Noruff Djordje Balasevic - De jugoslawesche Bob Dylan ass dout

De pannonesche Matrous, huet hie sech selwer genannt, de leschte Jugoslaw, titelt den éisträichesche Standard, de jugoslawesche Bob Dylan, de Schwäizer Tagesanzeiger. An der ganzer internationaler Press kritt de Djordje Balasevic, deen de leschte Samschdeg un de Suitte vum Covid-19 gestuerwen ass, en Noruff. De Chansonnier aus Novi Sad huet och d'Liewe vun eiser Mataarbechterin Valerija Berdi gepräägt. Si stellt dësen aussergewéinleche Museker vir.

Valerija Berdi / cbi

Djordje Balasevic
Foto: CC BY 2.0 - flickr.com/romanski/

"Wann ich fort gehe

Wenn der Teufel mich durch die Hauptgasse begleitet

Wenn das Mondlicht meine Spuren verweht

Dann sei nicht traurig

Denn jedem fliegt iergendwann

Die kleine stumme Nachtigal an die Türschwelle..."

Elo ass hien och gaangen, am Alter vu 67 Joer ass de Djordje Balasevic a senger Heemechtsstad Novi Sad an der Vojvodina gestuerwen. Dausende vu Leit sinn a fréiere jugoslawesche Republicken op d'Strooss gaange fir dem pannonesche Matrous Äddi ze soen.

Hie wier e grousse Museker gewiescht, mee virun allem e couragéierte Mënsch, dee wärend der schlëmmster Zäit vum Krich sech a seng Famill a Gefor bruecht huet fir all deenen, déi fir dës Kricher responsabel waren, d'Stier ze bidden, seet den international unerkannte Schauspiller Rade Serbedjija.

Räich u Poesie

Seng musikalesch Karriär ass 1977 ugaange mat der Band "Zetva" an da "Rani Mraz" - de fréie Frascht an der Iwwersetzung, an do ass d'Lidd "Racunajte na nas - Dir kënnt op eis zielen" bekannt ginn.

Mat deem Text huet hie sech zum Tito an deem sengem Regime bekannt a huet e grousse Succès gefeiert. Seng Solo-Karriär fänkt dann 1982 un. Seng Texter si vu grousser Poesie, räich un aussergewéinleche Wierder, Metapheren, et si Libeslidder, sozialkritesch an immens witzeg Texter, ëmmer antinationalistesch a pro-jugoslawesch.

Géint de Krich

"Samo da rata nebude" - et soll nëmme kee Krich ginn - schreift hie seng Ballade schonn 1987 - dräi Joer virum bluddegen Zerfall vu Jugoslawien - et gëtt eng Hymn am fréiere sozialistesche Land an hien ass den éischte serbesche Museker, deen e Concert zu Sarajewo nom Krich gëtt - 1998 virun engem begeeschterte Publikum.

"Weess de wat, all Mierer sollen ënnergoen, all Gletscher sech zerstéieren, den éiwege Schnéi soll schmëlzen, de Reen soll ni ophalen, d'Donnere solle verréckt ginn, mee Haaptsaach et gëtt kee Krich..."

De Krich ass awer komm an de Balasevic huet virun allem un der Kritik um Milosevic a Konsorten net gespuert. Hien huet awer net just d'Politiker, mee all déi, déi de Krich an de Zerfall vu Jugoslawien guttgeheescht an ënnerstëtz hunn, bloussgestallt.

Datt net jiddweree mat him frou war, läit da wuel op der Hand.

Gedenken un den Ambassadeur vum Fridden

Dëse Weekend ware d'Stroosse vun Novi Sad, der vojvodianescher Haaptstad, déi mat Esch och déi europäesch Kulturhaaptstad 2022 ass, mat Masse vu Leit gefëllt, déi seng Lidder ënner der Leedung vum nationalen Theater gesongen hunn, d'Luuchten op der Festung Petrovaradin, dem Symbol vun Novi Sad, sinn an der Nuecht vu Sonnden op Méinden ausbliwwe fir dem Ambassadeur vu Fridden Äddi ze soen.

E Mann, dee Generatioune mat senge sentimentalen a bëssegen Texter begleet huet mat sengem Doud eng Well vu Nostalgie ausgeléist, wéi een ënner den Dausende vu Kommentaren ënner Hashtag Balasevic liese kann a vläicht och en nohaltege Gedanke vu Fridden a Rapprochement.

Ech erlabe mer op dëser Plaz Merci ze soe fir all déi wonnerschéin Texter, déi mech beréiert a gepräägt hunn. Srecan tu put, Djole.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Sandra Gugic - Zorn und Stille
Sandra Gugic -Zorn und Stille

Eng komplex Geschicht iwwer eng Famill, déi ganz ënnerschiddlech Vuen op d'Liewen, op Vergaangenheet an Erwaardungen huet. "Zorn und Stille" ass op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis gelant.

Peter Handke Wikimedia Commons Analys
Ëmstriddene Literaturnobelpräisträger

Dem Handke säi Reesbericht "Eine winterliche Reise zu den Flüssen Donau, Save, Morawa und Drina" huet 1996 Polemik ronderëm den aktuellen Literaturnobelpräislaureat ausgeléist.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen