Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Owend ass Ouverture vum Luxembourg City Filmfestival

Kultur

Den Owend ass Ouverture vum Luxembourg City Filmfestival

Optakt den Owend vun der 12. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival, deen nach bis den 13. Mäerz dauert. Nieft de sëllege Kompetitiounen ass och déi traditionell Sektioun vu Lëtzebuerger Produktiounen a Co-Produktioune vertrueden.

auto_stories

1 min

Covid-Restriktioune gëtt et der ëmmer manner. Sou ass fir den Ouvertures-Film den Owend um Kierchbierg erëm déi fräi Wiel vun de Plazen ouni Distanzéierung méiglech, quitt datt d'Droe vum Masque vun den Organisateure wärend der ganzer Seance recommandéiert gëtt.

Ze gesinn ass den Owend iwweregens déi argentinesch Drama-Komedie "Official Competition" mam spueneschen Duo Penelope Cruz an Antonio Banderas. Competitioune gëtt et der um Luxfilmfest wéi ëmmer zwou. Eng fir Dokumentarfilmer, an där ënnert anerem déi Lëtzebuerger Produktioun "Lost Flowers" vum Fabrizio Maltese konkurréiert. An da gëtt et natierlech déi offiziell Fiktiounskompetitioun, déi bewäert en internationale Jury mat u senger Spëtzt den israelesch-palestinensesche Realisateur Elia Suleiman.

E weidere ganz prominente Gaascht um Festival ass den amerikanesche Realisateur Terry Gilliam, deen dëse Samschdeg an der Cinemathéik eng Masterclass gëtt. De Luxfilmfest ass dëst Joer ganz politiséiert ier en iwwerhaapt ugefaangen huet. D'Festival-Leedung huet schonn de leschten Dënschdeg decidéiert, véier Filmer vu véier russesche Realistricë wéinst dem Krich an der Ukrain aus dem Programm zréckzezéien, dorënner de Kompetitiounsfilm "Gerda" vun der Natalya Kudryashova.