Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Dréi war en Albdram"

Luxfilmfest

"Den Dréi war en Albdram"

"A Woman Captured" ass en Dokumentarfilm iwwert modern Sklaverei. E Portrait vun enger ungarescher Fra, déi als Sklavin bei enger Famill gehale gëtt, wou si muss botzen, schaffen a schlofen. Si kritt kee Frang dofir, gëtt physesch mëssbraucht a menacéiert. D'Realisatrice Bernadett Tuuza-Ritter huet d'Marish annerhalleft Joer laang begleet, bis zu hirer Flucht. De Film leeft an der offizieller Kompetitioun fir Dokumentarfilmer um Filmfestival.

auto_stories

4 min

Bernadett Tuuza-Ritter

MP: Wéi hutt Dir d'Marish déi éischte Kéier getraff?

BT-R: Ech hunn déi Famill eemol getraff, an ech hu gesinn, datt si Hauspersonal haten. Eent dovunner war d'Marish. Ech wousst, datt si ronn 50 Joer hat, mä si huet ausgesi wéi 70. E puer Joer drop hunn ech fir d'Schoul missten e Projet realiséieren. D'Thema war ee fënnef Minutte laange Film iwwert een Dag am Liewe vun enger Persoun. Ech wousst schonn, datt et mäi visuellt Konzept sollt sinn, engem säi Gesiicht z'observéieren. Ech hunn déi Famill nach eemol ugeruff a gefrot, ob ech e puer Deeg mam Marish kéint dréinen. An deene puer Deeg sot d'Marish mir, datt si net bezuelt gëtt. Dunn hunn ech fir e puer Dréideeg méi gefrot.

Wéi schwéier war et, fir den Accès iwwert eng laang Zäit ze kréien? Si huet Iech jo mol misste vertrauen?

Fir d'Marish war et gutt, si war deen Ament net eleng. Et huet hir gutt gedoen, datt ech bei hir war. Am Schwéierste war et, d'Vertraue vun der Famill ze kréien. Si wollten net, datt ech iergendee Gesiicht vun hinne géif weisen.

Huet de Fait, datt Dir eng Fra sidd, den Accès vereinfacht?

Ech mengen e Mann hätt nimools esou en Accès kritt. Esou eppes muss een op eng douce Aart a Weis maachen, et däerf ee sech net iwwert alles opreegen. Ech mengen, dat ass wierklech eppes wat just eng Fra ka maachen.

Am Film ginn et ganz schro Momenter. D'Marish gëtt de ganzen Zäit erofgemaach. Si kritt vun der Mamm vun der Famill gesot, si wier näischt wäert. Si huet keng Rechter. Wéi hutt Dir dat emotional verkraaft?

Et war zimlech schwiereg. Wat ech maache konnt, war d'Marish emotional z'ënnerstëtzen, mat hir schwätzen. Mä et war immens schwéier z'erdroen. Et goufe Situatiounen, wou ech d'Kamera léiwer niddergeluecht hunn, fir als Frënd fir d'Marish do ze sinn.

Krut Dir net en Haass op déi Famill?

Neen, ech war net rosen. Souguer d'Marish war net rosen, nodeems si flüchte konnt. Well déi Famill weess einfach net, wat se mécht. D'Marish wollt hinne verzeien. An dat ass esou e grousse Moment, wann ee Leit verzeit, déi engem wéi doen. D'Marish ass immens generéis.

De Film besteet quasi ganz aus Noopname vun der Marish hirem Gesiicht. D'Famill gesäit een ni, ausser d'Hänn.

Et ass och net wichteg, wien déi béis Leit sinn. Ech wollt et méi universell halen. Et geet net ëm eng eenzel Persoun, oder ëm eng Famill. Et geet dorëms, wéi d'Leit am generelle mateneen ëmginn. Ech wollt virun allem ee Film maachen, an deem ech observéieren. Dofir hunn ech net der Marish hir Geschicht erzielt, ier si bei d'Famill koum. Ech wollt eng Dramaturgie realiséieren, déi no un der Fiktioun ass.

Déi Famill hat kriminell Relatiounen. Och no der Flucht vum Marish sidd Dir nach zwee Méint laang vun hinne gesicht ginn. Wéi geféierlech war den Tournage? Dir hutt jo och alles eleng gedréint?

Et war iwwerhaapt kee confortabele Tournage. An et ware vill haart Momenter. Mä ech hunn ëmmer gehofft, datt d'Marish staark genuch wier, fir fortzelafen. Ech wollt do fort kommen. Mä et war en Albdram, dee Film ze maachen.

Am Film verrot Dir net, wéi d'Marish an dëser Situatioun gelant ass. Kënnt Dir eis dat elo verroden?

D'Marish hat sechs Kanner. Si huet misste fir hir Famill schaffen. Si huet dunn eng aner Famill kënnegeléiert, déi hir ugebueden huet, bei hinnen ze schaffen. Fir d'éischt war et een Dag d'Woch, dunn zwee Deeg. Am Ufank gouf si bezuelt. No enger Zäit huet si all Dag missten do schaffen, a si gouf net méi bezuelt. A wou si wollt heem bei hire Mann goen, huet d'Famill si brutal zeréckgeholl a gedreet, datt si hire Kanner eppes undoen, wa si d'Police géif kontaktéieren. Si gouf physesch mëssbraucht. Dunn huet d'Marish missten an d'Spidol an huet d'Eta kennegeléiert, d'Mamm vun der Famill aus dem Film. Si huet dem Marish Hëllef ugebueden ...

Een Däiwelskrees ... Am Film gëtt och kloer, datt et haut nach ronn 45 Milliounen Affer vu moderner Sklaverei ginn. Vill dovunner och an Europa.

An Ungarn ass de Sujet dacks an den Noriichten. Mä an aneren europäesche Länner net onbedéngt. Och zu Lëtzebuerg ginn et eng 100 Persounen, déi modern Sklave sinn. Et ass wichteg ze gesinn, datt dat iwwerall geschitt, och a grousse Länner mat groussen Haaptstied.

Am Film gesäit een, wéi schwéier et ass Hëllef ze fanne fir Persounen, déi esou mëssbraucht ginn.

Et war onméiglech Hëllef ze fannen. Mir wëssen nach ëmmer net, wou mir géifen higoen. Mir wollte weisen, datt de System net richteg funktionéiert. Fir eng Fra wéi si ass et onméiglech, fir Hëllef ze fannen. Ech mengen hei koum d'Hëllef duerch Zoufall.

Interviewplay_arrow