Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Abdulrazak Gurnah gouf mam Literaturnobelpräis 2021 ausgezeechent

Portrait

Den Abdulrazak Gurnah gouf mam Literaturnobelpräis 2021 ausgezeechent

Abdulrazak Gurnah heescht de Laureat vum Literaturnobelpräis 2021. Den Nobelpräiscomité huet den 73-järege Schrëftsteller, deen a Groussbritannien lieft, ausgezeechent fir seng empathesch Narratioun, déi ouni Kompromësser ass, iwwer d'Auswierkunge vum Kolonialismus a dem Schicksal vu Flüchtlingen tëschent verschiddene Kulturen a Kontinenter.

auto_stories

3 min

Wann een dem Abdulrazak Gurnah seng Bicher an enger franséischer oder däitscher Iwwersetzung liese wëllt, da muss ee sech wuel elo nach e bësse gedëllegen.

Zéng Romaner huet den Auteur op englesch geschriwwen, dovu sinn der dräi op Däitsch a fënnef op franséisch iwwersat ginn, déi meescht dovun awer vergraff, mee do wäerten elo Neioploen a weider Iwwersetzungen net op sech waarde loossen.

Vu Tansania a Groussbritannien

Wien ass den Abdulrazak Gurnah iwwerhaapt? Wat een esou iwwer hie liest, schéngt et sech ëm e ganz bescheidenen, zeréckhalende Mënsch ze handelen, dee sech selwer mol net als Schrëftsteller bezeechne wëllt.

De Gurnah ass am Alter vun 18 Joer aus sengem Heemechtsland Tansania geflücht a mat 21 Joer huet hien ugefaangen ze schreiwen - op englesch. Et ass a Groussbritannien, wou hie studéiert huet a mat kuerzen Ënnerbriechungen op der University of Kent als Professer geschafft huet, bis zu senger Pensioun.

Refugiéen a Postkolonialismus am Mëttelpunkt

Postkoloniaalt Schreiwe war säi akademescht Gebitt an de Kolonialismus an d'Auswierkunge vun dësem sinn och Sujete vu senge Wierker. Dat bekanntste Wierk vun him dierft de Roman "Paradise" sinn, deen 1994 fir de Booker-Prize nominéiert war.

An dësem Roman geet et ëm en 12-järge Jong, dee vu sengen Elteren als Sklav verkaf gëtt, well de Papp ze vill Scholden huet an déi ofbezuele muss. Et ass den Ufank vum 20. Joerhonnert an den éischte Weltkrich steet virun der Dier, deen och Ostafrika erreecht.

A weidere Romaner schreift de Gurnah Geschichten iwwer schwiereg Léiften tëschent Mënsche mat ënnerschiddlechen Hautfaarwen, Reliounen, Originnen, esou am Roman "Desertion", wou e Bou gespaant gëtt vum Kolonialismus bis zu der Onofhängegkeet vun ostafrikanesche Staaten. Protagoniste si Geschwëster, déi all Tumulter a Changementer vu politescher wéi emotionaler Bedeitung materliewen.

Refugié sinn - dat huet den Abdulrazak Gurnah um eege Leif erlieft, wat dann och de Sujet a senger Literatur ass, zum Beispill am Roman "By the Sea", wou e jonke Mann aus Sansibar mat gefälschte Pabeieren um Flughafen zu London lant. Et ass eng Geschicht, déi hei erzielt gëtt, awer och d'Geschicht vun Afrika, an déi kollektiv Memoire ass de Schwéierpunkt vun dësem Wierk.

Eng Ausernanersetzung mat Afrika

En Auteur, dee bei eis an an eisen Nopeschlänner weider net bekannt ass, mee dat wäert sech mat dësem Präis wuel änneren.

Et ass gewëss och eng politesch Decisioun vum schwedesche Comité, deen dëse Choix getraff huet. Eng literaresch Ausenanersetzung mat Afrika vun haut a vu gëschter kéint vläicht deem Engem oder Aneren eng méi oppen an aner Vue op d'Situatioun vu Refugiéen erlaben.