Radioen

On air

Espresso Beats  |  Suki Waterhouse - My Fun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Charel Muller seng lescht Saison

Escher Theater

Dem Charel Muller seng lescht Saison

Den Highlight vun der Saison 2017/2018 am Escher Theater dierft eng japanesch Produktioun vum Shakespeare Klassiker "The Tempest" sinn. Iwwer dësen ongewinnte Shakespeare ass de Charel Muller, Direkter vum Theater zu Esch sécher ganz zefridden. Véier Joer laang huet hien dru geschafft, fir dës Produktioun op Esch ze kréien.

auto_stories

3 min

An der neier Saison vum Theater zu Esch stinn nieft dem Shakespear op japanesch och d'Flüchtlingsthematik, Léift an dem Dante säin Inferno, gekoppelt un Ikone vun haut, um Programm.

De Charel Muller inzenéiert a senger leschter Saison a Koproduktioun mam Nationaltheater Sibiu dem Ingmar Bergman seng "Szenen einer Ehe" op däitsch. Den Direkter vum Escher Theater hat dëst Stéck virun iwwer zéng Joer schonn emol op franséisch inzenéiert an ass elo gespaant wéi et zanter hir evoluéiert huet.

Vun der Theaterbühn an d'Pensioun?

Dernieft sinn och eelef Danzproduktiounen an der neier Saison geplangt. Den Danz wier beim Publikum vill gefrot, seet de Charel Muller.

"A menger éischter Saison 2005/2006 hunn ech virsiichteg mam Danz ugefaangen an ëmmer méi huet sech dat erëm geschwat. Elo hu mer en ausgewuessene Public, deen déi Danzstécker kucke kënnt."

No der nächster Saison wiesselt de Charel Muller da vun der Theaterbühn an d'Pensioun, mä net direkt: Säin Dram ass et, mat sengem Successeur eng gemeinsam Programmatioun fir d'Saison 2018/19 ze maachen. Elo scho wier hien am gaange verschidde Stécker an Daten ze blockéieren. Da muss ee kucken, wéi et sech entwéckelt." Dem Charel Muller säin Dram dierft dann och Realitéit ginn, wéi de Escher Kulturschäffe Jean Tonnar annoncéiert huet.

"D'Annonce fir dem Charel Muller säi Successeur wäert e Samschden oder de Samschden drop an der Zeitung sinn. Dat gëtt ganz spannend, well do si vill Leit drun interesséiert. Säi Successeur wäert am Laf vun der Saison 2017/2018 ufänken. Déi Programmatioun, déi mer da fir déi Saison drop kréien, wäert eng 'Programmation mixte commune' sinn, vum Charel a sengem Successeur."

"Ech wollt Pionnéieraarbecht maachen"

Zanter iwwer zéng Joer ass de Charel Muller Direkter vum Escher Theater. Wéi hien ugefaangen hätt, wier hie mat engem "zimlech décke Rucksak" vu Stuttgart fortgaangen. "Ech hu mer gesot: Lo ginn ech heem an da maachen ech do Pionnéieraarbecht." An enger heterokliter Theaterlandschaft mat Amateuren, Hallef-Amateuren an Ex-Professionelle wier een zu Lëtzebuerg mat där Situatioun weltwäit praktesch eleng. De grousse Punkt wier erauszekréien, wat d'Qualitéit ausmécht.

"Do hu mer eis all déi Joren ëmmer erëm Méi ginn. Ech denken et ass mer gelongen, Esch nach méi op der europäescher Landkaart festzesetzen. Dat huet ënner anerem mat den Accueilen am Theater ze dinn, wou d'Truppen, déi optrieden, en héich modernen Theater erëmfannen. Nodeems mer den Theater renovéiert haten, koume vill Ufroen, fir hei kënnen ze spillen an awer och fir ze kreéieren."

Et wier vill erreecht ginn zu Esch am Theater, mä et géing awer och nach vill ze maache ginn. "Mä dat ass och den Defi an dat Schéint un eisem Metier."