Mam Grand-Format "Spes" am Réck ass den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana gudder Hoffnung, in spe est souzesoen. Et géif virun allem drëms goen, fir den Dominique Lang als Mënsch, seng Konscht a säi kënschtlerescht Wierken duerzestellen. "Dat maache mir iwwer en Zyklus vu Konferenzen awer och iwwer d'Ausriichtung, datt mir ee ganz pedagogesche Volet wëllen eranhuelen."
De Mënsch Dominique Lang: deen ass 1874 an eng al Diddelenger Bauerefamill, déi sech gutt stoung, gebuer ginn. Mee dat war näischt fir hien: hien ass, géint de Wëlle vun den Elteren, op Antwerpe Konscht studéiere gaangen, ass als symbolistesche Moler op Diddeleng zeréckkomm. Do huet e sech schwéier gedoen, ënnert anerem och well en als ee vun de wéinege Lëtzebuerger am Quartier Italie gelieft huet.
Depressioun an Doud
De Lang huet ënner Depressioune gelidden; huet awer no Reesen an Italien an engem Studium un der Konschthéichschoul zu München seng Vocatioun fonnt: den Impressionismus, wouduerch en och d'Fotografie entdeckt a mam Café-Proprietär Umberto Cappelari am Quartier Italien e Fotostudio opgemaach huet. 1911 bestuet hie sech, fänkt un ze enseignéieren, seng Konscht - an där ëmmer méi e Refus vun der Industrialiséierung siichtbar ass - gëtt unerkannt. Da kënnt de Krich, den Dominique Lang gëtt krank a stierft 1919 mat nëmme 45 Joer.
Appell fir u weider Wierker ze kommen
Hien hannerléisst eng onkloer Zuel vun Tableauen. Bis elo sinn der maximal 93 jeemools eng Kéier ausgestallt gewiescht, seet den Dominique-Lang-Ausstellungskommissär Christian Mosar. Bis Hierscht 2019 gëtt et fir de Christian Mosar an den Diddelenger Service culturel deemno nach spannend. D'Equipe huet nämlech decidéiert, net ausschliisslech Lang-Wierker vun de Partnerinstitutiounen, wéi den Nationalmusée zum Beispill, ze weisen, mee en oppenen Appell un d'Bevëlkerung ze lancéieren an ze kucke wat geschitt. Idealerweis kéint d'Lëtzebuerger Konscht- a Geschichtsschreiwung virubruecht ginn.
Et géif een natierlech weider Tableauen an Zeechnunge vum Dominique Lang sichen, mee och Fotografien a geschriwwen Dokumenter vum Umberto Kappellari, déi nach net bekannt sinn, an déi vläicht a Privatbesëtz sinn.
"Mir sichen alles, wat Leit vläicht iwwer dat Grënnungsfest vun der Stad Diddeleng gesicht hunn. 1907 ass de Grënnungsdatum an 1908 ass e grousst Fest organiséiert ginn, wouvun et och eng grouss Affiche gëtt, déi den Dominique Lang gezeechent huet. Ginn et vun deem Fest nach Fotografien a privaten Albumen? Dat muss kee perfekt Dokument sinn. Eis interesséiert alles, wat aus där Epoch iwwereg ass."