Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die Intelligenz der Pflanzen" vum Stefano Mancuso

Buch-Tipp fir de Summer

"Die Intelligenz der Pflanzen" vum Stefano Mancuso

Wat géife mir ouni Planze maachen? Héchstwahrscheinlech net vill, well mir brauche si fir ze iwwerliewen. Trotzdem wëssen eng gutt Partie Leit ganz wéineg iwwer eis Matliewewiesen.

auto_stories

7 min

Et gi Persounen, Situatiounen, Filmer oder Bicher, déi een op iergend eng Aart a Weis prägen. Ech ka mech nach un deen éischten "Toy Story" erënneren, deen ech mat siwe Joer gekuckt hunn. Meng Petzien an aner Spillsaachen hunn ech duerno mat aneren Ae gesinn.

23 Joer méi spéit ass et e Buch, dat mech anescht op Planze blécke léisst. "Die Intelligenz der Pflanzen" vum italienesche Biolog a Professer fir Planzenheilkunde Stefano Mancuso an der italienescher Wëssenschaftsjournalistin Alessandra Viola - an d'Däitscht iwwersat gouf den Text vun der Christine Ammann. Et ass e Plädoyer dofir, d'Planze méi wäertzeschätzen, well fir den Auteur gesi si net nëmme schéin aus oder riche gutt. Mee si si vill méi wéi dat.

Wëssenschaftlech, mee och subjektiv

Si Planzen intelligent? Dat freet den Auteur op der alleréischter Säit. De Stefano Mancuso definéiert Intelligenz hei mat der Fäegkeet, Problemer ze léisen. Den Neurobiolog fuerscht zanter Joren dorunner, wéi Planzen op Aflëss aus der Ëmwelt reagéieren.

D'Buch ass u sech eng wëssenschaftlech Aarbecht, déi awer och vill op subjektiv Andréck a subjektiivt Empfanne baséiert an dowéinst beim Mancuso senge wëssenschaftleche Kolleegen ëmstridden ass.

Ech hunn d'Buch mat enger Grëtz Naivitéit gelies a mech éischter inspiréiert, wéi beléiere gelooss. An ech muss soen, ech ginn zanterhier mat engem anere Gefill duerch eis Natur. Ech huelen d'Planze vill méi wouer a sinn erschreckt, wéi blann ech ganz dacks duerch d'Landschaft getrëppelt sinn.

Planze sinn intelligent

Planze sinn intelligent, do ass sech den Auteur absolut sécher - och ouni Gehir dat ausgesäit wéi eng deck Noss. Si kommunizéiere iwwer chemesch Moleküller mateneen an hunn e Sozialliewen.

Ganz besonnesch faszinant ass d'Kapitel iwwer d'Sënner vun de Planzen. Si hunn all d'Sënner, déi och Mënschen an aner Déieren hunn. Mee Planzen hunn - wéi de Stefano Mancuso seet - op d'mannst zéng Sënner méi wéi mir: nieft richen, schmaachen, gesinn, héieren a fillen, kënne si zum Beispill ganz präzis feststellen, wéi vill Fiichtegkeet am Buedem ass, a si wëssen, wou genee déi nächst Waasserquell ass.

Donieft besetze si e Sënn fir d'Schwéierkraaft an déi elektromagnéitesch Felder - duerch déi hire Wuesstem beaflosst gëtt. Si erkenne Familljememberen, kënnen Téin produzéieren an tauschen Informatiounen aus.

Planze kënnen och de Gehalt vu verschiddene chemesche Stoffer an der Loft an am Buedem bestëmmen.

"Ebenso wie mancher Gourmet noch feinste Spuren einer Zutat in einem Gericht ausmacht, können Wurzeln winzige Mineralstoffmengen in vielen Kubikmetern Erde aufspüren."

Mir hunn d'Planzen nach net ganz verstanen

Wéi si dat alles maachen ass ënnerschiddlech. Engersäits sinn d'Sënner an hire Wuerzele verankert, anerersäits an de Blieder oder och an deem gesamte planzlechen Organismus. Planze si komplex Liewewiesen a verstanen hu mir Mënsche si nach laang net. Obwuel mir zanter ongeféier zweehonnert Joer - zanter dem Ufank vun der Mënschheet, Säit u Säit liewen.

"Man sollte meinen , dies sei ausreichend Zeit, um jemanden wirklich kennenzulernen."

An de monotheistesche Reliounen, esou gëtt de Lieser gewuer, spillen d'Planzen eng méi oder manner wichteg Roll. Am Chrëschtentum zum Beispill - fir nëmmen eng Relioun ze nennen - gëtt de Planzen de Status als Liewewiese verweigert. Wéi den Noah am Alen Testament d'Liewewiese virun der Sintflut op d'Arche Noah gerett huet, goufe Planze mat kengem Wuert erwäänt. Och an anere Kulturen stinn d'Planzen op der Pyramid knapp iwwer den net liewegen Objeten.

