Ass de Rick Deckard e Replikant oder net? Genee dës Fro stelle sech Cinéphile ronderëm d'Welt zënter 35 Joer. An dobäi war dat während der turbulenter Produktioun vum Ridley Scott sengem "Blade Runner" eng Fro, déi sech guer net gestallt gouf. Eréischt dono huet de Scott ëmmer nees gesot, datt den ikonesche Personnage vum Harrison Ford en Android wier. De Ford huet dat selwer awer ëmmer nees vu sech gewisen. An och fir den Denis Villeuve, dee vum Scott den Optrag krut, fir d'Suite vum Klassiker ze realiséieren, ass d'Fro méi komplex wéi dat.
Positiv Kritike fir "Blade Runner 2049"
"Blade Runner 2049" heescht dëse mat Spannung erwaarte Sci-Fi-Film. Am Film iwwerhëlt de Ryan Gosling d'Roll vum Officer K a geet op d'Juegd no Replikanten, déi hire mënschleche Pendanten net follegen. D'Relatioun tëscht de Mënschen an den Androiden ass net déi Bescht grad. Mä enges Dags gëtt de K eppes gewuer, dat déi héich Instanzen dozou verleet, hien ze sichen an z'eliminéieren. Seng eenzeg Hoffnung ass de Rick Deckard, dee säit Joerzéngten ënnergedaucht ass. D'Projektioune fir d'Press ronderëm d'Welt hunn iwwerschwänglech positiv Kritike mat sech bruecht. De Konsens ass iwwerwältegend. A wann dat tatsächlech esou ass, dann dierft de Villeneuve den neie Gott um Hollywood Himmel sinn. An dat bei enger Filmlängt vun zwou Stonnen 43 Minutten.
Een zweet cinematographescht Meeschterwierk kéint méiglecherweis den Documentaire "1000 Joer Buerg Clierf - Land a Leit" sinn. De Marc Thoma, dee mat "Emil" an "D'Engelcher vu Schëndels" säin Talent ënner Beweis gestallt huet, huet elo mat engem gréissere finanziellen Opwand d'Geschicht vun der Buerg zu Clierf op de groussen Ecran bruecht. Eng dokumentaresch Aarbecht, an där jorelaang Wee-Begleeder mat optrieden.
Den Éisträicher Michael Haneke ass fir seng nei, franséischsproocheg Realisatioun op Calais gaangen, fir am Film "Happy End" d'Geschicht vun enger biergerlecher Famill z'erzielen. Dat natierlech virum Hannergrond vun der nach ëmmer aktueller Flüchtlingskriis. "Tout autour le monde et nous au milieu, aveuglés". Mat dësem Saz kéint een de Film resüméieren.
D'Kritiker hunn am Fréijoer zu Cannes gestänkert, mä eleng de Casting léisst sech awer weisen. An dat fir den éischten Haneke-Film zënter fënnef Joer. De Jean-Louis Trintignant ass mat dobäi, genee esou ewéi d'Isabelle Huppert, mat där den Haneke schonn am Ganze véier Mol geschafft huet. Och de Matthieu Kassovitz an den Englänner Toby Jones si mat vun der Partie.
"Le sens de la fête" ass den neie Film vum Olivier Nakache a vum Eric Toledano. Den Duo hannert dem Weltsuccès "Intouchables" an dem net esou erfollegräiche "Samba". "Le sens de la fête" dierft d'Frënn vum Jean-Pierre Bacri an de Kino lackelen. Deen huet virun e puer Wochen am leider zimlech ënner-duerchschnëttleche "Grand Froid" matgespillt.
De Jean-Pierre Bacri spillt een Traiteur, dee säin Job zënter méi wéi 30 Joer meeschtert, wéi wéineg Leit a sengem Domaine. Am Film muss hie mat senger Ekipp eng Hochzäitgesellschaft an engem Schlass aus dem 17. Jorhonnert verwinnen. De Max fänkt awer un, altersbedéngt, e bëssi d'Läpper hänken ze loossen. Hie muss dofir nach vill méi op seng Ekipp zielen, fir déi perfekt Soirée ze maachen.
De Film soll anscheinend op de Bacri zougeschnidden a - geschriwwe sinn. Donieft spillen och de Jean-Paul Rouve, de Gilles Lellouche, d'Eye Haidara, de Vincent Macaigne an d'Suzanne Clément mat. "Que la fête commence", hoffentlech.