Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "DëseRoman huet mat 'Faserland' netvill ze dinn"

Literatur

"DëseRoman huet mat 'Faserland' netvill ze dinn"

26 Joer no "Faserland" huet de Christian Kracht mat "Eurotrash" d'Fortsetzung vu sengem Kultroman ugekënnegt. An dësem neie Road Novel mécht sech en Erzieler mam Numm Christian Kracht op d'Spuere vu senger Familljegeschicht a liwwert niewebäi de Portrait vun enger staarker Mamm, där hire Mann, genee wéi dem Auteur säi Papp, Manager vum Springer-Verlag war. De Frédéric Braun huet sech mam Claude Conter, Kracht-Spezialist an Direkter vun der Nationalbibliothéik, iwwer dëst Buch ënnerhalen.

auto_stories

5 min

De ganzen Interview mam Claude D. Conter lauschterenplay_arrow


Fréderic Braun: A sengem neie Roman "Eurotrash" fiert e fiktionaliséierte Christian Kracht mat senger alkoholkranker an inkontinenter Mamm e.a. duerch d'Schwäiz fir d'Familljefortune ze verprassen. Wat irreverent kléngt, ass wéi eng Spigelung ugeluecht vum Erzieler a senger Mamm, wéi en Exorzismus oder zumindest, esou kann een unhuelen, de Versuch Fridden ze maachen mat den eegenen Originne, woubäi explizitt op dem Christian Kracht säin éischte Roman "Faserland" ugespillt gëtt, dee viru 26 Joer erauskoum. Wéi hutt Dir dëse Roman gelies?

Claude Conter: Ech mengen déi Liesweis déi dir proposéiert ass ganz pertinent fir "Eurotrash". Si geet och eraus iwwer dat wat ech bis elo an de Literaturkriticke gelies hunn. Ech mengen si kënnt der Poetik vum Christian Kracht ganz no. Et ass jo als éischt emol e Roman deen eng Familljegeschicht rëm gëtt, déi allerdéngs e bësse privéiert ass. De Papp, deen ass just do als e Geescht, permanent am Kapp. Et ass och heiansdo wéi wann e real do wier mee et ass déi grouss Absence an dësem Roman. Et ass awer gläichzäiteg och en Deel vun deem, wat kéint als en Trauma gesi ginn vun deem Personnage dee sech Christian Kracht nennt.

Et ass net nëmmen eng Familljegeschicht, et ass mengen ech eng Geschicht iwwer e Verloscht a wéi een, innerhalb vun der Famill, Verloscht ugeet. Dat gëtt duerchdeklinéiert a wierklech ville Kapitelen. Et ass de Verloscht vum Papp deen omnipresent ass. Et ass de Verloscht vu klenge Saachen - déi Gemälde-Sammlung déi genannt gëtt an déi verschwonne wier. Et ass natierlech ganz bewosst de Verloscht vu Suen deen een a Kaf hëlt, well am Laf vun där Rees tatsächlech déi Suen verprasst ginn.

Et ass elo vill doriwwer geschwat ginn a wéi fern de Roman autobiographesch wier. Ech mengen, datt dat an déi falsch Richtung geet. Et sinn eenzel Biographemen déi vum Protagonist Christian Kracht kënnen an der wierklecher Biographie vum Auteur Christian Kracht kënne retracéiert ginn, wat awer net heescht, datt dëse Roman autobiographesch ass.

Dëse Roman, wou eng literaresch Figur - ech betounen dat: eng literaresch Figur - als Auteur "Faserland" schreift, deen also 26 Joer virdrun vun engem Christian Kracht erauskomm ass. Wann et elo awer net en autobiographesch gepräägten Roman ass, wann et net an éischter Linn eng Ausernaanerssetzung vum Christian Kracht mat der eegener Familljegeschicht, wat ass et dann?

Ech géif soen: et ass eng fiktional Metabiographie, an zwar als eng Léisung fir eng Familljegeschicht, déi offensichtlech dem Protagonist feelt, ze kompenséieren. De Christian Kracht hieft hei eng autobiographesch Liesweis ganz decidéiert op eng Meta-Ebene, wou et em d'Reflexioun geet, wéi een sech Familljegeschicht eigentlech kann uneegnen oder rekonstruéieren. An dat mécht hien deelweis op eng subtil Aart a Weis, deelweis op eng immens offensiv an iwwerdäitlech Aart a Weis, esou datt ee kann iwwerrascht sinn, datt de Roman trotzdeem nees reduzéiert gëtt op déi Liesweis.

E bëssen erënnert dëse Road Novel-Charakter um Thomas Bernhard säi "Wittgensteins Neffe", wou och eng ongläich Koppel duerch ganz Éisträich reest op der Sich no engem Exemplar vun der NZZ. Et huet awer och esou eppes Citizen Kane-Rosebud-haftes, wann den Erzieler sech um züricher Hauptbahnhof e Pullover keeft dee no Hee a Buedem richt. Wat heescht dat fir d'Generatioun "Faserland"?

Ech si ganz dankbar fir ären Hiweis op den Thomas Bernhard. Ech mengen, datt och am éischte Kapitel phaseweis esou e bernhardschen Toun matspillt. Et ass ee vum Christian Krach senge literaresche Pätter. Wat bedeit et fir déi Generatioun "Faserland"? Ech mengen, datt dat wat scho mat "1979" kloer ginn ass, mat dem Romaner "Ich werde hier sein im Sonnenschein und im Schatten", wat mat "Imperium", och nach mat "Die Toten" kloer ginn ass, ass datt d'Receptioun vu "Faserland" e groussen Iertum war. Et muss een et einfach esou gesinn. Et ass e literareschen Begrënnungsmanifest ginn fir déi sougenannten KiWi-Popliteratur an ech mengen datt et e ganz groussen Iertum war.

Wann elo viru kuerzem a Kriticken rëm bestëmmte Marke genannt ginn, bzw. statt eng Barbour-Jackett wéi a "Faserland" mer elo den Öko-Pullover hunn, dann ass dat net méi wéi e Spill, mee et war ëmmer schonn, och a "Faserland", eng Ofleenung vun deem wat aaner Leit grouss gefeiert hunn. "Faserland" ass eng grouss Ofleenung gewiescht vun engem Konsumverhalen. Dowéinst war och déi literaresch Traditioun an déi de Christian Kracht sech ageschriwwen huet, vum Brest Easton Ellis, vill ze staark. "Faserland" ass gefeiert ginn als eng Apotheos dovunner an et war genau eng Kritik dovunner. An dat gëtt och an dësem Roman däitlech.

Mir hunn et mat engem Personnage ze dinn, dee gepräägt ass vun enger Vergaangenheetsversiessenheet a net Verhaftetheet oder Verankerung a senger Welt. Deen ass am Kapp déi ganzen Zäit an der Vergaangenheet. An dat war duerchaus och schonn a "Faserland" de Fall, mee ech wëll dëse Roman och guer net mat "Faserland" vergläichen, well ech mengen datt se wierklech net vill mateneen ze dinn hunn an et fir mech méi e Marketing-Gag ass fir de Lien ze maachen tëscht "Faserland an "Eurotrash".


De Claude D. Conter ass ënner anerem Do-Editeur vu "Five Years" (2011), dem Bréifwiessel tëschent dem Christian Kracht an dem David Woodard a vum Sammelband "Christian Kracht: Leben und Werk" (2009). Aacht Joer laang huet de Claude D. Conter d'Nationaalt Literaturarchiv (CNL) geleet. Zanter 2020 ass hien Direkter vun der Nationalbibliothéik.