Een Thema, e Buch Dem Drieu la Rochelle säin Europa

1928 hat de franséische Schrëftsteller Pierre Drieu la Rochelle, spéideren Nazi-Kollaborateur, säi Buch "Genève ou Moscou" verëffentlecht. Et war e Plaidoyer fir d'Vereenegt Staate vun Europa.

Michel Delage

Drieu la Rochelle
Editioun mat zwee Wierker vum Drieu la Rochelle

''Que le Capitalisme européen se fédère à Genève, mette dans la Société des Nations le principe d'une nouvelle organisation non pas seulement politique mais sociale, ou bien l'ombre de l'anarchie intérieure et extérieure, qu'elle laisse s'accumuler, se ramassera contre elle du côté de quelque Moscou apocalyptique.

Renoncez, Capitalistes, à la concurrence nationale et sociale, disciplinez-vous, courez à Genève, brûlez tout ce que vous avez adoré, ou alors dans de nouvelles crises économiques et dans de nouvelles guerres allumez un incendie que le vent de Moscou saura rendre suprême, où toute civilisation s'anéantira.''

Mat dëse Sätz hat de franséische Schrëftsteller Pierre Drieu la Rochelle 1928 säin Essai ''Genève ou Moscou'' ofgeschloss. Den deemools 35 Joer alen Drieu, Veteran vum Éischte Weltkrich, lancéiert hei en Appell géint den Nationalismus, géint d'Konsequenz dovun - de Krich - a fir d'Schafe vun de sougenannten ''Etats-Unis d'Europe''.

Paneuropa

Dës Iddi war zu deem Zäitpunkt net nei. Fënnef Joer virdrun hat de Baron Richard Coudenhove-Kalergi an engem Buch fir dat sougenannte ''Paneuropa'' plädéiert, mat ënner anerem dem Zesummeleeë vun der däitsch-franséischer Stol- a Kueleproduktioun. 1926 war zu Wien déi ''Paneuropäesch Beweegung'' an d'Liewe geruff ginn. Dat selwecht Joer waren déi franséisch an däitsch Bausseministeren Aristide Briand a Gustav Stresemann mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gi fir hir Beméiungen ëm Fridden tëschent hire respektive Länner. Enn den 20er Joren hat de Briand seng eege Pläng fir d'Vereenegt Staate vun Europa zu Genève, Sëtz vun der Société des Nations, der Virgänger-Organisatioun vun der UNO, duergeluecht.

Wat elo dem Pierre Drieu la Rochelle säi Virstouss aus haiteger Perspektiv esou besonnesch mécht ass, datt sech dee selwechte Mann kuerz Zäit drop, Mëtt den 30er Joren, dem faschistesche Parti populaire français vum Jacques Doriot ugeschloss hat an, no der däitscher Invasioun a Frankräich, als éischte wichtege franséischen Intellektuelle mat den Nazie kollaboréiert hat. De 15. Mäerz 1945, aus Angscht virun der Epuratioun, hat sech de Pierre Drieu la Rochelle, Auteur vu Romaner wéi ''La Comédie de Charleroi', ''Gilles'' oder ''Le Feu Follet'', d'Liewe geholl ...

Wéi ''Genève ou Moscou'' 1928 publizéiert gouf, hat den Drieu grad mat de Surrealisten, deenen hie sech fir eng kuerz Zäit ugeschloss hat, gebrach - mat hirem Bekenntnis zum Kommunismus konnt hien näischt ufänken. Gläichzäiteg war dat d'Enn vu senger Frëndschaft mam berühmte kommunistesche Schrëftsteller Louis Aragon. Mee och de Faschismus, deen sech ënner anerem an Italien etabléiert hat, war zu deem Zäitpunkt fir den Drieu la Rochelle nach net interessant:

''Une révolution, qu'elle quelle soit, fasciste, socialiste ou communiste, survenant en Occident, ne peut représenter pour moi une promesse de renouvellement, de rajeunissement profond, de grand avenir.

Je crois à la décadence de l'Occident, à la décadence de la planète, toutes les races ayant fourni leur effort - aucune race n'étant capable de produire un second effort. (...) Ceci dit, nous avons encore de la marge. Nous pouvons avoir une très belle vieillesse.''

Géint Nationalismus a Militarismus

De Pierre Drieu la Rochelle war, wéi vill aner Männer vu senger Generatioun, ganz staark vu sengen Erfarungen als Zaldot am Éischte Weltkrich gepräägt. Säi Pessimismus, seng Obsessioun vun der Dekadenz an - fir vill Literaturkritiker - seng Flucht no vir an de Faschismus an an d'Kollaboratioun komme vun do. Fir den Drieu, deen zweemol blesséiert gouf, war de Krich an den 20er Jore keng Optioun méi. Den Nationalismus an de Militarismus, souwuel vu lénks wéi vu riets, hu missten iwwerwonne ginn, d'Zeeche stoungen elo op Pazifismus:

''les patries ne font même plus de gestes, elles sont raidies, ce sont des cadavres, dressés en gloire sur des catafalques hérissés de canons. L'acier des canons, c'est la dernière solidité qui fasse illusion dans ce prestige, et c'est la suprême réalité.''

(...)

''Si les nations d'Europe se jettent encore les unes sur les autres, ce sera donc que la mort seule peut les débarrasser de leurs différences mortes. (...) Et il n'y aura que les touristes américains et japonais pour ce réjouir de ce nouveau pittoresque, de ces nouvelles ruines européennes.''

