Virtuell Entdeckungsreesen duerch d'Kollektioun, Deskriptioun an Donnéeën zu engem Objet, engem Tableau, wéi den Auteur, seng Date de création, d'Material, respektiv d'Technik, d'Bibliographie, Informatiounen zum Copyright, doriwwer eraus virtuell 3D-Visitten duerch de Musée. Kléngt no komplexem, oniwwersiichtlechem Site? De Contraire ass de Fall. Mee hannert der Einfachheet stécht bekanntlech déi meeschten Aarbecht.
Just dräi bis véier Prozent vun der iwwer enger Millioun Objete staarker MNHA-Kollektioun sinn an Ausstellunge visibel. Den MNHA-Direkter Michel Polfer begréisst deemno, datt esouwuel Chercheuren, d'Léierpersonal an de Schoulen, Touristen, Mënschen, déi sech net deplacéiere kënnen, an Zukunft d'Visibilitéit vun an den Accès zu der MNHA-Sammlung baussent dem Musée online genéisse kënnen.
D'MNHA-Kollektioun huet e puer Joerhonnerten um Bockel. Do ginn et natierlech Objeten, bei deene wichteg Informatiounen, zum Beispill zu der Hierkonft feelen. An deem Sënn ass de Feedback an d'Verlinke vu bausse fir de Michel Polfer essentiell, fir Lückentexter komplettéieren ze kënnen.
Een Deel vun der Kollektioun vum Naturmusée kann een ënner https://collections.mnha.lu/ kucken.