Radioen

On air

Notturno  |  Kate NV - Plans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diffus Spuren aus enger reeller Vergaangeheet

Sie kam aus Mariupol

Diffus Spuren aus enger reeller Vergaangeheet

"Wann s du gesinn häss, wat ech gesinn hunn ..." D'Natascha Wodin kritt dës Wieder ëmmer erëm vun hirer Mamm ze héieren. Mee eréischt en halleft Joerhonnert nom Suicide vun der Mamm versteet déi ukrainesch-däitsch Schrëftstellerin dës Ausso. Eng Biografie iwwert e Liewen ënner dem Regimm vum Stalin an der uschléissender Zwangsaarbecht an Nazi-Däitschland.

auto_stories

2 min

Sie kam aus Mariupol. Mat "sie" ass d'Mamm vun der Schrëftstellerin Natascha Wodin gemengt. Si selwer gouf 1945 an engem bayreschen DP-Lager gebuer. DP steet fir Displaced Persons - hir Eltere waren 1944 als sowjetesch Zwangsaarbechter an Däitschland deportéiert ginn.

D'Schrëftstellerin ass an engem Kannerheem opgewuess, hir Mamm hat sech d'Liewe geholl, wou d'Natascha 10 Joer al war. Si huet vill méi spéit Sprooche studéiert, als Iwwersetzerin geschafft an ass fir hir Literatur mat ville Präisser ausgezeechent ginn. An nach vill méi spéit huet si sech op d'Spure vun hire Virfahre gemaach.

Diffus Souveniren

Eng éischter zoufälleg Recherche um Internet mécht der Wodin eng Welt op, déi si bis dohinner net wollt kennen. Vun där si just ganz kleng Stécker, niwweleg an diffus an Erënnerung hat. Souveniren, vun deene si net méi wousst, ob se reell oder just e Produit vun hirer Fantasie waren. Well Fantasie huet dat klengt Natascha als Kand vun de Feinden am Nokrichsdäitschland gebraucht fir iergendwéi z'iwwerliewen.

Am éischte Kapitel erzielt d'Natascha Wodin iwwer hir Kandheet, vum verschwommene Bild vun der Mamm, a wéi si mat Hëllef vun engem Friemen iwwert e russesche Forum um Internet op eemol Zougang zu hirer eegener Geschicht kritt. Zu enger Famill mat där si bis dohi just duerch e puer verblatzte schwaarz-wäiss Fotoe verbonne war.

Eng reell Geschicht

D'Natalja Nikolajewna Wdowina stéisst permanent op nei Informatiounen iwwer déi adeleg Racinnen, iwwer de bolschewistesche Geescht, iwwer Verbriechen an Talenter. A virun allem doriwwer, wat totalitär Regimmer mam Mënsch maachen a wat si him undoen.

Wat sech wéi eng Mëschung aus Solschenizyn an Dostojewski liest, ass déi reell Geschicht vun der ukrainesch-russescher Vergaangenheet vun der Schrëftstellerin.

Ech ka just all Lieser de Rot ginn, während der Lecture eng Sichmaschinn bei Hand ze hunn, fir all di friem Plazen, bekannten Nimm, wonnerschéi Stëmmen a grujeleg Verbriechen nozeliesen, ze lauschteren an z'entdecken. An net ze vergiessen.

D'Natascha Wodin schreift an enger Sproch, déi mol ganz haart, mol ganz poetesch ass. Si spigelt all Moment hir Verfassung op dëser aussergewéinlecher Rees an d'Vergaangenheet.