Et gi Sujeten, déi si sou grouss, datt een net laanscht se kënnt an datt si een net méi lassloossen. Dem Armand Quetsch ass et esou gaangen. Finanz- a Migratiounskris waren den Ausléiser, fir datt hie sech mat der Kamera op de Wee gemaach huet. Geplangt war eng Rees vu Bréissel, dem politeschen Epizenter vun Europa, bis op Lampedusa. Déi italienesch Insel ass Synonym fir Flüchtlingsproblematik ginn.
Portraite ginn engem Migrant net gerecht
Mä ënnerwee huet dem Fotograf säi Bléck sech am europäesche Paysage verfaangen. Him sinn d'Tensiounen an de Malaise vu senger Zäit bewosst ginn. "Déi Fro vun der Identitéit vun de Refugiéeën oder vu Migranten ass fir mech eng wichteg Fro ginn, wéi ech an Italien ënnerwee war. Well ech net mat Portraite vu Migrante schaffen." Hie wéilt d'Mënschen net op hire Statut als Migrant reduzéieren, seet den Armand Quetsch. Am Generelle géife Portraite just eng Surface duerstellen, an net de Mënsch.
Sech selwer e Bild vun der Realitéit maachen
Aus engem Deplacement vu Bréissel op Lampedusa ass eng Zickzack-Odyssee entstanen. Den Armand Quetsch huet "Dystopian circles" gedréint an tëscht 2004 an 2016 "Fragments...all Along" gesammelt. Sou fragmentéiert ass och den Titel vun der Expo am CNA. Tëscht 2004 an 2016 wier de Fotograf regelméisseg bis zu sechs Woche laang, gréisstendeels eleng, gereest. Déi Solitude géif een och a senge Biller erëmfannen a spieren.
Hien hätt éischter eng perséinlech Konfrontatioun mat verschiddene Plaze gesicht, sou den Armand Quetsch. "D'Wourecht ass sou ee strapazéiert Wuert. Mä d'Realitéit ass grad sou strapazéiert. An déi ze gesinn, sech selwer e Bild maachen, dat ass scho ganz wichteg."
D'Equipe vum CNA impressionnéiert
Dowéinst huet de Fotograf decidéiert, mat allerlee Wourechten a Realitéiten ze spillen. Hien huet Biller agefaangen, déi aner Message vermëttelen, wéi d'Mënschefrëndlechkeet vun der EU. Geschichtlech Monumenter, déi net méi neutral wierken: An enger Stad an Ungarn, wou eng Moschee als Kierch ëmgewandelt gouf, an en Hallefmound vun engem Kräiz duerchstach gouf, gesäit hien eng Symbolik mat latenter Gewalt.
D'CNA-Equipe war vun der Aarbecht vum Fotograf sou impressionnéiert, datt si dem Armand Quetsch direkt hir zwee Ausstellungssäll zur Verfügung gestallt huet. An hie krut d'Méiglechkeet, Fotopublikatiounen, déi hien impressionnéiert hunn, mat senger eegener "Dystopian"-Editioun, ze presentéieren.