Eng nei Websäit an en neie Logo fir d'Theaterfederatioun sinn net déi eenzeg Innovatioune bei der Theaterfederatioun, déi 22 Memberen aus dem Secteur vum Spectale vivant zu Lëtzebuerg representéiert.
Ee vun de grousse Projeten ass d'Realisatioun vun den éischten Theaterassisen dëst Joer am Dezember. Sektoriell Assisë wiere wichteg, esou de Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun. Ee vun de wichtegen, laangfristege Projete wier dann un engem Centre de documentatioun de l'histoire du Théâtre ze schaffen.
Méi effikass zesummeschaffen
Weider wier et wichteg fir méi koherent an effikass zesummenzeschaffen, ënnersträicht de Claude Mangen. Dofir ass e Groupe de durabilité op d'Bee gestallt ginn. Et géif vill am Lëtzebuerger Theater geschafft ginn an et misst ee kucken d'Synergië weider ze entwéckelen.
Wéinst de ville gemeinsame Produktioune misst ee sech och iwwerleeën, wéi een d'Kostümer an d'Bünebiller kéint an engem gemeinsame Fundus zesummendroen, esou datt verschidde Produktioune kënnen dorop zeréckgräifen.
E weideren Deel vun den Theaterassisë wäert sech op d'Relatioun tëschent dem Theater an der Press fokusséieren. Am Mäerz 2021 sollen dann och Theaterdeeg lancéiert ginn, déi virun allem de jonke Publik cibléieren.
Véier Präisser
Fir d'Saison 2021/2021 sollen a Kollaboratioun mam Kulturministère véier Präisser fir de Spectacle vivant kreéiert ginn:
- Prix national du théâtre récompensant une œuvre complète. Mat dësem Präis soll eng Perséinlechkeet aus dem Theaterberäich geéiert ginn, déi Pionéieraarbecht gemaach huet a vill Meritten am Secteur huet
- Prix jeune espoir. Hei wëllt een déi nächst Generatioun am Fokus hunn, erkläert de Claude Mangen
- Prix pour la meilleure création, engersäits d'Schauspill, d'Mise en scène oder d'Dramaturgie
- an ee Präis fir d'Zeenographie, d'Kostümer, d'Beliichtung oder d'Schminken