vun 12 Geschichten - eng Referenz op dem Akutagawa säi Wierk, dat gréisstendeels aus Kuerzgeschichten - ongeféier 150 - besteet. De Ryunosuke Akutagawa gëlt a Japan als de Papp vun där Erzielform am 20. Joerhonnert - dee renomméiertste japanesche Literaturpräis ass iwwregens no him benannt.

Fragmentéierte Portrait

Grad ewéi déi sougenannte Fallbicher am angelsächsege Recht eenzel Geriicht-Affäre versammelen an analyséieren, setzt sech den David Peace mat fir hie wichtege Momenter vum Akutagawa sengem Liewen auserneen, beliicht seng Perséinlechkeet aus verschiddene Bléckwénkel, och alt emol via verschiddene Personnagen, variéiert d'Stiler: mol sinn et intimistesch Notte wéi aus engem Tagebuch oder aus Bréiwer, mol sinn et Reportage-ähnlech Beschreiwungen, déi den Akutagawa selwer fir eng Dageszeitung a China gemaach hat, mol ginn dem Schrëftsteller seng dacks vum japanesche Folklor gepräägte Kuerzgeschichte pastichéiert.

An enger vun de Kuerzgeschichten erzielt dem Akutagawa säi Mentor, de grousse Schrëftsteller Natsume Soseki eng skurril Anekdot, déi hie wärend sengem Openthalt an England soll erlieft hunn... Ënnert dem Stréch ergëtt "Patient X" ee komplext, fragmentéiert Bild vun engem Mann, deem säi gespléckte Charakter den Nouvellë vun engem Edgar Allan Poe, deen hie bewonnert hat, entsprécht:

"In all of Poe's tales, Ryunosuke felt the fragility of the mind, so easily, easily fragmented and torn, shattered and ripped into so many, many pieces."

Ee Mann, wéi an enger Këscht op enger Cabaret-Bühn, vum Zauberer an zwee geseet:

"The man you are, this man is you. The man who smokes Golden Bat, the man who smokes Shikishima, the man who abstains, the man who drinks, the man who is faithful, the man who cheats, the man who is a good father, the man who is a bad father, the man who is a good son, the man who is a bad son, the man from the East, the man of the West, the man who believes, the man who does not, the man who lies, the man who lies; this man, these men, these men are you, these men are me, these men are us."

Obsessiounen

De Ryunosuke Akutagawa ass nëmmen dee leschten aus enger Lëscht vun obsessive Perséinlechkeeten, déi den David Peace portraitéiert huet: wéi dës Hellewull u Polizisten a Journalisten, déi Enn de 70er-Uganks den 80er Joren am nord-englesche Yorkshire op der Sich no engem Serie-Mäerder waren, oder dem legendäre Bill Shankley, deen den FC Liverpool tëschent 1959 an 1974 trainéiert hat. Eng vum Akutagawa senge groussen Obsessioun, dat war virun allem emol d'Literatur, déi hien als Kand entdeckt hat - dat deemools ängschtlecht Kand hat an der Welt vun de Bicher Trouscht, eng Stäip fir d'Liewe fonnt:

"This is the start., the start of it all..." (...)

"Living characters, true heroes. These characters your friends, these heroes your teachers. They teach you bravery, they give you courage - Don't be scared, they shout. Be strong, Ryunosuke! Be strong...

So you read and you read. Page after page, page after page. You read and you read, on and on. Legend and tales, stories then novels. Book after book, on and on. You read and you read. Not afraid, not afraid. You read and you read." (...)

"We will guide you, Ryunosuke. We will help you..." (...)

"So many books, many more books. Inviting you, tempting you - Take us home, take us, please..."

