Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Die Chronik der Anderen Bibliothek

Buchkritik

Die Chronik der Anderen Bibliothek

"Die Chronik der Anderen Bibliothek", editéiert vum Wilhelm Haefs a Rainer Schmitz, rekapituléiert eng ofwiesslungsräich Geschicht vun enger Buchrei hors normes. Wéi koum et, datt "Die Andere Bibliothek" Literaturgeschicht geschriwwen huet, a wat mécht d'Bicher aus dëser Rei esou aussergewéinlech?

auto_stories

4 min

Et huet Courage dozou gehéiert an och e Schotz Onverfruerenheet, wéi sech "Die Andere Bibliothek" mam Motto: "Wir drucken nur Bücher, die wir selbst lesen möchten" 1985 um Bichermaart etabléiert huet a sech direkt mat qualitativ héichwäertege Bicher profiléiere konnt.

Vun do un a bis haut hunn d'Editeuren et fäerdeg bruecht, all Mount ee Band erauszebréngen, woubäi all Buch eemoleg an der Presentatioun war a mat enger Typographie, déi dem Inhalt jeeweils ugepasst gouf.

Qualitéit ass e wichtege Kritär

Grousse Wäert gouf op d'Materialitéit geluecht, d'Bicher goufe mat Bläisaz gedréckt, et gouf Pabeier vu beschter Qualitéit benotzt an eng zolidd Veraarbechtung applizéiert. Jiddwer Text, dee fir d'Publikatioun geplangt war, gouf am Virfeld minutiéis gelies, wat am Verlagswiesen nach laang keng Selbstverständlechkeet ass.

Am Duerchschnëtt waren dräi Méint néideg fir e Band ze konzipéieren, den Text ze setzen, ze drécken an d'Buch ze bannen. Den Aarbechtsopwand an d'Suergfalt iwwer laang Dauer op allen Niveauen huet sech méi wéi bezuelt gemaach. Bis haut si wäit iwwer fënnef Millioune Bicher vun dëser Rei gedréckt ginn.

A Réckbléck op 33 Joer Geschicht

Am Fréijoer koum dee 400. Band vun der nummeréierter a limitéierter Originalausgab vun der "Anderen Bibliothek" eraus. E Jubiläum, deen den Ulass ginn huet, op déi 33 Joer Verlagsgeschicht zeréckzekucken. Déi béid Literaturwëssenschaftler a Publiziste Wilhelm Haefs a Rainer Schmitz presentéiere mat der "Chronik der Anderen Bibliothek" eng Bestandsopnam vun deene 400 Bänn, déi bis ewell erauskoumen.

Op Basis vun detailléierte Recherchen hu si eng historesch-dokumentaresch Chronik vun der Buchrei opgestallt, hunn niewent deene gedréckte Quellen och bis ewell onverëffentlecht an onbekannt Dokumenter ausgewäert a Gespréicher mat Leit gefouert, déi dobäi waren. Fir bibliophil Sammler besonnesch opschlossräich sinn Detailer vun der Ausstattung an der Gestaltung vu jiddwer Band, vun den Dréckereien, déi involvéiert waren an Informatiounen iwwer déi eenzel Auteuren.

Eng aussergewéinlech Gestaltung

Eréischt wann een dës Chronik liest, gëtt engem richteg bewosst, wéi anescht "Die Andere Bibliothek" am Verglach zu der Massewuer ass, déi am Sortiment ausläit. Déi aussergewéinlech Gestaltung, déi ongewinnten Titele vun deenen eenzele Bänn an d'Qualitéit vum Material a vum Inhalt goufe vun de Librairen, de Keefer, respektiv de Lieser an der Press op der ganzer Linn appreciéiert a gelueft.

Datt dës Erfolgsstory konnt zustane kommen, ass op déi glécklech a kongenial Kooperatioun vun zwou Perséinlechkeeten zeréckzeféieren, déi ufanks vun den 1980er Joren zesummefonnt hunn. Mat professionellem Knowhow an enger gudder Portioun Audace hu si déi wuel laangliewegst an erfollegräichst Hardcover-Rei am Segment vun der Literatur ervirbruecht a mat hir Literaturgeschicht geschriwwen.

Zwou bedeitend Perséinlechkeeten

Den Initiator war ouni Zweiwel de Franz Greno, ee vun de bedeitendsten a raffinéiertste Buchgestalter vun Däitschland, deen d'FAZ "kompromësslos a sengem Usproch op Qualitéit" beschreift, an deen d'Medien emol als "Haartgesottene Profi", emol als "Wonnerbart Schlitzouer" duergestallt huet.

Där anerer Perséinlechkeet gëtt nogesot, e "Meeschter vum dialekteschen Argument" ze sinn an iwwer eng "national Definitionsmuecht" ze verfügen. Gemengt ass den Hans Magnus Enzensberger, "Star der Bewusstseinsindustrie"," Zustimmungsverweigerer und stets selber Erzeuger des Windes". Hie gëllt als ee vu de wichtegsten däitsche Lyriker an Essayiste vun der Nokrichszäit. Als Kultur- an Zivilisatiounskritiker huet den Enzensberger et ëmmer erëm verstanen ze fesselen, ze provozéieren an natierlech och wesentlech Momenter am ëffentleche Gespréich unzestoussen a matzegestalten.

Eng grouss Erausfuerderung

D'"Chronik der Anderen Bibliothek" ass eng kritesch Dokumentéierung vun enger ofwiesslungsräicher Geschicht, déi net nëmmen Héichten, mee och Déifte kannt huet, net nëmmen Erfolleger, mee och Krisen. Déi wuel markantst war, wéi de Greno an Enzenberger ëm 2005 demissionéiert hunn.

Et war eng grouss Erausfuerderung Qualitéit an Originalitéit op héchstem Niveau weider gëllen ze loossen, woubäi jiddwerengem bewosst war, datt et quasi onméiglech wier, eng aner, nach besser "Andere Bibliothek" ze schafen. Datt dat Konschtstéck gelongen ass, hunn de weideren Erfolleg an d'Interessi un der "Anderen Bibliothek" bewisen.