Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Nazi-Architekt

Albert Speer

Den Nazi-Architekt

Wann een un d'Spëtzt vum Nazi-Regime während dem Zweete Weltkrich denkt, da kommen engem fir alleréischt d'Nimm wéi Hitler, Himmler, Goebbels, oder Göring an de Kapp. Mä och den Architekt Albert Speer huet zu de Spëtzeleit vum Drëtte Räich gehéiert, déi eng brutal an traureg Geschicht geschriwwen hunn.

auto_stories

4 min

Den Albert Speer (r.) mam Admiral Karl Dönitz (Foto: Picture Alliance)

Als Architekt sollt den Albert Speer dem Hitler seng Welthaaptstad "Germania" realiséieren an als "Rüstungsminister" huet hien déi mäerderesch Nazi-Maschinnerie bis um Enn um Lafe gehalen. Hien huet et awer och fäerdeg bruecht dem Militärgeriicht zu Nürnberg seng Roll am Zweete Weltkrich als déi vun engem verfouerten, apolitesche Bierger plausibel ze maachen. E gouf um Enn just zu 20 Joer Prisong condamnéiert.

De Wee un Spëtzt vun der Nazi-Diktatur war fir den Albert Speer éischter atypesch. Wéi Milliounen anerer Mënschen an där Zäit huet hie d'Weimarer Republik als eng zimlech labil Zäit empfonnt. De Speer huet déi Politik refuséiert, well se fir hien net authentesch genuch war. Am Resumé: En hat näischt mat Politik um Hutt.

Bis eben deen Ament, wou hien den Hitler zu Berlin erlieft huet. Hie gouf vun deem Mann a senge Spréch ugezunn. A senge Memoirë schreift de Speer datt en e Gefill hat, wéi wann een him de Bueden ënnert de Féiss ewech gezunn huet, an domat all seng Wuerzelen ofgerappt goufen.

Architektur, eng gemeinsam Passioun

De Reichskanzler Hitler wollt a senger Jugend och emol Architekt ginn. Hien huet dunn am Speer, den Expert fir säi "Germania"-Projet erkannt. Fir de Speer war dat en onerwaarte Sprong a senger professioneller Karriär an eben nach méi.

Dem Speer seng Iddie fir Nazi-Manifestatiounen z'organiséieren, mat Luuchten déi den Himmel hell gemaach hunn, oder mat martialeschen Inszeenéierungen hunn den Hitler begeeschtert. De Speer krut dorops hin och d'Missioun de Nazi-Siège zu Nürnberg an déi nei Reichskanzlei ze realiséieren.

Am Zentrum vu Berlin wollt de Speer ganz Quartieren ofrappe loossen, fir do gigantesch Bauten a risegrouss Stroossen z'implantéieren. Dofir sollten och Dausende vu Judden aus hire Wunnenge verdriwwe ginn. D'Material fir ze baue sollt dem Heinrich Himmler seng SS dem Speer organiséieren, dat ass dann och de Grond firwat eng ganz Partie Konzentratiounslageren an der Géigend vu Carrièrë gebaut goufen, wou d'Prisonéier sech ënnert onmënschleche Konditioune fir Fantasië vum Architekt dout geschafft hunn. De Projet "Germania", blouf awer, bis e puer Ausname just eng Fantasie um Pabeier.

De "Rüstungsminister" Albert Speer

Am Februar 1942 ass de Speer als Successeur vum Fritz Todt , deen op eng mysteriéis Manéier bei engem Fligeraccident leie blouf, Rüstungsminister ginn. Bis dohi war d'Organisatioun "Todt" fir d’Munitioun a Waffen zoustänneg. Ënnert dem Speer ass dee Ministère zu enger gigantescher Verwaltung mutéiert, déi ëmmer méi Deeler vun der Ekonomie ënnert Kontroll krut.

Genee dowéinst krut de Speer och Kaméidi mat aneren NS-Spëtzeleit, déi him kapitalistesch Managerattitudë virgeheit hunn. Virun allem den Himmler huet am Speer e Konkurrent an der Gonscht vum Hitler gesinn.

Ma och dem Speer seng Relatioun zum "Führer" huet ugefaangen ze bréckelen, wou et mam drëtte Räich ugefaangen huet d'Baach an ze goen. De Speer huet den Hitler op déi mësslech militäresch Situatioun higewisen, wat deen net verdroen huet. Et war eng speziell Relatioun tëscht Speer an Hitler, wou souguer vum Hitler senger onglécklecher Léift rieds gaangen ass.

"Rücksichtslose Mobilisierung"

Nazi-Däitschland gouf scho vun den Alliéierten an de Russen attackéiert ma de Speer huet nach ëmmer probéiert d'Munitiouns- a Waffeproduktioun um lafen ze halen, och wann den Architekt wousst, datt de Krich aus produktiounstechnesche Grënn schonn ewell laang verluer war. Déi Alliéiert an d’Russe sinn den Nazien ëmmer méi no komm, ma de Speer war awer eng dreiwend Kraaft fir Zitat d'"Rücksichtslose Mobilisierung". Den Hitler huet, wou et absolut kee Auswee méi gouf, de sougenannten "Nero"-Uerder ginn. Déi ganz Nazi-Infrastruktur sollt zerstéiert ginn, den Albert Speer huet dee Uerder awer net ausgefouert. Zwee Mol war hien nach beim Hitler am Führerbunker, éier dee sech den 30. Abrëll 1945 suicidéiert huet.

De Prozess zu Nürnberg

No der Kapitulatioun hunn déi Alliéiert de Speer festgeholl. Vun Ufank un sot hien, hien hätt näischt vum Holocaust gewosst. Hie wär vum Hitler verfouert ginn a wär en apoliteschen Expert gewiescht dee just, wat hien seng Aufgab nennt, gemaach hätt. D'Geriicht zu Nürnberg huet him gegleeft, 20 Joer am Prisong zu Spandau war d'Urteel.

Psychologen hunn den Albert Speer als ganz iwwerluechte schëllegen Onschëllege charakteriséiert. Hien huet am Prisong Bicher geschriwwen, wéi "Erinnerungen" oder "Spandauer Tagebücher", déi Bestseller gi sinn. Mä och trotz senger architektonescher Genialitéit war den Albert Speer awer ënnert dem Stréch en Nazi. De Speer souz seng komplett 20 Joer am Prisong. Ee gouf 1966 fräigelooss, an en ass dunn den 1. September 1981 am Kader vun enger Interview-Rees zu London un de Suite vun engem Hireschlag gestuerwen.