Inspiréiert vun der Geschichtsphilosophie vum Hegel an deem sengem Weltgeescht, war - an den Ae vum Drieu - souguer fir d'Iddi vun Heemecht keng Plaz méi:

''Le lieu n'est rien, ce n'est qu'un point de passage.

L'esprit ne s'arrêtera pas dans ce lieu qui n'a pas été son berceau, qui ne sera pas son tombeau. L'esprit va toujours : imitez l'esprit, si vous le pouvez. Saisissez-vous du pouvoir des métamorphoses.

Quittez une patrie temporelle qui n'est plus qu'un moule vide. (...)

L'idée de la France, la France éternelle, ne vous appartient pas plus désormais qu'aux Allemands ou aux Chinois. De même Weimar est à nous, aussi bien qu'Athènes ou Memphis.

Mais la nature vous ouvre la voie de votre libération, - de votre mort et de votre résurrection ; dans son irrésistible élan, elle vous entraîne à mourir comme Français, à renaître comme hommes.''

Europa als kapitalistesche Federalstaat

D'Konsequenz um politesche Plang war, fir de Pierre Drieu la Rochelle, d'Erriichte vun engem europäesche Federalstaat:

''L'Europe se fédérera ou elle se dévorera, ou elle sera dévorée.''

Dee Federalstaat huet awer nach misste mat politeschem Inhalt gefëllt ginn. An do war d'Alternativ: Kapitalismus oder Sozialismus respektiv Kommunismus? Den Drieu war een enthusiastesche Supporter weder vun deem engen, nach vun deem anere System. Fir hien, de Géigner vun der Modernitéit, waren se alle béid, hirem Wiesen no, enk matenee verbonnen, iwwer d'Demokratie - de Stalin war do eréischt an der Sowjetunioun un d'Muecht komm ... -, iwwer de Produktivismus, iwwer d'Maschinnen:

''Machinisme, égalitarisme sont les araignées qui tissent la toile de leurs noms cruels entre mes paupières. Je vois un horizon de barreaux de prison.

L'étouffement des désirs par la satisfaction des besoins, telle est la police parcimonieuse, l'économie sordide, découlant de la facilité dont nous accablent les machines, qui viendra à bout de nos races.''

De Kapitalismus war fir den Drieu dat klengst Iwwel:

''Je me raccroche au Capitalisme à cause du peu de confiance que je mets dans le pouvoir créateur qui pourra jaillir du désespoir et du désordre. Le prolétariat n'est qu'un mythe chaque jour plus affaibli : ce n'est que l'ombre pâle de la Bourgeoisie, elle-même assez exsangue.''

Vereenegt Staate vun Europa mat Sëtz zu Genève

De Kapitalismus, also, sollt d'Vereenegt Staate vun Europa prägen, gläichzäiteg sollt ee sech net vun Amerika, dat den Drieu och net gär hat, vereinnahme loossen. D'Europäer sollten hir eege Syntheese fannen, déi am Sëtz vun der Société des Nations an der Schwäiz hiren Zentrum sollt hunn:

''Je dis donc " Allons à Genève " (...) Et j'ajoute : " Allons à Genève, pour ne pas aller à Moscou " (...) Je crois que Moscou n'est que l'ombre de Genève, que le communisme n'est que l'ombre de la civilisation capitaliste ; c'est cette ombre de mort qui s'attache à tout être vivant et qui finit par assimiler cet être à son néant.'' (...)

''Peu importe que l'Europe que je propose est celle qui se fera, l'important c'est que je vous incite à penser en Européens.'' (...)

''Entre Calais et Nice, j'étouffe ; je voudrais m'allonger jusqu'à l'Oural. Mon cœur nourri de Goethe et de Dostoïevski filoute les douanes, trahit les drapeaux, se trompe de timbre-poste dans ses lettres d'amour. (...) Je veux être grand et achever le monument européen, pour la plus grande gloire du monde. Nous sommes 360 millions.''

An der Mediathéik:

Een Thema, e Buch / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

1979 zeitenwende bösch.jpg
Geschicht

Zéng Evenementer aus dem Joer 1979 hunn, fir den däitschen Historiker Frank Bösch, d'Welt vun haut op eng entscheedend Manéier gepräägt.

Yoko Ogawa - Zärtliche Klagen
Yoko Ogawa - Zärtliche Klagen

"Tendres plaintes" ass den éischten Deel vun enger Suite fir Cembalo vum franséische Komponist Jean-Philippe Rameau. D'Passioun, Jalousie an den Cembalo sinn d'Essenz vun der Yoko Ogawa hirem Roman.

Patient X 2.JPG
Een Thema, e Buch

An de Kuerzgeschichte vu "Patient X. The Case-Book of Ryunosuke Akutagawa" (Faber&Faber) geet den Englänner David Peace engem vun de wichtegste japanesche Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert op d'Spuer.

Julie Otsuka - Wovon wir träumten
Julie Otsuka - Wovon wir träumten

Japanesch Frae goufen am Ufank vum 20. Joerhonnert mat falschen Informatiounen a Verspriechen an d'USA gelackelt. D'Julie Otsuka beschreift a ganz besonnescher Form, wat si an der Realitéit erwaart huet.

IMG_2102.JPG
Een Thema, e Buch

Et ass d'Geschicht vun enger Revolt géint déi onmënschlech kapitalistesch Ausbeutung: dem Kobayashi Takiji säi proletaresche Klassiker "Le Bateau-usine" vun 1929 ass ëmmer nach héich-aktuell!

Programm

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen