Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Die Geschichte des Wassers - Maja Lunde

Buch-Tipp fir de Summer

Die Geschichte des Wassers - Maja Lunde

Mat hirer "Die Geschichte der Bienen" ass d'Norwegerin Maja Lunde als Schrëftstellerin an och als Ëmweltaktivistin international opgefall. Dat zweet Band aus hirer ekologescher Trilogie heescht "Die Geschichte des Wassers" an ass weltwäit och en groussen Erfolleg. Trotz e puer Schwächten ass d'Buch spannend geschriwwen. En hoffnungslosen Appell vun der Maja Lunde anescht mat eise natierleche Ressourcen ëmzegoen.

auto_stories

4 min

Beim éischte Band vun hirer ekologescher Trilogie "Die Geschichte der Bienen" hate mir mat dräi ënnerschiddlechen, mee anenee verstréckte Geschichten ze dinn: eng an der Vergaangenheet, eng am Präsenz an eng an der Zukunft. Beim zweete Band, "Die Geschichte des Wassers", konzentréiert sech d'Schrëftstellerin Maja Lunde op zwee Zäit-Niveauen, dem Präsenz an der Zukunft.

D'Natur fir Suen opginn

Déi éischt Geschicht spillt sech elo of. Eng einsam Ëmweltaktivistin, d'Signe, Enn 60, seegelt mat hirem Boot. Si war grad an hirer Heemecht Norwegen an hir Géigend d'Ringfjorden, do wou si opgewuess ass, a stellt fest, datt de Gletscher, dee si aus hirer Kandheet geschat huet, lues a lues verschwënnt. Schold ass hir Mamm an d'Awunner vun der Géigend, déi et zougelooss hu viru Joerzéngten, datt hei e Staudamm gebaut gouf, an domat och déi schéinsten a gréisste Waasserfäll vun Europa verschwonne sinn: d'Waasser gëtt fir Sue mëssbraucht.

D'Signe wëllt och hire fréiere Verloobten, de Magnus, zu rieds stellen. Och hien huet d'Natur opgi fir Suen an eng besser Plaz. An dofir seegelt d'Signe a Frankräich, mat u Bord Këschte mat Äisprouwe vum Gletscher, fir datt de Magnus sech déi a säi Cocktail maache kann. Ironie, versteet sech. D'Signe ass richteg rosen an determinéiert.

Virun der Dréchent flüchten

2041 a Frankräich: eis zweet Geschicht. De jonke Papp David ass mat senger Duechter op der Flucht, an zwar virun der Dréchent. Beim Fortgoe vun hirer Heemechtsstad Argelés a Südfrankräich wéinst engem Brand, huet den David ënnerwee seng Fra an de klenge Bouf August aus den Ae verluer. Si hu sech awer Rendez-vous ginn an engem Flüchtlingscamp, e bësse méi héich a Frankräich, mee d'Fra an de Bouf dauchen net op.

Wéi den David mat der Duechter Lou hei ukënnt, mierkt hien, datt relativ vill Klimaflüchtlingen ënnerwee sinn. Hien entdeckt, wéi deplorabel d'Liewen an esou engem Camp ass. D'Waasser gëtt ëmmer méi rar, genee wéi d'Iessensratiounen. Een Dag sinn déi Verantwortlech vum Camp an d'Rout Kräiz einfach fort. D'Flüchtlinge sinn op sech selwer gestalt. D'Anarchie setzt sech duerch.

Schicksaler, déi matenee verbonne sinn

Genee wéi bei "Die Geschichte der Bienen" weess d'Maja Lunde déi divers Schicksaler lues a lues mateneen ze verbannen, och wa se Joerzéngte ausernee leien. Villes verbënnt déi zwou Geschichten, net just d'Waasser, mee och divers Objete wéi e Boot, datt d'Signe seegelt, an den Davis eng 25 Joer méi spéit entdecke wäert a mat sengem Meedchen dovunner dreemt enges Daags, wann d'Waasser erëmkënnt, domat ze seegelen. Wat nach Alles geschitt a wat se matenee verbënnt, verrode mir net.

Wat allerdéngs am "Die Geschichte der Bienen" mat deene dräi Erzielungen als originell gewierkt huet, funktionéiert hei als Iwwerraschungseffekt net méi. Typesch fir d'Maja Lunde ass et, Geschichten a Schicksaler matenee ze verbannen, mat deene ee sech identifizéiere kann.

Klimaflüchtlingen ... geschwë bei eis?

Och an dësem zweete Band versicht d'Schrëftstellerin eis op eng Klimakatastroph hinzeweisen, d'Dréchent, déi sech lues a lues och bei eis eraschläicht. D'Waasser, dat knapp gëtt, d'Hëtzt, déi all Joer manner ze erdroen ass. A Schold si mir. Mir loossen dat zou, dee latent schläichende Klimawandel gesäit ee jo wuel kommen, mee d'Gefor wëllt een net onbedéngt wouer huelen, nom Motto, mir ass nach näischt geschitt.

An dach ass der Maja Lunde hir Projektioun vun der Zukunft net esou absurd. Klimaflüchtlingen ginn et schonn zu Milliounen op der Welt. An de Campen a Südeuropa si vill vun hinnen ënnerkomm. Ass et esou absurd ze denken, datt d'Hëtzt, Dréchent an d'Waasserknappheet och lues a lues déi südlech europäesche Länner bedreet? Dëst ass zum Deel schonn de Fall. Nach funktionéieren d'Infrastrukturen. An och d'Regierungen ënnerhuele Mesuren, datt et weidergeet. Nach ...

Spannend, mee net originell

Kuerz: "Die Geschichte des Waassers" ass vum Iwwerraschungseffekt net esou gutt, wéi "Die Geschichte der Bienen". D'Figure wéi eisen David, deen en neit Liewen ufänke muss, sinn e bësse passiv. D'Signe, wat jo vill erlieft huet, wierkt ze kal fir eng Ëmweltaktivistin, ze naiv an total a sech zeréckgezunn.

Et léisst ee sech awer vun "Die Geschichte des Wassers" captivéieren, an déi divers Schicksaler bleiwe spannend. Et waart een och gespaant op de Schluss, dee sech d'Norwegerin Maja Lunde ausgeduecht huet. De Message vum Buch, de Klimawandel, ass wuel net originell. Schued ass och, datt net méi Fakten dra stinn, an d'Buch vag bleift.

E Buch, dat net vill bäidréit zum Kampf fir eng besser Ëmweltpolitik. Hei schléit e weideren Alarm, eng weider Drëps am Mier, wéi en hoffnungslose Ruff mat eiser Äerd aneschters ëmzegoen. "Die Geschichte des Wassers" vun der Maja Lunde léisst sech gutt liesen a riicht sech u jiddwereen.