Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E kuriéist an eenzegaartegt Wierk

Die Toten von Spoon River

E kuriéist an eenzegaartegt Wierk

Am Buch "Die Toten von Spoon River" aus dem Jung und Jung Verlag léisst den Edgar Lee Masters déi verstuerwe Matbierger aus senger Heemechtsstad erëm zu Wuert kommen. Déi profitéieren a vollen Zich vun der Geleeënheet, well si déi allgemeng Hypokrisie, wéi et se am richtege Liewen ebe gëtt, net méi néideg hunn. Wat een do alles gewuer gëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.

auto_stories

3 min

"Spoon River Anthology' ass an Amerika praktesch jidderengem e Begrëff an et gëtt do kaum eng Librairie, déi des Anthologie net an hirem Sortiment féiert. No sengem Erschéngen 1914 ass dat Wierk vum Edgar Lee Masters schnell zu engem Kultbuch avancéiert. Haut ass d'"Spoon River Anthology' e Klassiker vun der amerikanescher Literatur. De Jung und Jung Verlag presentéiert elo "Die Toten von Spoon River' fir d'éischte Kéier an enger ongekierzter englesch-däitscher Ausgab, mat ausféierleche Kommentare vum Claudio Maira.

Den Edgar Lee Masters gouf 1868 gebuer an ass 1950 am Alter vun 81 Joer gestuerwen. Hie wuar Affekot a Schrëftsteller, huet Theaterstécker, Romaner a Biographien e.a. vum Abraham Lincoln, Walt Whitman a Mark Twain geschriwwen. Eréischt mat der Spoon River Anthologie awer, vun der et am Kanon vun der Weltliteratur kaum eppes Vergläichbares gëtt, huet den Edgar Lee Masters sech zweiwellos en Denkmal gesat.

Wärend senger Zäit als Affekot zu Chicago huet hien seng éischt Gedichter ënnert engem Pseudonym verëffentlecht, mat Andréck an Erënnerungen aus senger Kandheet zu Lewistown an zu Petersburg (praktesch zwou Nopeschstied) am Illinois. Net wäit vu sengem Doheem leeft de Spoon River laanscht an do gouf et eben och de Kierfecht vun Oak Hill. D'Leit déi hei begruewe louchen, hunn de Masters ganz besonnesch interesséiert an inspiréiert. Si léisst hien a senger Anthologie "Die Toten von Spoon River' erëm zu Wuert kommen. D'Gedichter, déi een hei liest, sinn autobiographesch Grafriede vu Matbierger, déi den Auteur selwer kannt huet oder deenen hir Geschichten hie gezielt krut.

Eng Aberzuel un Temoignagen

"Die Toten von Spoon River' portraitéiert an insgesamt 241 Duerstellungen, de Liewenswandel vun 212 Personnagen. Emol ginn hier Meritten an hir Defiziter duergestallt, emol gëtt ee gewuer, wéi se gestuerwe sinn. Natierlech ginn och déi géigesäiteg perséinlech a noperschaftlech Bezéiungen am Gudden an am Schlechten thematiséiert, an esou entsteet en zimmlecht gewotent, profant a realistescht Bild vum enger ruraler Communautéit. Et sinn déi Doudeg selwer, déi den Edgar Lee Master zu Wuert kommen deet an déi profitéieren a vollen Zich vun der Geleeënheet, well si déi allgemeng Hypokrisie a Bigotterie, wéi et se am richtege Liewen ebe gëtt, net méi néideg hunn.

Déi eng erziele Geschichten oder markant Evenementer aus hirem Liewen, anerer nörgelen doriwwer, wéi hiert Graf a Stand gehale gëtt, oder erzielen d'Ëmstänn vun hirem Doud. Et ass offensichtlech, dat et hinnen elo, wou se net méi um Liewen Deel hunn, egal ass, wéi eng Konsequenzen hier Aussoen hunn; si huele kee Blat méi virun de Mond, an et schéngt hinne gutt ze doen, endlech emol all déi Fassade bréckelen ze dinn, hannert deenen si sech zäitliewens verstoppt hunn. - Esou léiert een z.B. dee Geschäftsmann kennen, dee säin Erfolleg sengen Eltere verdankt, wärend op enger anerer Platz um Kierfecht eng al Fra lamentéiert an déi honorabel Persoun hiren illegitimme Jong nennt. - Am remarkabelsten ass awer d'Schicksal vum Ann Rutledge, déi 1813 gebuer gouf, an der lokaler Legend no eng Jugendléift wuar, vum Abraham Lincoln, dem 16. President vun de Vereenegte Staaten. Dës Bezéiung ass zwar historesch net beluecht, mee den Edgar Lee Masters krut se esou vu sengem Grousspapp erzielt.

E kuriéist an eenzegaartegt Wierk

Bei der Éischtverëffentlechung vun dëser Anthologie sinn déi posthum Ageständnesser bei de Leit vu Lewistown an Ëmgéigend net gutt ukomm. Dowéinst gouf dëst Wierk, trotz dem Erfolleg deen et vun Ufank un hat, gläich no der Publikatioun vun 1915 un a bis 1975 (also praktesch 60 Joer laang) aus de Schoulen an de Bibliothéike vu Lewistown verbannt. - An der Tëscht hunn d'Zäiten awer geännert an haut steet um Oak Hill Cemetery vu Lewistown eng Statue vum Edgar Lee Masters.

"Die Toten von Spoon River', e kuriéist an eenzegaartegt Wierk aus dem Jung und Jung Verlag ass op jidder Fall eng Entdeckung wäert.