Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enfant terrible vun der Literaturkritik?

Denis Scheck

Enfant terrible vun der Literaturkritik?

Däerf een als Literaturkritiker Bicher an d'Poubelle geheien? Den däitsche Literaturkritiker Denis Scheck freet net, hien mécht einfach. Hie schreift och selwer: An zwar Sachbicher. Am Léifsten iwwer Iessen, a mat senger Frëndin aus der Schoulzäit, der Eva Gritzmann. Den 11. Februar sinn déi Zwee fir eng Liesung am Trifolion.

auto_stories

3 min

Bekannt ass den Denis Scheck an éischter Linn als Literaturkritiker: Seng Manéier iwwer Literatur ze schwätzen ass besonnesch. Souguer en totale Verrëss kann hie literaresch ëmschreiwen, a kloer uerteelen ouni béisaarteg ze blesséieren. Dobäi gëllt fir hien eng wichteg Regel: Bicher iwwer déi hien ëffentlech uerteelt, huet hien och ëmmer "vun der éischter bis zur leschter Säit gelies - dat gehéiert zum literaturkritesche Pakt".

Alles liesen, wat d'Leit liesen

Och wann hie sech heiansdo géif wënschen, verschidde blöd Publikatiounen net mussen ze liesen. Mee den Denis Scheck huet sech selwer operluecht, déi zéng éischt Bicher op der "Spiegel"-Bestsellerlëscht ze rezenséieren. An dorënner falen dann och ëmmer Mol nees Wierker vun Auteuren "mat geréngem intellektuellem Entwécklungspotential.

Selwer schreiwe mécht dem Denis Scheck grad souvill Freed ewéi Liesen. Datt den Denis Scheck d'Disziplin opbréngt a selwer de Griffel an de Grapp hëlt, dofir suergt seng Schoulfrëndin Eva Gritzmann mat där hien zwee Wierker eraus bruecht huet. Am éischte Buch geet ëm de klengen Ënnerscheed tëscht Fra a Mann beim Iessen an Drénken.

Ee Peffer, fir Fraen ze verféieren

Dat zweet Buch heescht "Solons Vermächtnis – Vom richtigen Zeitpunkt im Leben" an et geet ëm Geschichte vu Mënschen, déi iwwer wäit oder no mat Goût a Kache verbonne sinn.

Ganz begeeschtert schwätzt den Denis Scheck zum Beispill vun der Begéignung mam Ingo Holland, deen ee Stärerestaurant hat an elo eng "Gewürzmanufaktur" bedreift. Vun him loossen déi zwee Auteure sech ënnert anerem erklären, ob et wierklech eng Zort Peffer gëtt, mat där "een all Fra an d'Bett kritt, wéi ee franséische Gewürzhändler dat behaapt".

Héichpunkt vun der Recherche war fir den Denis Scheck de Besuch beim Schrëftsteller Martin Walser um Bodensee. Dee kéint gutt erklären, wat Maturitéit ass.

Jonk, mee net zeideg

Well d'Haaptthema vum Buch ass Maturitéit, déi net nëmmen bei Liewensmëttel gëllt. Den Denis Scheck erkläert dat esou: Zënter datt d'Jane Austen hir grouss Romaner geschriwwen huet, wieren elo 200 Joer vergaang. Am "Sense and Sensibility" daucht ee Colonel op, deen als ale Mann beschriwwe gëtt, well en deemnächst 35 Joer al gëtt.

An Europa hätt d'Gesellschaft et nach ëmmer net intellektuell verschafft, datt d'Mënschen mëttlerweil vill méi al ginn. 50 Joer al Leit hätten haut ee ganz aneren Habitus an eng aner Manéier d'Welt ze gesinn. D'Werbeindustrie hätt dat laang net akzeptéiert, wat zu engem falsche gesellschaftleche Bild vum Alter bäigedroen hätt.

Bei hire Recherchë sinn den Denis Scheck an d'Eva Gritzman op déi al Griichen a besonnesch de Staatsmann an Poet Solon gestouss. An den éischte Poete-Sträit, deen et jee gouf, hätt sech ëm d'Fro gedréit: "Wat ass besser: Al ginn oder Jonk stierwen?" De Solon wier der Meenung gewiescht, den optimalen Liewensalter wier 84 Joer. "A 84 an der zäit ouni Aspirin, Zänndokter a Viagra dat entsprécht haut op d'mannst 100 Joer".

Bei der Boma geléiert

"Solons Vermächtnis" beschreift den Denis Scheck als eng Kräizung vun zwou Passiounen: Dem Schreiwen an dem Kachen.

Datt den Denis Scheck sech net just fir Literatur, mee och fir d'Kulinarik interesséiert, erkläert hien esou: "Meng Boma war professionell Kächin, déi éischt Kächin vum Bundespräsident Theodor Heuss. A well si bal 100 Joer al ginn ass, hunn ech vun hir och nach deen een oder aneren Trick dierfe léieren."

Denis Scheckplay_arrow