Radioen

On air

One World  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Kulturzeen misst ee Minister gemoolt kréien"

Récktrëtt Maggy Nagel

"D'Kulturzeen misst ee Minister gemoolt kréien"

D'Demissioun vun der Kultur- a Logementsministesch Maggy Nagel war keng Iwwerraschung. Mee d'Talent vun engem Kulturminister sollt een net just u senger Popularitéit an der Kulturzeen moossen, mengt Jean-Claude Majerus.

auto_stories

4 min

D’Kultur-a Logementsministesch Maggy Nagel huet d'Handduch gehäit. Dat war keng Iwwerraschung. An och, datt de Marc Hansen elo vum Staatssekretär am Logement zum Minister avancéiert, huet net fir vill Diskussioune gesuergt. D’Fro war: Wien iwwerhëlt der Maggy Nagel hir Plaz am Kulturministère? Ganz séier gouf den Numm vum Munnerefer Deputé-Maire Lex Delles genannt. Mee do haten de Staatsminister Xavier Bettel a seng Regierungskollegen awer d’Rechnung ouni der Wiert gemaach. Dem Lex Delles seng Äntwert war: Nee!

Do koum den onerwaarten Ament: De Guy Arendt, Deputé-Maire vu Walfer gëtt Staatssekretär an der Kultur. An engems gëtt de Kulturressort Chefsaach. De Xavier Bettel iwwerhëlt nieft sengen aktuellen Attributiounen och de Poste vum Kulturminister.

Präzedenzfall Modert

Et gouf schonn emol eng ähnlech Situatioun an enger CSV-LSAP-Regierung. Do war de Francois Biltgen wuel Kulturminister, mee d’Octavie Modert stoung him als Staatssekretärin zur Säit. Dat gouf awer deemools kritiséiert, och vum Kulturmilieu. An et goufe Froe gestallt: Brauch d’Kultur eng Staatssekretärin? Firwat féiert net ee richtege Minister de Ressort? Ass d’Kultur net "ministrabel"? Mat där Demarche - huet et deemools geheescht - géif ee jo gesinn, wat d’Kultur fir d’Regierung bedeit. Dono gouf Remedur geschaf, an aus der Staatssekretärin gouf d’Kulturministesch Octavie Modert. An elo dann nees e Schratt zeréck, oder?

De Guy Arendt selwer seet, hien hätt wéinst de Walfer Bicherdeeg scho Kontakt zur Kultur gehat. Ob dat duer geet, sief emol dohinner gestallt. Nieft de Personalien ass et méi wichteg, sech e puer Froen ze stellen. Am Sënn vun: Wéi eng Kultur wëlle mer iwwerhaapt zu Lëtzebuerg? Wéi vill Kultur wëlle mer zu Lëtzebuerg? Wëlle mer eis kulturell nëmmen op engem groussregionalen, europäeschen an internationale Plang bewegen? No bausse weise wat mer alles hunn a kënnen (oder mengen ze kënnen)? A wat mer alles vu prestigiéise Kënschtler op Lëtzebuerg kréien? Well mat Sue geet jo alles. Brauche mir eng elitär Kultur? Oder soll een net erëm dohinner goen, Kultur fir jiddereen ze realiséieren. Kultur fir unzepaken.

D’Politik géif och emol gutt doen, d’Kultur einfach ze bremsen, besonnesch um kommunalen Niveau. Fir datt et emol endlech ophält, datt all Buergermeeschter sech a senger Gemeng säin eegene Kulturtempel baue léisst. An dann och nach eng Programmatioun wëll, an da lamentéiert gëtt well kee Mënsch kënnt, an een d’Enner net beienee kritt. Et ass dach besser bestehend Architektur ze notzen an ze renovéieren, wéi ëmmer alles nei ze bauen.

Manner Kultur = méi Kultur?

Mat där gewalteger kultureller Offer déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, froen ech mech, ob an deem Fall net den Ausdrock ka gëllen: Manner wär méi! Kulturminister oder Kulturstaatssekretär hei zu Lëtzebuerg ze sinn, ass net deen einfachste Job. Well d’Kulturzeen ass am Fong mat kengem zefridden. Jo, d’Kulturzeen misst e Kulturminister gemoolt kréien: Eng Persoun déi mam Kapp "Jo" wénkt an de Beidel ophält.

Well wann e Kulturminister, wéi de Fall vun der fréierer Ministesch Maggy Nagel et gewisen huet, an der Affär vun de Konventiounen eng onpopulär awer richteg Décisioun hëlt, da léisst Kulturzeen d’Läpper hänken. Et verzitt ee sech wéi e geschloen Hond, amplaz opzestoen an sech ze wieren. De Problem bei der Maggy Nagel, war nieft hirem deels onglécklechen Optrieden och, datt de Kulturministère net besonnesch staark a senger Kommunikatioun war. Doduerch ass Villes net optimal gelaf. Een neie Responsabelen am Kulturministère geet sécher net duer, fir dat ze änneren. Do misst scho méi wäit gekuckt a reagéiert ginn, fir d'Kulturschëff nees un d’Schwammen ze kréien.

An dann um Enn nach dës Iwwerleeung: An enger Zäit, wou vill iwwer Chancëgläichheet a Quoten diskutéiert a polemiséiert gëtt, ass et sécher net onbedéngt e glécklecht Signal, eng Fra an der Regierung duerch e Mann ze ersetzen. Domadder sëtzt ee sech fräiwëlleg a Brennnesselen.