Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fro an Äntwert

Miltgen am Neimënster

Fro an Äntwert

Wat huet d'Botzfra vum Neimënster mat Surfen ze doen? De Kënschtler Franck Miltgen sicht den Dialog. Op Plazen, déi Géigesätz, Spannung an Dynamik a sech droen. Wee sech Zäit hëlt, gëtt méi gewuer.

Kerstin Thalau / ys

auto_stories

4 min

©Franck Miltgen

Neimënster: Et war emol e Klouschter, e Prisong. Also eng Zort huis-clos. Haut ass et als Kulturzentrum eng oppe Plaz. Op d’Geschicht mat hire Géigesätz, op d’Spannungsverhältnisser an och op d’Geometrie an d'Luuchtawierkungen wollt de Franck Miltgen, Joergank 1981, agoen. D'Direktioun vum Neimënster war begeeschtert vum Kënschtler senger Aarbecht. No ville Gruppenausstellungen ass den 28. Januar Vernissage vu senger éischter Eenzelausstellung.

Call and Response

Hie schwätzt vun engem Fro-Äntwert Spill. "Call and Response ass jo och en Terme, deen s de an der Musek erëmfënns. Am Jazz zum Beispill. Ech hu mäi Memoire iwwer d'Zesummespill vu Konscht an Hip Hop gemaach. Iwwer Konscht am urbane Raum. Do hunn ech och op Saache reagéiert. Oder Reaktioune provozéiert." An dësem Fall hätt hie mat de Mëttele vun der abstrakter Molerei op d'Architektur vun der Abtei reagéiert.

Nach léiwer schwätzt de Franck Miltgen bei senger Aarbecht vu konkreter Molerei, well en op eng konkret Art a Weis mat Faarf, mat engem Support versicht, eppes ze schafen. Fir de verwëllefte Keller monochrom Pabeieraarbechten a mëttler Rucksakgréisst, déi hien no islamesche Musteren zerknautert an zerdruddelt, an op Chassisen op metalle Placken op d’Mauere gehaangen huet. Fir de Parvis eng opblosbar Struktur vu 14,4 Meter Duerchmiesser, déi d’Leit unzéie soll. Fir sech souzesoen an d’Faarf ze geheien.

D'Geschicht vum Surfen

Fir d’Agora huet de Franck Miltgen en 240 Quadratmeter risege Rideau geschaf. Plastiks Baatschen, déi hien um Computer entworf huet. Nodeems se geprint waren, huet de Kënschtler se gefaalt an drop gesprayt. D’Wierk deelt d’Agora a 4 Deeler. Et beweegt sech am Wand a léisst doduerch de Bléck vum Spectateur wanderen. Den Titel: "Rip". Wat ee mat "Rass" oder "Krauselwell" iwwersetze kann. "Dat ass eng speziell Form vu Stréimung. Dat ass, wann d'Wellen op de Strand drécken. Op deene Plazen, wou dat Waasser rëm muss zeréck an d'Mier zéien, do ass e Broch an der Barière vun de Wellen."

Dës Inspiratioun koum dem Franck Miltgen, well hien e leidenschaftleche Surfer ass. Och do géif et dëse Rapport zwëschent Zwee- an Dräidimensionalitéit ginn: "Wéi d'Waasseriwwerfläch op eemol an der Well raimlech gëtt. Awer och wéi d'Zäit sech extrem kompresséiert oder dilatéiert." Beim Surfe misst een heiansdo ganz laang op eng Well waarden. Wann ee bis drop wär, wär et no puer Sekonnen awer nees riwwer. Déi Zäit géif sech allerdéngs immens intensivéieren.

Wierker am Kräizgank ©Franck Miltgen

Konscht brauch Zäit

Och am Kräizgank an am Trapenhaus hänke lauter nei Wierker vum Franck Miltgen. "Fir mech definéiert Stil sech net duerch e repetitiivt Maachen, mee duerch eng Gedankebeweegung." Ee "Mouvement de la pensée" géif een am beschten erkennen, wann ee vill verschidden Aarbechte vun engem Kënschtler géif gesinn. "Am Moment hunn e e Wee fonnt, wou ech nëmmen nach Iddië fannen, déi ech kéint realiséieren. Mir feelt bëssen d'Zäit fir se all ze realiséieren."

De Kënschtler hofft, datt d’Leit net einfach séier laanschthuschen. Jee no Standpunkt verännert sech nämlech d’Perceptioun vun de Wierker. Mee dofir muss ee sech schonn Zäit huelen, an net just als Konschtkonsument ënnerwee sinn.

"Muss Konscht iwwerall am ëffentleche Raum sinn, oder net? Muss jidderee sech mat Konscht ausernee setzen, oder net? Ech gesinn et fir mech op verschiddenen Ebenen. Ech versichen déi éischt Ebene relativ einfach zougänglech ze maachen." Souguer d'Botzfra aus dem Neimënster wär begeeschter vum Rideau. Si géif dee gär bei sech doheem ophänken. Deen zweeten Niveau wär dann awer nei méi sou einfach zougänglech a géif méi een Engagement vum Betruechter verlaangen.