Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Dram vum Country-Star

Wild Rose

Den Dram vum Country-Star

Schottland mat Duddelsäck a keltescher Musek. Dat kléngt logesch. Schottland a Country-Musek kléngt scho manner probabel. Mee genee dat vermëscht "Wild Rose", e Film, deen zanter enger knapper Woch am Kino ze gesinn ass.

auto_stories

2 min

Vum englesche Kino kann een als Weltkinosnob halen, wat ee wëllt - ganz nom Motto, nom New British Cinema an den 1960er koum näischt méi fundamental Wichteges fir de septième Art vun der Insel, gleeft mir, et gëtt esou Cinephilen - mee et gëtt keng Filmlandschaft wéi déi britesch, déi de Genre vun der sozialer Komedie esou am Blutt huet.

"Wild Rose", an der Realisatioun vum Tom Harper, ass genee esou e Worf Film. D'britesch Kritik iwwerschléit sech an et versteet ee firwat. "Wild Rose" huet alles, wat esou eng Dramedy mat Succès bei de Goal bréngt.

D'Liewen nom Bing

Am schottesche Glasgow gëtt d'Rose-Lynn aus dem Prisong entlooss. De Mett-Tweenie kennt heem bei d'Mamm an hir zwee jonk Kanner. Déi puer Méint am Kitchen hunn hir Spuren hannerlooss. Dem Rose-Lynn seng Kleng bleiwen op Distanz an d'Mamm schéngt mat hirer Duechter och d'Gedold verluer ze hunn.

Den Dram vum Country-Star am Nashville/Tennessee ass nach ëmmer net vum Dësch. Ouni Frang an der Täsch gëtt dat awer guer näischt. Mee mam Botzjob bei enger gutt situéierter, mee gelangweilter Fra, kéint sech d'Blat zum Gudden dréien.

Eng iwwerzeegend Schauspillerin

'It's about three cords and the truth", wat als Mantra vun der Country Musek ze verstoen ass, dierf och op dëse Film applizéiert ginn. "Wild Rose" erzielt eng alles anescht wéi weltbeweegend nei Geschicht, weess se awer mat einfachen a klassesche Mëttel ze erzielen a mécht dobäi alles richteg.

Dat läit zu 90 Prozent un der Jessie Buckley, enger Actrice, där een ouni ze zécke stonnelaang kéint nokucken. Déi iresch Schauspillerin weess mat enger natierlecher, heiansdo och kannereger Verve e Personnage ze zeechnen, dee selwer nach Kand ass, tockskäppeg an onfäeg ass, selwer Responsabilitéiten ze huelen. En alles anescht wéi Musterpersonnage. Mee gläichzäiteg straalt d'Interpretin eng Empathie aus, datt een dem Rose-Lynn déi gréissten Dommheeten entschëllegt.

Formell wéi dramaturgesch klassesch à mort, ass bei aller Musek am Film Plaz fir grondsätzlech Froestellungen: Motivatioune vun der Hëllef vum Individuum an der Lutte des classes, Zougehéieregkeets- an Heemechtsnotiounen an dann d'Famill am Kontext vu sozio-ekonomeschen Ëmstänn. Mee keng Angscht, et ass vill Musek an e Gesangstalent vun der Jessie Buckley.

"Wild Rose" ass net méi oder manner wéi d'Zomm vu senge Komponenten, mee dat mécht déi einfach Stäerkt vum Schreiwes am Zeenario aus. Et wënscht ee "Wild Rose", de Summerhit ze ginn, deen et verdéngt ze sinn. An hunn ech scho gesot, datt d'Jessie Buckley immens gutt ass?