Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zolitt Referenzen, staark Technik

Craig Hanna am MNHA

Zolitt Referenzen, staark Technik

Enn 2015 huet de Musée national d’art et d’histoire mat "Arrangement of Dancers" e wichtegt Wierk vum H. Craig Hanna a senger Sammlung opgeholl. Am Kader vun dësem Neizougang, huet de Staatsmusée eng éischt Retrospektiv vum amerikanesche Moler produzéiert, a wéisst zanter Ufank Mäerz eng 50 Wierker aus deene leschte 15 Joer vum Moler senger Schaffensphase.

auto_stories

6 min

Craig Hanna am MNHA: "Besiess dovun Moler wéi de Velazquez, Rubens oder Van Dyck ze verstoen" (© MNHA / Laurence Esnol Gallery)

Dem Craig Hanna säin "Arrangement of Dancers" ass ee monumentalen Tableau. Zwee op dräi Meter ass e grouss, et geet eng speziell Kraaft dovun aus. Den Tableau, dee säit 2015 der Kollektioun vum Staatsmusée ugehéiert, weist op den éischte Bléck d’Wichtegkeet déi den Auteur vum Tableau der Kompositioun, an dem Traitement vun de mënschleche Proportiounen zougesteet. Sechs Männer a Fraen beweegen sech duerch e Raum deen just duerch e puer Linnen ugedeit ass. Wann d’Bild och realistesch gemoolt ass, bleiwen déi 6 Personnagen dach immens geheimnisvoll a verroden kaum eppes iwwert dat wat grad mat hinne geschitt. 

​D'Kraaft déi dem Hanna säi bal scho majestäteschen Tableau ausstraalt, entsteet engersäits duerch säin immenst Wëssen vun der Konschtgeschicht, an anerersäits duerch eng ganz eegen Technik déi de Moler am Laf vun de Joeren selwer entwéckelt huet. "Ech schaffe scho laang mat traditionellen Techniken: Ueleg op Toile oder Holz. Mee aus iergendengem Grond huet dat fir mech op eemol net méi zäitgenëssesch ausgesinn. Ech hunn dunn ugefaang ze experimentéieren an sinn op d'Plexiglas gestouss. Ech hu erausfonnt,datt ech mat Wuessstëfter an Tënt kéint drop molen, dann ëmdréinen an de Géigendeel rëmfanne vun deem wat vir drop ass", sou den amerikanesche Kënschtler am Interview.

Inspiréiert un der europäescher Molerei

Wat de konschthistoresche Volet ugeet, wërft den Hanna virun allem mat senge Portraiten een neien a moderne Bléck op déi europäesch Molerei, a bidd dem Spectateur nei Facette vun der zäitgenëssescher, figurativer Molerei. Den Amerikaner inspiréiert sech, wéi hien erkläert, un der ganzer Panoplie déi déi europäesch Molerei hiergëtt. Op et sech ëm d’Moler aus der italienescher Renaissance handelt, deenen hier Zeechekonscht hien fréi dozou animéiert huet, seng eege moleresch Fähegkeeten ze entwéckelen an ze verbesseren, oder ob et de Moler aus der Wiener Sezession hiert Observatiounstalent ass, oder awer och nach dem Egon Schiele seng Art a Weis kierperlech Uspanungen duerzestellen, all hunn se iergendwéi eng Influenze op dem Hanna seng Molerei.

"Wéi ech ugefaang hunn mat der Uelechmolerei war ech dovu besiess Moler wéi de Velázquez, Rubens oder Van Dyck ze verstoen, well dat war deemools fir mech dat Bescht wat moltechnesch dra war. Ganz onerwaart hunn ech dunn de Kokoschka an e Schiele kennegeléiert, an hu sou gemierkt, datt et nach aner Aspekter gëtt déi ee gutt Bild ausmaachen, ofgesi vun enger perfekter Technik", sou den Hanna.

Beandrockt vum Joseph Kutter

Och an "Arrangement of Dancers" si ganz kloer Influenzen vum Diego Velázquez, dem Eugène Delacroix  oder dem Egon Schiele ze spieren. E weidere Kënschtler deen den Hanna besonnesch beandrockt, ass den Paul Cézanne, deen hien och a verschiddenen Tableau’en vum Joseph Kutter, deen och zur Zäit um Fëschmaart gewise gëtt, erëmerkannt huet.

Den Amerikaner war beandrockt vum Lëtzebuerger Moler, wou hien séng Biller déi alleréischte Kéier entdeckt huet : "Et ass immens ee Moler wéi de Kutter ze gesinn, deen esou ee staarken akademeschen Hannergrond huet. Ech hunn och grousse Respekt viru Moler déi sou mole kënnen. Wann ech seng Landschafte kucken, gesinn ech datt hien och vun deem beaflosst ginn ass, wat zu senger Zäit produzéiert ginn ass".

Biographie

1967 am Ohio gebuer, stécht den Hanna an der zäitgenösseger Konschtwelt duerch säi staarke Wëllen ervir, sech quasi exklusiv der figurativer Molerei ze widmen. An de fréie 1990er plënnert den jonke Moler op New York, wou en nieft sengem Job als Model, op der Syracuse University studéiert ier hie säi Master op der School of Visual Arts ofschléisst. 1998 gëtt hie schliesslech op der renomméierter New York Academy of Figurative Art diploméiert. Kuerz duerno zitt et hien op London, wou en senger haideger Galeristin, dem Laurence Esnol vu Paräis begéint.

Wou séng Zäitgenossen, wéi hien selwer seet, sech éischter der konzeptueller Konscht oder der Fotografie zougewandt hunn, huet hie säi Sujet mat der figurativer Molerei fonnt a bleift dësem, wéi déi aktuell Ausstellung vum amerikaneschen Kënschtler däitlech weist, absolut trei. 

H. Craig Hanna: bis den 26.06.2016 am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA) um Fëschmaart an der Stad.