Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diktatur Light?

Kulturchronik

Diktatur Light?

Zu Venedeg um Campo San Stefano, nëmme fënnef Minutten zu Fouss vum Lëtzebuerger Pavillon ewech, ass am historesche Palazzo Lezze de Pavillon vum Aserbaidschan aquartéiert. Dat fir d'Dauer vun der 57. Konschtbiennale. Et ass eng Ausstellung, déi net onëmstriddene ass.

auto_stories

3 min

Op der Konschtbiennale vu Venedeg hunn dëst Joer eng 87 Länner deelgeholl. Eent vun hinnen ass de facto eng Diktatur. Gemengt ass den Aserbaidschan, ënnert der Regierung vum President Ilham Aliyev, deen elo scho 14 Joer am Amt ass. Hie féiert, wéi virdru säi Papp, en autoritäre Regime a stäipt sech op Persounekult, Nepotismus, Pëtroldollaren a Verfolgung vun allen Oppositionellen. De Weste kuckt ewech, well duerch dësen Deel vum Kaukasus soll de Gas-Pipeline-Projet Nabucco realiséiert ginn.

Ënnert dem Titel "Under one Sun - The Art of Living Together" weist de Staat aus dem Kaukasus e Choix vu Wierker, déi grad esou dekorativ, wéi harmlos wierken. Hei stellt den Aserbaidschan sech als friddlechen Villvëlkerstaat duer. Eng Natioun, déi et fäerdegbruecht huet, d'Konscht vum "friddlechen zesummeliewen ze beherrschen". Esou steet et tatsächlech am Katalogtext vun der Ausstellung vu Venedeg. D'Haaptattraktioun vum Pavillon si grouss Installatioune mat Museksinstrumenter, déi de Kënschtler Elvin Nabizade aus traditionellen Instrumenter vu sengem Land fabrizéiert huet.

Onofhängeg Curateuren?

Zwee Curateurë sinn erausgesicht ginn, fir dat hei z'organiséieren an ze vertrieden. Deen een ass den Emin Mammadov, en Aserbaidschaner, dee fir d'Heydar Aliyev Foundation zu Baku schafft. Dës Fondatioun bezilt de Pavillon zu Venedeg. D'Presidentin dovunner ass d'Meriban Aliyev, d'First Lady vum Aserbaidschan.

Deen zweete Curateur vun dëser ästhetesch éischter harmloser Schau ass de Martin Roth, eng Koryphee aus der europäescher Muséeswelt. Hie war tëscht 2011 an 2016 den Direkter vum renomméierten Victoria & Albert Musée. Viru London war hien den Direkter vun de staatleche Konschtsammlunge vun Dresden, déi eng 12 Muséeë regroupéieren. Dobäi kënnt nach, datt de Martin Roth beim däitschen Ausseministère de Beroder a Saache Kultur ass. Den Martin Roth hat zu London aus Protest géint de Brexit demissionéiert.

Wéi kann et elo sinn, datt grad esou een de Curateur vum nationale Pavillon vum Aserbaidschan gëtt?

"E Modell fir en tolerant Zesummeliewen"

Den Prof. Dr. Roth schreift a sengem Pressetext, datt hei net nëmmen déi kulturell Diversitéit vum Aserbaidschan en Thema wier. Hien hätt grad jonk Kënschtler erausgesicht, fir deenen un d'Häerz ze leeën, datt si hir Meenung soe sollen an hir Fräiheet an enger gemëschter Gesellschaft duerstelle sollen. "Aserbaidschan ass e Modell fir en tolerant Zesummeliewe vu Leit aus ënnerschiddleche Kulturen," sot hien. "Dat ass de Grond, wéisou mir jonk Kënschtler gefrot hunn, de Sujet op eng couragéiert an oppen Aart a Weis unzegoen."

Nodeems dat Ganzt awer déi lescht Woch scho fir zimlech vill Opreegung gesuergt hat, huet hien e kuerze Statement ofginn: "Ech maache jo keng Propaganda fir d'Regierung vum Aserbaidschan. Ech fannen et ëmmer schwiereg iwwert eppes Komplizéiertes ze schwätzen, ouni sech dobäi ze bedeelegen." Wie mat him géing zesummeschaffen dee wéist, datt hien net nëmmen eppes mécht, mä gläichzäiteg versicht, sech erauszehalen.