Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Indeed It Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bosch faszinéiert och op der Bühn

Theater

Bosch faszinéiert och op der Bühn

D'Tableaue vum Hieronymus Bosch beréieren haut, 500 Joer no sengem Doud, nach ëmmer. Duerch hire Surrealismus an hir perfekt Ästhetik. Den TNL bréngt d'Konscht an hire Createur op d'Bühn.

auto_stories

3 min

Net just seng Wierker, mee och de Personnage Hieronymus Bosch suergt 500 Joer no sengem Liewen nach ëmmer fir vill Froen, Spekulatiounen a Rätselen. Den éisträichesche Regisseur Robert Pienz léisst den aussergewéinleche Moler a grousse Visionär op der Bühn operstoen. D'Stéck mam einfachen Titel "Hieronymus Bosch", wat virum TNL schonn zu Salzburg opgefouert gouf, ass aus der Fieder vum jonke Schwäizer Theaterauteur Jérôme Junod entstanen.

Wéi hien op d'Iddi koum, den Hieronymus Bosch op d'Theaterbühn ze kréien, erkläert de Regisseur Robert Pienz mat liichter Ironie: "Et ass eis eppes geschitt wat net hätt dierfe geschéien: mir hunn an der Equipe doriwwer geschwat wat Konscht ass...an natierlech ass dat eng Diskussioun ouni Enn ginn, vläicht souguer och ouni Sënn. Mee mir sinn eis eens ginn, datt een, deen d'Mënschen no 500 Joer nach ëmmer faszinéiert, ee Kënschtler muss sinn".

Eng Bühn déi dem Bosch gerecht gëtt

Vill Humor, intelligent Verweiser an eng originell Geschicht sinn d'Basis vun der Welt, déi de Jérôme Junod ronderëm den hollännesche Moler zesumme gesponnen huet. D'Claire Thill, an der Roll vun der – mat Momenter iwwerfuerderter – Konschthistorikerin, an de Marco Lorenzini, als egnimateschen a mënscheveruechtenden Hieronymus Bosch, wëssen am Stéck déi Faszinatioun eriwwerzebréngen, déi vum Kënschtler ausgeet.

D'Dramwelt vum Hieronymus Bosch bréngt den Robert Pienz, deen iwwregens och Intendant um Salzburger Schauspielhaus ass, ganz iwwerzeegend op d'Bühn, eng Bühn, déi u sech ganz minimalistesch gehalen ass, mee dem Hieronymus Bosch duerch d'Effekter vun der Szenographistin Ragna Heiny ganz gerecht gëtt.

Een Treffen am Dram

Zur der Geschicht: D'Claire Thill, an der Roll vun der Konschthistorikerin Caroline, ass um Wee fir op e Symposium. Wéinst engem Attentat setzt si awer op engem Fluchhafe fest. Si hëlt an der Bar e puer Pätt , schléift an, a begéint do am Dram dem Bosch. Si probéiert senger Molerei, mee och dem Mënsch dohannert op d'Spuer ze kommen.

Natierlech gëtt am Stéck och iwwert dem Bosch säi wuel berühmtsten Triptychon "Der Garten der Lüste" debattéiert, deen och op d'Bühn projezéiert gëtt. D'Konschthistoriker, déi all – ausser der Caroline um Symposium ukomm sinn – suergen dobäi fir kontrovers, mee ganz intressant Diskussiounen iwwert de Bosch an och d'Konscht am Allgemengen.

D'Lëtzebuergerin Claire Thill huet iwwregens schonn zu Salzburg d'Kritiker ze begeeschtere gewosst; fir de Marco Lorenzini ass et d'Première op der Bühn vum TNL. Ganz spannend dierft et och weiderhin ginn d'Stécker vum Schwäizer Jérôme Junod am A ze behalen. Den 1979 gebuerenen Theaterauteur a Regisseur ass scho mat sëlleche Präisser ausgezeechent ginn.

_____________________________________________________________________________________

Hieronymus Bosch am Théâtre national du Luxembourg, den 10., 12., 13., 14. Januar