Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - The Time Is The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Monsieur Pilo säi Sammelsurium

Liewenskënschtler

Dem Monsieur Pilo säi Sammelsurium

Um Lampertsbierg existéiert ee Musée ouni genee Ëffnungszäiten, ouni Internetsäit, Café oder Ausstellungskatalog. Dofir guidéiert de Grënner vum “Petit Musée du Limpertsberg”, de Pilo Weiland, een héchstperséinlech duerch d’Ausstellungsraim. Also duerch seng véier Garagen.

auto_stories

5 min

Als "Konschtwierk" bezeechent de Pilo Weiland seng Sammlung.

Am Pilo Weiland senge véier Garagë fënnt een e bësse vun allem. "Alles wat ech fannen, wat mech usprécht a bei deem ech denken: 'dat dote kann eng Kéier eppes ginn'. An da gëtt et entweder eppes, oder et gëtt näischt".

De Pilo Weiland ass passionéierte Kënschtler a Sammler. Fir säi klenge Musée si Visiteurszuelen, statistesch Entwécklungen oder déi haut typesch kreativ Workshoppe niewesächlech. "Vun dausend Leit, déi laanscht ginn, kommen dräi eran. Zwou Fraen a ganz seelen emol Männer." D'Leit aus der Géigend wiere manner interesséiert wéi, zum Beispill, Touristen. Déi géingen dacks stoe bleiwen an era goen. Dobäi géingen interessant Begéinungen zustan kommen, erzielt de Pilo Weiland. Vum Tramper bis bei de Kënschtler.

Musée oder Konschtwierk?

Dag fir Dag falen dem Pilo Weiland nei fantastesch Geschichten a Verknëppungen tëscht Objeten an. D’Kombinatiounsméiglechkeeten a sengem Sammelsurium sinn onendlech. Hie wëll säin humorvollen, net onkriteschen an opmierksame Bléck mat de Visiteuren deelen. An däitlech maachen, datt een net alles esou unhuele muss oder soll, wéi et presentéiert gëtt.

Säi "Petit Musée" passt, dem Pilo Weiland no, a keng Kategorie. Dat Ganzt kéint een éischter als Installatioun, als Konschtwierk bezeechnen. Musée hätt hien dëst Konschtwierk genannt fir d'Leit z'interpelléieren, sou de (Liewens-)Kënschtler.

Net nëmme Konschtsammler

D'Iddi dozou wier entstanen, wéi hien eng Parkplaz fir säi behënnert Kand gebraucht. "Ech hunn eng Garage misse lounen. Well ech awer esou vill Saachen hunn, hunn ech gesot, ech stelle meng Saachen do eran." Zënter deem géingen him ëmmer erëm Objete fir a seng Kollektioun ugebuede ginn. Seng Sammelleidenschaft wier eng Saach vun Interessi, mengt de Pilo Weiland. "Wann s du eng Kéier deng Nues dra stéchs, da bass du verkaf."

Vill vun den Objeten fënnt de Pilo Weiland op Floumäert

De Pilo Weiland, Joergang 1955, huet eng Konschtausbildung an den Ateliers d’art contemporain zu Bréissel suivéiert. Hien huet seng Aarbechten zu Berlin an zu Lëtzebuerg ausgestallt. Zum Beispill am Espace Paragon oder am Salon vum Cercle artistique. Mol ënnert dem Titel “Monsieur Pilo”, mol als “Kollek-tief”: Tief wéi déif, also als Kollek-tief Marcel Broc-Arts, en Hommage un de belsche Kënschtler Marcel Broodthaers.

An den Ateliere vum Pilo Weiland fënnt een zum Beispill véier Poppen aus dem Kongo, déi e Stéck Geschicht erzielen: De belsche Kinnek Baudouin, d'Figure vun engem Geeschtlechen an engem Zaldot, "an de Lumumba oder de Mobutu. Mee d'Poppe sinn all Schwaarz." Dës Poppe krut de Pilo Weiland vun enger Fra aus der Belsch proposéiert. "Si krut se vu Leit, déi am Kongo waren. Si krut awer gesot, dat wier ze vill Politik fir d'Poppen esou ze weisen."

E Faibel fir afrikanesch Konscht

De Monsieur Pilo huet e Faibel fir traditionell afrikanesch Konscht, déi total onpretentiéis dohierkënnt. An déi sech awer duerch Elementer auszeechent, déi mir haut - éischter pretentiéis - als typesch zäitgenëssesch oder abstrakt bezeechnen. "Wien de Kënschtler ass, ass bei der afrikanescher Konscht net esou wichteg. Dat ass jo och dat Schéinst. Du hues ni eng Ënnerschrëft drop."

Wat fir eng Critèrë mussen Objeten erfëllen, fir am Petit Musée ausgestallt ze ginn? "Do ginn et der 100.000", äntwert de Pilo Weiland. Den Zoufall géing, zum Beispill, eng grouss Roll spillen. Fir de Pilo Weiland muss Konscht och eppes Permanentes sinn, et misst een dru bleiwen.

Och de Bommeleeër ass an der Kollektioun vertrueden

Vill vu sengen Objete fënnt hien zum Beispill op Floumäert. De Monsieur Pilo zitt de Verglach mat der Musek. "Ech hunn zum Beispill ni eppes vun Jazz kannt. Dat entwéckelt sech. Du muss drubleiwen, du muss kucken." Esou misst een och bei de Floumäert dru bleiwen, bis een dat Passend géing fannen.

Et kënnt fir, datt den Erfinder vum Petit Musée “out of office” ass. Fir dee Fall huet hien eng Schoultafel opgestallt, op där seng Telefonsnummer steet. "Et ass op wann ech Loscht hunn. Mee et kann ee mer uruffe wann e wëllt laanscht kommen."

Eng Stuff ewéi keng Aner

Ee vun de Raim ass just dem Personal, deemno dem Pilo Weiland, virbehalen. An deen ass am Wunnhaus vis-à-vis vun de Garagen. "Dat ass mäi Musée. Dat ass meng Stuff", seet dozou de "Mr." Pilo. Do kritt de Begrëff "déi gutt Stuff" direkt eng ganz nei Bedeitung.

En éischter däischtere Raum, voll gestoppt mat afrikanesche Skulpturen a Molereien, tëscht déi just nach vereenzelt europäesch Kënschtler passen. Wéi zum Beispill dem Pilo Weiland säi saarlännesche Coup de cœur, de Kulturjournalist, Fotograf a Kënschtler Jörg-Peter Bierach. Hie war am Summer 2014 dout fonnt ginn an de Monsieur Pilo keeft alles vun him, wat hien ze paake kritt. Net nëmme well hien e Fan ass, mee och well et den Ament nach ze bezuele wier.

Verschidde Lëtzebuerger hunn et awer och bis an de Salon gepackt, zum Beispill de Moler Will Kessler. "Dee war am Kongo. Et ass deen eenzege Lëtzebuerger Orientalist, dee mir je haten, an hien ass bekannt fir seng afrikanesch Fra."


Dem Mr. Pilo säi Petit Musée du Limpertsberg fannt Dir 17 rue Henri VII um Lampertsbierg. A fir sécher ze goen, datt de Mr.Pilo doheem ass, wielt de 691 132 994.

Den Zweeten Deel vum Kerstin a Cléo hirer Renconter mam Monsieur Pilo.play_arrow