Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin & Leon Bridges - Texas Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den drëtten Alter am Paradäis?

Literaresch Rares

Den drëtten Alter am Paradäis?

D'Odette an de Martial waren iwwerzeegt, datt d'Paradäis am Süde vu Frankräich läit. Mä et kënnt awer alles anescht wéi ee mengt. Déi zwee pensionéiert Protagoniste sinn net ganz onschëlleg un dëser makaberer Entwécklung. Op alle Fall ass dem franséischen Auteur Pascal Garnier mat "Lune captive dans un oeil mort" en humorvollt Buch gelongen, dat och beréiert.

auto_stories

3 min

D'Valerija Berdi recommandéiert dem Pascal Garnier säi Roman

D’Odette an de Martial freeë sech, fir op hir al Deeg d'Paräisser Géigend kënnen hannert sech ze loossen. Si wëllen am Süden an enger Residence, déi extra fir eeler Leit adaptéiert ass, d’Sonn an d’Mier bis an all Éiwegkeet genéissen. Nodeems si als éischt nei Bewunner ukomm sinn, musse se feststellen, datt net grad alles sou immens ass wéi dat am Prospekt versprach gouf. Mä iergendwéi wëllen si sech hiren Dram net zerstéiere loossen. Och dann net, wann d’Langweil bis ufänkt déidlech ze ginn:

De chaque côté, les maisonnettes se dupliquaient comme autant de petits monuments funéraires chics et toc qui pouvaient faire craindre une certaine monotonie dans la traversée de l’éternité.

Eng Frëndschaft ouni Zukunft

D’Rettung kënnt a Form vun enger weiderer Koppel, déi sech och an dëser Residence installéiert. U sech kéint elo eng flott Frëndschaft entstoen. Do gëtt et awer och nach d'Lea, eng weider nei Matbewunnerin.

D'Lea ass net nëmmen eng Rei Jore méi jonk, mä gesäit och nach gutt aus - wat hir net just Sympathien entgéint bréngt. D’Gespréicher, déi am Ufank frëndlech an häerzlech oflafen, ginn am Laf vun der Zäit ëmmer méi vu Mësstrauen, Näid an Béisaartegkeet duerchwuess.

Altersresidence oder Prisong?

D'Atmosphär an der Residence, déi éischter d’Kritäre vun engem Prisong erfëllt, wierkt sech ëmmer méi op hir Bewunner aus. Iwwerall Sécherheetsschlässer, Kameraen an de Wiechter, de Monsieur Flesh:

Ca va péter… Ça finit toujours par péter, tout, même le ciel ciblé d’étoiles que c’est plus rien qu’un grand Rideau mite, un cache-misère avec l’autre cyclope qui nous mate au travers. Il avait raison le lieutenant bardu: “La vie c’est ce putain champ de mines, personne n’en sortira vivant. En avant!

Wat mécht een da mat engem A, dat an der Wiss trëllt? Wéi gëtt een enger Läich lass, wann een net méi ganz frësch a fit ass? Dat sinn op emol d’Froen, mat deenen sech d’Rentner konkret a konstruktiv befaasse mussen.

Schwaarzen Humor mat vill Sensibilitéit

De Pascal Garnier war en aussergewéinleche Schrëftsteller. Seng Geschichte sinn ëmmer erëm voll vu schwaarzem Humor an et gëtt bal näischt, wat him helleg ass. Trotzdem ass tëschent de grotesken Entwécklungen an absurden Zeene ganz vill Sensibilitéit an Takt ze verspieren.

An der „Lune captive dans un oeil mort” beschreift de Garnier mat ganz vill Empathie d’Entwécklung vun der Generatioun, déi hiert Liewen nom Krich opgebaut huet. Am Alter wëllen si sech dat erméiglechen, wat si sech all déi Jore virdrun net konnten an net wollte leeschten. A wéi se da wéinst der Onfähegkeet, sech aus virgefäerdegt Kaderen ze befreien, eng destruktiv Energie entwéckelen. "L’oeil était dans la tombe et regardait le vide" huet de Pascal Garnier als Widmung geschriwwen.


Dem Pascal Garnier säi Roman „Lune captive dans un oeil mort” ass bei Zulma-Edition erauskomm.