Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Hemingway, de Prënz Eugen, an déi aner

Molerei

Den Hemingway, de Prënz Eugen, an déi aner

"It’s not that damned easy!" heescht eng Ausstellung vum schwedesche Moler Kent Iwemyr. Seng figurativ Tableauen, déi aus der Fantasie vun engem Teenager entsprongen ze si schéngen, stellen op den éischte Bléck Mënschen an alldeegleche Situatiounen duer. Wie méi genee kuckt, entdeckt intrigant Elementer.

auto_stories

3 min

Eigentlech war et ni de Liewensprojet vum Kent Iwemyr fir Kënschtler ze ginn. A senger Jugend wollt hie professionelle Schilaangleefer ginn. Wéi hien no 15 Joer säin Top-Niveau erreecht hat, ass den Dram geplatzt. Well hie sech blesséiert hat a krank gouf, hätt hie missen ophalen, sou de Kent Iwemyr. Et wier déi schlëmmsten Zäit vu sengem Liewen gewiescht.

Dee Moment hätt hien decidéiert fir Konschtproff ze ginn. Déi Re-Orientatioun huet Jore gedauert. De Kent Iwemyr ass keen, deen a sengem Liewen Ofkierzunge geholl huet. Wéi seng Ausbildung als Proff fäerdeg war, war hie sech sécher, datt hien dee Beruff net géif ausüben. Hie wollt léiwer molen an ausstellen.

Vun der Abstraktioun bei d'Schoulbouf-Approche

Ee jonke Galerist aus der Géigend hätt hien iergendwann ugeruff, a gefrot ob hie wéilt eng Expo bei him maachen. Seng Aarbecht ass gutt ukomm, a si hu regelméisseg zesummegeschafft. De Galerist huet hie mat op International Foire geholl, wou de Kënschtler Kontakter mat auslännesche Galerie knäppe konnt. An sou krut hien Ausstellungen zu Berlin, zu Mailand, an ëmmer sou weider.

Kent Iwemyr, The last dance with the horse man , 2016 (Foto: Harri Vrethed)

Wéi hie mat Molen ugefaangen hätt, hätt hie wéilten abstrakt Konscht maachen. Seng Iddi wier et gewiescht, datt seng Konscht vun eppes méi Héijem, hierkomme sollt. Awer et wier schwéier fir abstrakt ze molen. Dofir misst ee sech selwer absolut kënne vertrauen. Hien hätt dunn decidéiert nees sou ze molen, wéi hien et als Schoulbouf gemaach hätt. Déi Manéier sollt hien déi n
ächst 25 Joer bäibehalen.

D'Tableauen, déi de Kent Iwemyr bis de 25. Februar an der Galerie Clairefontaine weist, si rezent Aarbechten. Si schéngen all eng Geschicht ze erzielen.

Wien ass den Hemingway?

Virun allem seng Nopere géifen hien inspiréieren, sou de Kent Iwemyr. Déi wéissten dovunner awer näischt an hie géif net hir richteg Nimm benotzen. Déi Persoun, déi hien am meeschte moolt, nennt hien Hemingway,.

Den Hemingway-Personnage am Kënschtler senge Biller ass ganz interessanten. Hien hat zum Beispill eng Onmass Kazen. Wann och net sou vill wéi de Schrëftsteller. Ausser Leit, déi hie kennt, stellt de Kent Iwemyr och historesch Figuren duer. An engem Tableau gesäit een zwee berühmt schwedesch Kënschtler mateneen iwwert ee Wee trëppelen, an hannert hinnen de Prënz Eugen. De Member vun der Kinneksfamill war och als Moler täteg.

Kent Iwemyr, The magic circle , 2015 (Foto: Harri Vrethed)

Op engem aneren Tableau, deen eng Hypnose-Seance weist, kann een ee vun de berüchtegtste schwedesche Kriminellen entdecken. Deen huet sech anscheinend ganz staark fir Hypnos interesséiert hat an och versicht hat seng Affer domat ze beaflossen. U sech géif hie léiwer Krimineller wéi Monarche molen, seet de Kënschtler dozou.

Kokass Detailer

Op all Tableau gëtt et ee kokassen Detail, oder e mysteriéist Element: Eng Koppel, déi sech an en Eck verfuusst huet fir sech ze këssen, ee Piratefändel, ee Personnage dee mat strenger Minn engem Moler iwwert d’Schëller kuckt. Hien hätt gär Elementer, déi mat Léift ze doen hätten oder intrigéiere géifen. Ee klengen Detail, deen hien am léifste bei enger Damm moolt wieren hir Strapsen, verréit de Kënschtler.

De Kent Iwemyr huet eppes vun engem Gaassebouf, oder Spëtzbouf. Op engem vu senge Biller ass ee finneschen Tango-Orchester duergestallt. Et wieren déi donkelrout Lëpse vun enger vun de Musekerinnen gewiescht, déi hien am meeschte faszinéiert hätten. Deenen huet hien en entspriechende kënschtlereschen Hommage erwisen.