Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "Duc de Saint-Firmont" erkläert

Lëtzebuerger Literatur

Den "Duc de Saint-Firmont" erkläert

1906 ass d'Stéck "Le Duc de Saint-Firmont" vum Félix Servais am Stater Theater uropgefouert ginn. Mam turbulente Liewe vum Félix Servais a mat sengem Wierk huet sech d'Ludivine Jehin, Conservatrice am Mierscher Literaturarchiv, intensiv beschäftegt.

auto_stories

4 min

Ludivine Jehin. Foto: CNL

"Le Duc de Saint-Firmont" heescht e franséischt Theaterstéck an dräi Akten. Geschriwwe gouf d'Stéck a Versform vum Lëtzebuerger Auteur Félix Servais. An hirer Serie "Lëtzebuerger Bibliothéik" huet d’Mierscher Literaturhaus dës Komedie nei publizéiert - mat Kommentare vun der Ludivine Jehin, Conservatrice am Lëtzebuerger Literaturarchiv.

1906 ass dem Félix Servais säin Theaterstéck bei der Librairie-Imprimerie de la Cour Victor Bück gedréckt ginn. E Wierk, dat fir d'Lëtzebuerger Literaturgeschicht eng exzeptionell Bedeitung huet. Besonnesch d'Versform géif d'Stéck esou interessant maachen, erkläert d'Ludivine Jehin. Déi géif een am Lëtzebuerger Theater esou soss néierens fannen. "Dohier huet dat ee besonnesche Stellewäert an der Lëtzebuerger Literaturlandschaft."

Eng literaturgeschichtlech Kuriositéit

D’Stéck wier awer net nëmme wéinst senger Form speziell, mee och wéinst dem Inhalt, betount d'Ludivine Jehin. "Le Duc de Saint-Firmont" spillt am 18. Joerhonnert an et erzielt dovun, wéi dësen Duc per force bestuet soll ginn. Dogéint wiert hien sech awer vehement. Géif een dat héieren, wier dat näischt Neies an der Theatersgeschicht, esou d'Conservatrice. Mee esou Geschichte kéimen an der Regel aus dem franséische Repertoire vun Auteuren aus dem 18. Joerhonnert. "Wat wollt de Félix Servais 1906 mat esou eppes bezwecken", freet d'Ludivine Jehin. D'Stéck wier eng literaturgeschichtlech Kuriositéit.

Den Duc, en Exzentriker

Beim Liese géif een zur Konklusioun kommen, datt d’Intrig guer keng Relevanz hätt, ënnersträicht d’Ludivine Jehin. Bedeitend wier nëmmen de villsäitege Protagonist Arnould, Duc vu Saint-Firmont: E Rebell, dee sech géint all him operluecht gesellschaftlech Konventioune wiert, well hie sech selwer als Exzentriker gesäit an och esou liewe wëll. Hien ass eng bont Figur: E Libertin, en Intellektuellen, en Dandee an e Romantiker ... eng ausgepräagte Perséinlechkeet, déi guer net aus dem 18. Joerhonnert kéint sinn, stellt d’Ludive Jehin fest.

Et wier den Auteur, deen duerch säi Protagonist géif schwätzen, erkläert d'Conservatrice am CNL. De Felix Servais wier genau esou ee paradoxale Mënsch gewiescht, wéi säi Protagonist. D'Parallel géif ganz natierlech entstoen. De Félix Servais hätt nämlech decidéiert, d'Haaptroll a sengem Stéck selwer ze spillen. "Dat muss ee sech virstellen. Hie war deemools Friddensriichter, ass am Kostüm op d'Bühn geklommen an huet säi Stéck deklaméiert."

De Felix Servais. Foto: CNL

De Félix Servais

De Félix Servais, Neveu vum Lëtzebuerger Politiker Emanuelle Servais war u sech eng tragesch gestalt. No enger traureger Kandheet, ass hien Affekot an du Friddensriichter ginn. Hien huet awer wéinst engem Prozess seng Plaz verluer. Hien huet biergerlech Originnen, wollt awer ëmmer Kënschtler sinn, erzielt d'Ludivine Jehin. Hien hätt et awer net fäerdeg bruecht, déi Zwee ze kombinéieren, sech vun deem enge lasszerappen, fir dat anert auszeliewen.

"Le Duc de Saint-Firmont" ass dat eenzegt Buch, dat den Félix Servais erausbruecht huet. 1906 war en decisiivt Joer fir dësen ongewéinlechen Auteur. Säi Wierk gouf publizéiert, am Stater Theater - haut Kapuzinertheater - mat vill Succès, opgefouert. Mee an deem Joer huet och ee Prozess géint hien ugefaangen, bei deem hien alles verluer huet. Duerch dee Prozess wier ee gewuer ginn, datt de Félix Servais homosexuell war, erkläert d'Ludivin Jehin. "Dat war schwéier bis guer net auszeliewen an där Zäit. Oder extrem marginaliséiert, wat hien dunn och gemaach huet." De Félix Servais wier op Bréissel an den Exil gaangen an hätt do ee bohèmt Liewe gefouert bis hie mat 42 Joer gestuerwe wier.

An dëser neier Editioun vum Theaterstéck huet d’Ludivine Jehin e Glossaire mat Wuerterklärungen derbäi gesat. Dat ass net vu Muttwëll, well d’Stéck an der aler franséischer Sprooch geschriwwen ass. Dernieft fënnt ee Kommentaren zur Biographie an zum Text an eng Rei Illustratiounen, déi de ganze Kontext verdäitlechen.


Le Duc de Saint-Firmont ass dat 23. Band, dat an esou enger Form vum Lëtzebuerger Literaturarchiv publizéiert ginn ass. Am Kader vun der Publikatioun invitéiert de CNL den Dënschteg, 18. Oktober op d'Konferenz Félix Servais: Le Duc de Saint-Firmont.