Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit

Ausstellung

Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit

De Moler, Sculpteur a Videokënschtler Anri Sala koum 1974 an Albanien op d'Welt. Hie war tëschent 1992 an 1996 op der Konschtakademie an der Haaptstad Tirana, ass 1996 a Frankräich emigréiert an huet zu Paräis an zu Tourcoing Video studéiert. Mëttlerweil lieft hien zu Berlin a kuckt op 20 Joer erfollegräicht Konschtschafen zeréck. A sengem Wierk verbënnt hien individuell a kollektiv Geschicht, gesellschaftspolitesch Themen a Poesie.

auto_stories

4 min

"Et ginn ënnerschiddlech Approchen: do si Kënschtler, déi konstruéiere sech ronderëm dat, wat se sinn, wou si sech erëm erkennen; ech konstruéiere mech ronderëm dat, wat ech nach net sinn, wat ech nach net verstanen, kontrolléiert oder verschafft hunn."

D'Resultat dovunner ass am Konschtmilieu quasi vun ufanks un op oppen Aen gestouss. 1999 war säin Héichschoul-Ofschloss-Film "Intervista" scho fir den albanesche Pavillon op der Biennale zu Venedeg selektionéiert ginn.

An enger Zort Konschtdocumentaire a schwaarzwäiss hat den Anri Sala seng Mamm mat ale Filmopnamen konfrontéiert, an deene si parteitrei Aussoen zu Sozialismus a Revolutioun mécht. Si weist sech éierlech entsat, ka bal net gleewen, wéi fern- respektiv friemgesteiert, -gestéiert, si war. Mat e Grond firwat de Fils vun do un a senger Konscht quasi op Language verzicht an der Musek d'Haaptroll gëtt. Mat där ass dach awer och monter manipuléiert ginn:

"All Form vu Kommunikatioun ass dofir ufälleg, vu politesche Regimmen zum Beispill, fir ondemokratesch Approchen, mëssbraucht ze ginn. Allerdéngs ass d'Sprooch méi ufälleg fir kontrolléiert ze ginn, well se méi explizit ass. D'Musek gëtt eventuell benotzt, mee si ka manner kontrolléiert ginn, well se méi implizit ass."

Kee Vertrauen an d'Sprooch a gëtt awer Interviewen? Tant mieux! Zweemol sinn Aarbechte vum Anri Sala am Casino gewise ginn, 2006 an 2007; Zweemol huet de Kënschtler seng Presenz fir de Vernissage missen ofsoen. Hien huet u Projete fir de Moma zu Manhattan an de Moca zu Miami gekniwwelt.

Keng Zäit fir ze schlofen

A mir haten dach esouvill Froen, zum Beispill zum Video "Uomoduomo". De "Mann am Doum" war en SDF, deen an der Mailänner Kathedral agenäipt war, deen also am Haus vu Gott Schutz gesicht huet a sech an engems total exposéiert huet. De Schléifer: an der Relioun laang Zäit Symbol fir en Ongleewegen.

Den Anri Sala hat dogéint keng Zäit fir ze schlofen: hien ass fir eng Eenzelausstellung an de Paräisser Centre Pompidou invitéiert ginn, op d'Biennale vu Sao Paulo, op d'dOCUMENTA zu Kassel, an 2013 wollt Frankräich hien als Representant op der Biennale zu Venedeg. Fir de 50. Joresdag vum Elysée-Vertrag hate bei der Editioun Frankräich an Däitschland d'Pavillone getosch, esou datt den Anri Sala am däitschen ausgestallt huet.

"Dat war fir mech e ganz wichtegt Element. Haut gëtt Europa nees manner als eng Selbstverständlechkeet gesinn; deemools war den däitsch-franséischen Echange fir de Public allerdéngs just en einfachen Tausch vu Gebaier, kee symboleschen Akt. Mee ech als Kënschtler, déi aner Kënschtler, d'Commissairen hu sech Froe gestallt, ënner anerem iwwer d'Bedeitung. An: vu datt ech esouvill mam Toun, mat der Akustik, mam Lieu schaffen, war et fir mech eppes ganz aneres, am däitsche Pavillon auszestellen, wéi am franséischen. D'Dimensioune waren anescht, jidwereen huet eng aner Geschicht matbruecht: d'Geschicht vun enger Architektur, vun enger Natioun. Mäi Projet, d'Iddi fir mam Maurice Ravel ze schaffen, d'Lektür vum Wierk, wieren am franséische Pavillon anescht gewiescht."

Den Anri Sala kräizt Toun/Bild/Architektur. Am Mudam huet hien haaptsächlech iwwerdimensional Videoinstallatiounen op groussen Ecranen opgebaut, donieft skulptural Installatiounen an och Zeechnungen, well d'Peinture fir hie wichteg bleift.

De Gros vun den Aarbechten goufe bannent de leschte fënnef Joer realiséiert. Hien huet zum Beispill op engem Floumaart en alen hëlzene Rouleau fir Kannertapissereien ze drécken, entdeckt. Ënner deen huet hien e stolene Kamm geschrauft, esou datt eng Aart vergréissert Täschenuergel entstanen ass. D'Konstruktioun hänkt elo un enger Mauer, spillt monter Musek, print awer kee gläichméissegt Muster méi, well de Stol no an no d'Tapissereimotiver vum Holz rappt.

Vertrauen an eise Kierper hunn

Zwee Ecranen, zwee Pianoen, Hänn. Déi eng Säit gëtt d'"Marseillaise", déi aner Säit déi "Internationale" geklimpert. Allerdéngs op sougenannte pianos mécaniques, an déi verhalen automatesch no an no d'Spillfolleg. An deem Moment, wou de Kënschtler ee Moment zéckt, well en der Musek e perséinleche Stempel opdrécke wëllt, ginn d'Tasten einfach vum selwen erof, d'Konscht ausgetrickst.

E klore Message? Den Anri Sala wëllt am Fong keng Geschichten erzielen, seng Videoinstallatiounen suerge fir d'éischt emol fir physesch Reaktiounen an dorëms geet et dem Kënschtler och: mir sollten eis vill méi op eis Kierpere verloossen, Saachen intuitiv spieren, an d'Gehir ausschalten. Um Enn nach emol den Anri Sala.

Ech versichen ëmmer, d'Perspektiven ze dezentraliséieren, den Toun och, fir datt en net symmetresch zum Bild ass. D'Leit solle sech instinktiv dreiwe loossen, verschidde Perspektiven, Point de Vuë sichen. Si sollen an enger konstanter Recherche bleiwen. Dat aktivéiert si op eng aner Manéier. Dat ka Frustratioun schafen: sinn ech do, wou ech soll sinn? Mee et gëtt keng virgeschriwwen oder richteg Plaz. Um Enn, denken ech, ass déi Approche méi interessant an och méi generéis fir de Public. Ech hunn ëmmer Vertrauen an de Leit hir Intelligenz, hire Kierper, hir Instinkter. Doriwwer eraus, an dat ass op allen Niveaue wichteg, och op engem politeschen, ass et fir mech wichteg, deem anere senger Subjektivitéit Raum ze loossen. A mengem Wierk produzéieren ech deemno keng onbeweeglech Situatiounen, keng onbeweeglech Narratiounen, mee ëmmer Narratiounen, déi par Rapport zu der Subjektivitéit vu jiddwerengem a Beweegung bleiwen. Dat kann och de Sënn vun enger Aarbecht weiderentwéckelen.