Dem "Patient X" setzt den David Peace säi stilistescht Markenzeechen, dat een aus fréiere Romaner kennt, op, nämlech dës Passagë voller Widderhuelungen, déi sech wéi eng Litanei entwéckelen, an dem Akutagawa säin obsessive Charakter ausdrécken:

"In nineteen hundred and nineteen, in the eighth year of Taisho, I am waiting; waiting at the station in Nagasaki, for the train back to Tokyo, waiting on the train back to Tokyo, at the station back in Tokyo, waiting in the taxi back to Tabata, in the genkan of my house, waiting in the hallway, in the bathroom, in the bedroom, in the study, waiting at my desk, among my books, among my papers. I'm waiting, I am waiting; waiting to hear the wind through the reeds, waiting for the tide and waiting for the waves, waiting, just waiting, still waiting, always waiting, I'm waiting, I am waiting; waiting and longing, longing to feel the breath of God Himself..."

D'Obsessioun vum Kënschtler, dat Thema hat den Akutagawa an enger vu senge Kuerzgeschichten op de Punkt bruecht: ee Moler, deen déi buddhistesch Hell esou realistesch ewéi méiglech sollt duerstellen, huet seng eege Léierbouwe gefoltert fir ze gesinn, wéi Péng wierklech ausgesäit. Wéi de Kënschtler säin Här freet, fir kënnen eng schéi Fra verbrennen ze loossen, muss hie feststellen, datt hien domat - ouni et ze wëssen - seng eegen Duechter de Flame präisginn huet...

Wahnsinn

Obsessioun a Wahnsinn leien no beieneen. Den David Peace gräift d'Thema vum Doppelgänger op. "A Twice-Told Tale" erzielt vum Akutagawa a vun engem vu senge Personnagen, déi no eneen dat selwecht erliewen: d'Grenz tëschent Realitéit a Fiktioun verschwëmmt. Oder ass et Schizophrenie? Den Akutagawa huet eng panesch Angscht virun der psychescher Erkrankung, un där scho seng Mamm gelidden hat. Seng eege Gesondheet, souwuel physesch wéi och mental, degradéiert sech am Laf vum Buch, net eleng ënnert dem Androck vum schroen Äerdbiewen vun Tokyo 1923. Hie fänkt u mat halluzinéieren, gesäit Geeschter. Hie fillt sech wéi an engem Prisong, gefaange wéi an enger Struktur vu russesche Poppen:

"In my dream, that dream again, in a deserted, ruined and wasted garden, there is an iron castle with iron grilles on its narrow windows. Inside the iron castle, there is only one room. In the room, there is only one desk. At the desk, a creature who looks like me is writing in letters I cannot read a long poem about a creature who in another room is writing a poem about another creature who in another room is writing a poem. Yet still I try to read the words the creature is writing, but now it turns to look at me and shrieks, 'Quack! Quack...' "

Glawen

Kann de chrëschtleche Glawen dem Ryunosuke Akutagawa hëllefen, fir mat sengem Liewen eens ze ginn? D'Redemptioun gëtt ëmmer erëm am David Peace senge Wierker thematiséiert. Am "Patient X" beschäftegt sech den Akutagawa mat der Geschicht vun der Verfolgung vun de Katholiken a Japan. 1927 probéiert hien iwwert d'Liewe vum Jesus Christus ze schreiwen. Mee den Dout behält d'Iwwerhand. Nodeems hie schonn e puermol versicht hat, sech d'Liewen ze huelen, geléngt et him dann. De Suicide, d'Doudesursaach iwwregens vu vill grousse japanesche Schrëftsteller am 20. Joerhonnert, kënnegt sech zimlech fréi am "Patient X" un. Aus Respekt virum Keeser Meiji, deen 1912 stierft, hëlt sech de pensionéierte Generol Noga kuerz drop d'Liewen, zesumme mat senger Fra. Den Akutagawa ass faszinéiert...

An engem Bréif, deen hie 15 Joer drop, kuerz viru sengem eegene Suicide, senge Kanner hannerléisst, heescht et am éischte Punkt: "vergiesst net, datt d'Liewen ee Krich ass, deen zum Dout féiert." Véierte Punkt: "Sollt dir de Kampf vum Liewe verléieren, da sollt dir iech d'Liewen huele wéi äre Papp, fir datt dir domat anere Leed erspuert."