Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Quartett Nr.9, "Non ti fidar, o misera", aus 'Don Giovanni, K.527' (Oper) - Schultz (S.), Pati (T.), Easthope (S.), Johnson (Bar.), KAP, Manacorda (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Nikos Zompolas seng Vue vu Lëtzebuerg

Fotographie

Dem Nikos Zompolas seng Vue vu Lëtzebuerg

Zanter 13 Joer lieft den Nikos Zompolas mat senger Famill zu Lëtzebuerg. Nieft sengem Alldagsjob hëlt hie sech vill Zäit fir d'Fotografie. Dës Passioun begleet hien zanter senger Jugend. Mëttlerweil huet hie seng Klischeeën zu Berlin, an Irland, an Australien, ma och zu Lëtzebuerg, zum Beispill um "Street Photography Festival" an de Rotonden, gewisen. Den Owend stellt hie säin neit Fotobuch "Luxembourg Volume ll" an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg vir.

auto_stories

2 min

Den Nikos Zompolas weess, datt een näischt forcéiere kann. Grad esou wéi e Fëscher, déi seng Aangel gedëlleg an d'Waasser zappt, waart de Fotograf op den interessanten Ament, dorop, datt d'Situatioun kippt. Heiansdo muss ee sech jo och just 2,5cm deplacéieren, fir en décke Fësch um Krop, respektiv eng interessant Perspektive virun der Lëns ze hunn. Dem Zompolas sinn zu Lëtzebuerg bosseg Bushaisercher, Schantercher, Hausfassade mat Gelänneren iwwert deene retro Buedzëmmerteppecher gedréchent hunn, opgefall.

Mir sinn all iergendwéi d'selwecht

D'Fotobuch "Luxembourg Volume ll" huet näischt méi mam viregte Projet "same trailer, different park" ze dinn. Den Titel hat den Nikos Zompolas bei der Country-Sängerin Kacey Musgraves geléint, déi mat hiren Texter ausdrécke wollt, datt mir zwar all enzwousch anescht liewen, an awer iergendwéi d'selwecht sinn.

Am Zompolas senger Streetphotography-Série waren zum Beispill jugendlech Skater op der Skaterpist am Gronn ze gesinn. Fir de Fotograf hätt d'Bild och zum Beispill a Südafrika entstoe kënnen.

Vu datt hie sech laang mat senge Sujete beschäftegt, changéiert den Nikos Zompolas ëmmer nees seng Approche, de Projet, a vu datt en am allgemengen e grousse Frënd vu Konscht ass, haaptsächlech vun Theater a Peinture, wollt en a säi Fotobuch eng 2. Disziplin mat eranhuelen.

Lëtzebuergesch Literatur als Afloss

Den Nikos Zompolos huet sech an déi lëtzebuergesch Literatur erageknéit, huet de Ian De Toffoli dofir gewanne kënnen, fir dräi kuerz Märercher par Rapport zu senge Fotoen ze schreiwen, huet vun aneren, wéi zum Beispill de Gilles Ortlieb, Kontributioune gesammelt. Besonneg beandrockt huet hien zum Beispill den Zweezeiler "Giele Botter vum Nico Helminger.

"Le Luxembourg comme théâtre de forme" ass dem Fotograf Jean-Christophe Béchet säin Artikel iwwer dem Zompolas seng Fotografie am Buch "Luxembourg Volume ll" iwwerschriwwen; an engem textlechen Echange mam Fotografekolleg Paulo Lobo entsteet eng Diskussioun doriwwer, ob Fotografie tatsächlech ëmmer och politesch ass.

Fir den Nikos Zompolas ass se dat: si hätt eng Valeur, soss wier se net interessant. Ma fir de Projet "Luxembourg Volume ll" hat hien um Enn awer zousätzlech nach en anert Zil.