E Bréifaustausch mam Darwin

Och an der Wëssenschaft, esou schreift de Stefano Mancuso, ass d'Planz deen "éiweg Zweeten". Wëssenschaftler, déi unerkannt wëlle sinn, fuersche gréisstendeels net u Planzen. Oder hutt dir schonn eppes vum italienesche Botaniker Federico Delpino héieren? Den "eigentlechen Erfinder vun der Planzebiologie". Hien hat, esou steet et am Buch vum Mancuso, e Bréifaustausch mam Charles Darwin - jo deen Darwin, deen déi meescht vun eis duerch seng Evolutiounstheorie kennen an deem mir eist Wëssen iwwer d'Entstoe vun den Aarte - virun allem den Déierenaarten - verdanken. Den Darwin kennen héchstwahrscheinlech déi mannst duerch seng Planzestudien, zu deenen hien och verschidde Bicher geschriwwen huet.

Am Bréifaustausch tëschent dem Englänner Darwin an dem Italiener Delpino geet et ëm d'Symbios tëschent Seejomessen a Planzen, der sougenannter Myrmekophylaxis. D'Planze produzéieren Nektar, normalerweis an der Bléi, fir Insekten unzezéien a sech esou weider ze produzéieren.

Nektar muss awer net onbedéngt an der Bléi produzéiert ginn, mee kann och an den extrafloralen Nektarien hiergestallt ginn. Heivu ginn d'Seejomessen ugezunn, déi sech ganz gäre vum Nektar ernären. Am Géigenzuch verteidege si d'Planzen.

"Wie brave Soldaten schützen die wohlgenährten Ameisen die Pflanzen vor ihren Feinden, den Pflanzenschädlingen. Jeder, der sich schon einmal auf einer Wiese niedergelassen und die Bisse der aggressiven Hautflügler zu spüren bekommen hat, weiß, wovon Delpino redet."

Bei de Seejomesse ginn déi meescht Wëssenschaftler vun engem intelligente Verhalen aus, well si hir Fudderquell verteidegen. Bei de Planzen dogéint si sech d'Botaniker net esou eens. De Federico Delpino awer war der Iwwerzeegung, datt et eng bewosst Strategie vun de Planzen ass, a si dowéinst intelligent handelen.

Mir brauchen d'Planzen

D'Planzewelt ass déi leschten an der Rei - och an der Wëssenschaft, seet de Stefano Mancuso a sengem Buch "Die Intelligenz der Pflanzen". Dobäi kéinte mir ouni Planzen net iwwerliewen. D'Planzen dogéint hätten absolut keng Problemer ouni eis eens ze ginn.

Et ass erstaunlech, wéi vill Notze mir vun de Planzen hunn, a wéi wéineg mir se trotzdeem kennen. Villes, wat an de Planze virkënnt, fanne mir a synthetiséierter Form an eiser Hausapdikt. Donieft - an dat ass jo fir eis essentiell - produzéiere si natierlech Sauerstoff an hëllefen eis, eist Doheem ze bauen - wa mir just un d'Holz denken.

Net ze vergiessen ass de positiven Effekt vu Planzen op d'Gesondheet an déi mënschlech Psych. Eng deementspriechend Etüd aus Dänemark vun der Universitéit zu Aarhus koum dëst Joer eraus. Wien an engem gréngen Ëmfeld géif opwuessen, wier spéider manner ufälleg fir Depressiounen oder aner psychesch Krankheeten, heescht et hei.

Planze kënne Mënschen heelen

Donieft hu Planzen, wéi de Stefano Macuso schreift - déi aussergewéinlech Fäegkeet de Mënsch vun héichgeféierleche Substanzen ze befreien - déi en dacks selwer produzéiert - an déi Substanzen dann onschiedlech ze maachen. Dowéinst géifen et och Versich mat verschiddenen Technologië ginn, fir de Buedem an d'Gewässer mat Hëllef vun der sougenannter Phytosanéierung ze entgëften. E grousst Potenzial, dat trotzdem nach ganz um Ufank steet.

"In dem Masse, wie wir zulassen, dass immer mehr Pflanzenarten aussterben, gehen uns vermutlich unzählige noch unerforschte Möglichkeiten verloren, unseren Planeten wirksam, kostengünstig und ohne Nebenwirkungen von Schadstoffen zu befreien."

An dat ass schued an traureg. Dowéinst géif ech gäre jiddwerengem "Die Intelligenz der Planzen" uroden ze liesen, well een e ganz anere Bezuch zu eise Matliewewiesen entwéckelt, se méi wouer hëlt a schätze léiert.

Den Auteur erkläre op eng passionéiert Aart a Weis, wisou Planzen intelligent sinn an dat mat ville Beispiller, déi dann och fir Net-Biologen a Botaniker novollzéibar sinn.

Planze sinn ëmmer do an dach kenne mir esou wéineg vun hinnen. Et ass erschreckend, datt mir zouloossen, datt vill Aarte vum Ausstierwe bedreet sinn, villes, wat eis Grousselteren an Urgrousselteren nach wousste mat hinnen unzefänken, mir awer vläicht ni geléiert oder leider verléiert hunn.