Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dionne Warwick - Walk On By

Sample vun der Woch

Dionne Warwick - Walk On By

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

D'Dionne Warwick ass 1940 zu New Jersey an den USA gebuer.

Verschidde musekalesch Hannergrënn

Och wann d'Warwick als Kand an der Kierch gesongen huet, ass si keng Gospel-Sängerin. D'Ella Fitzgerald an d'Sarah Vaughan si kloer Aflëss, awer si ass och keng Jazzsängerin.

R&B ass e weideren Deel vun hirem Hannergrond, awer si ass och net wierklech eng Soul Sängerin, zumindest net esou wéi d'Aretha Franklin. Si ass souzesoen eng komplex Mëschung vun all deem, an enger Period, an där d'Elvis Presley Ära just eriwwer, an d'Beatles Mania nach net ganz do war.

Hire Sound ass definéiert duerch hir zwee musikalesch Mentoren a Produzenten: de Burt Bacharach, deen d'Musek entworf huet an den Hal David, deen d'Texter geschriwwen huet. Et ass an deem Kontext, wou d'Lidd "Walk on By" am Joer 1963 entstanen ass. Dat Lidd war op hirem drëtten Album "Make Way for Dionne Warwick".

Walk on By

"Walk on By" ka wierklech e Pop-Standard genannt ginn. D'Lidd war op Plaz 51 op der Rolling Stone Lëscht vun The 500 Greatest Songs of All Time, deen zweet héchste Solo Song vun enger Fra op där Lëscht no "Respect" vun der Aretha Franklin.

D'Lidd gouf Dosende Mol gecovered ginn, zum Beispill vun de Stranglers, Gloria Gaynor, D-Train oder Seal, mee dem Bobby Bieles seng Liblingsversioun ass den 12 Minutte Cover vum Isaac Hayes. Hien huet d'Lidd fënnef Joer no der Warwick nei opgeholl fir säin Album "Hot Buttered Soul".

Déi schwéier an düster Gittar um Ufank vum Hayes sengem Cover gouf dacks gesampelt, zum Beispill am MF Doom sengem "Dead Bent" op sengem Album "Operation Doomsday" vum Joer 1999. Hie spillt dem Hayes säi Sample méi séier of a mécht e bizaart Storytelling Lidd doraus.

Eng aner bemierkenswäert Versioun vum Cover vun der Dionne Warwick gouf um Lidd "Une balle dans la tête" vun der Bréisseler Grupp De Puta Madre benotzt. Dat war op hirem Album mam selwechten Numm, deen am Joer 1995 erauskoum.