Radioen

On air

De Moien  |  The Lemon Twigs - How Can I Love Her More?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 200 Joer Charlotte Brontë

Literatur

200 Joer Charlotte Brontë

Virun 200 Joer koum déi britesch Schrëftstellerin Charlotte Brontë zu Thornton op d’Welt. Déi jonk Fra ass virun allem wéinst hirem Buch Jane Eyre bekannt. Mat hiren emanzipéierten Texter huet d’Charlotte Brontë déi britesch Literaturwelt am 19. Joerhonnert op d’Kopp gehäit.

auto_stories

6 min

An dësem Haus an engleschen Haworth huet d'Famill Brontë gewunnt (©Bigstock)

Am Kader vun de Festivitéite fir der Charlotte Brontë hirem 200. Anniversaire huet d’National Portait Gallery zu London der britescher Schrëftstellerin e ganze Raum dediéiert. Hei ass den eenzege Portrait vun der Autorin mat hire Schwësteren, dem Charlotte, dem Emily an dem Anne Brontë, ze gesinn. Hire Brudder Bramwell hat d’Bild 1834 gemoolt.

An der klenger Galerie vun der National Portrait Gallery kann een ënner anerem der Charlotte Brontë hir Schong gesinn, an eng ganz Rei Portraite vu Leit déi si kannt huet.

Passioun fir Portraitsmolerei

​Allerdéngs beschäftegt d’Ausstellung sech nieft der Charlotte Brontë hirem Talent fir d'Schreiwe mat hirem Interessi fir d'Portraitsmolerei. "Mir weisen e wonnerschéine Portrait vum Anne, deen d'Charlotte selwer gemoolt huet," erkläert d'Ruth Brimacombe, Curatrice vun der Kollektioun vum 19. Joerhonnert an der National Portrait Gallery zu London.

D'Charlotte Brontë hätt souguer envisagéiert, sech ganz der Miniatur-Portraitsmolerei ze widmen. "Dat war ier si Jane Eyre geschaf huet. Mat deem huet si dunn awer hire Wee als Schrëftstellerin ageschloen."​

Trotz Kritik grousse Succès

Jane Eyre ass e Buch iwwert eng daper Fra mat individualisteschen Tendenzen. D’Charlotte Brontë huet Groussbritannien mat dësem Roman an Onrou bruecht. De Publizist war der Meenung, datt et net ubruecht wier, Bicher vun enger Schrëftstellerin, vun enger Fra, ze publizéieren. Dofir gouf d'Wierk ënnert dem männleche Pseudonym "Currer Bell" verëffentlecht. Trotz der Kritik wéi d’Gesellschaft aarm Frae behandelt, hat d’Buch grousse Succès. Zeg mol ass de Roman fir de Film an den Theater adaptéiert ginn.

"D'Charlotte Brontë huet zäitlos Heldinne geschaf, mat deenen d'Leit sech nach ëmmer identifizéiere kënnen," schwäermt d'Ruth Brimacombe. Wéinst deene ganz bildleche Qualitéite vun hiren Texter géife si sech gutt fir Verfilmungen eegenen. An déi vill gutt Schauspillerinnen, déi d'Jane Eyre incarnéiert hätten, hätten dofir gesuergt, datt si an der Imaginatioun vun de Leit weider bestoe bléif.

Charlotte Brontë op Visite zu London

Och de Sir John Soan Musée beschäftegt sech am Moment mat der Charlotte Brontë. Hei ginn hir regelméisseg Visitten op London thematiséiert. Am klenge Guide, deen d’Schrëftstellerin bei hire Visite bei sech hat, gëtt de Musée nämlech ernimmt. D’Kënschtlerin Charlotte Cory huet d’Ausstellung organiséiert. De Musée wier déi eenzeg Plaz zu London, déi nach genee sou wär, wéi zu deem Zäitpunkt wou d'Schrëftstellerin se besicht huet. "Wéi de Sir John Soane säin Haus un d'Natioun ginn hat, war et ënnert der Konditioun, datt näischt dierft dru geännert ginn."

An der klenger Ausstellung am Soane Museum kann een ënner anerem der Charlotte Brontë hire bloe Rack gesinn, dee si unhat fir sech mat hirem Publizist ze treffen. Donieft sinn och kleng Skizze vun der Anne Brontë ze gesinn, op deene si hier zwou Schwësteren, Emily a Charlotte, veréiwegt huet.

"Enttäuscht iwwer d'Iwwerflächlechkeet vun der Gesellschaft"

Duerch déi zwou Ausstellunge kritt ee méi e groussen Abléck an d’Liewe vun der Charlotte Brontë, an an hir rebellesch Perséinlechkeet. "Si war ganz eegesënneg. Wéi si zu London war, wousst si ganz genee wat si wollt maachen, wee si wollt besichen," erzielt d'Charlotte Cory. "Ech menge si war zu déifst enttäuscht iwwert déi Leit, deene si begéint ass, an d'Iwwerflächlechkeet vun der Gesellschaft."

A Groussbritannien ass net just 2016 e "Brontë-Joer". D’nächst Joer ass et den 200. Anniversaire vum hirem Brudder Branwell. 2018 ass et dann um der Emily Brontë, der Autorin vu Wuthering Heights, an d’Joer drop um Anne.