Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dementia, you sock"

Fundamental Monodrama Festival

"Dementia, you sock"

"Dementia, you sock" ass en Erzielnomëtteg am Kader vum Fundamental Monodrama Festival, e Spektakel vun der Milla Trausch. De leschten Donneschdeg Mëtteg ass dës Kollektioun vun Erzielungen op lëtzebuergesch an der Banannefabrik fabrizéiert ginn, en Erliefnis wat d'Nathalie Bender markéiert huet.

auto_stories

2 min

Et ass am Liewe vill ze dacks esou, datt ee vun engem Rendez-vous op deen nächsten hetzt, vu lauter Iddien an Noutwendegkeeten, déi een nach op senger Lëscht huet a wëll ofschléisse guer net mierkt datt een eppes Grondleeëndes aus dem Fokus verléiert: d'Fro nom Liewen.

Ganz einfach, awer vläicht och dofir ëmsou méi schwéier. Wat ass et, wat eis wierklech erfëllt? Souvill wéi méiglech Succès, materiell Uschafungen, Likes op de sozialen Netzwierker, a wat net nach alles? Oder mécht dat eis um Enn alles nëmme midd, an eidel?

Wat ass wierklech wichteg?

De leschten Donneschdeg sinn ech nomëttes kuerz virun hallwer dräi an den agreabele Schiet vun der Banannefabrik gaangen, an der Entrée eng kleng Grupp eeler Leit, ganz douce Musek vum Martin Engler a Ralph Hufenus hunn d'Zeenerie ënnermoolt. D'Milla Trausch, déi sech mat de Leit ënnerhalen an e bëssen nervös geschéngt huet: awer eng entspaant Rou, déi am Raum spierbar war.

Kuerz no hallwer dräi du war jiddwereen, vun deenen eelere Leit iwwer jonk Eltere mat Kand bis bei all aner Spectateure vun "Dementia you Sock" am schwaarzen Theatersall installéiert, am Hallefkrees ronderëm eng wéi zoufälleg zesummegewierfelt Bühn.

Eng Rees duerch Fantasie a Poesie

Dementia you sock, vun a mat der Milla Trausch ass de leschten Donneschdeg an der Banannefabrik am Kader vum Fundamental Monodrama Festival zustane komm an huet jonk an al zesummen duerch eng Welt vu Fantasie a Poesie gefouert, déi een eigentlech vill méi dacks sollt erliewen.

D'Produktioun gouf méiglech gemaach vun Fudamental, MIL asbl, Theater traverse asbl an der ALA, an och wann de Fundamental Monodrama Festival mam Wolfram Koch an "Ich bin's deine Mutter" ofgeschloss gouf, deen nächste Fundamental Monodrama Festival kënnt bestëmmt.