Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ documenta 14: Eng politesch Ausstellung

Zäitgenëssesch Konscht

documenta 14: Eng politesch Ausstellung

Déi nei Editioun vun der documenta steet ënnert dem Motto "Vun Athen léieren". Et ass eng vun de weltwäit gréissten Ausstellunge fir zäitgenëssesch Konscht. Nächst Joer soll d'Evenement fir d'éischte Kéier zäitgläich op zwou Plaze sinn: Zu Kassel an zu Athen. Dëser Deeg war den Optakt vum kulturelle Programm, deen op déi offiziell Ouverture am Abrëll hiféiert.

auto_stories

4 min

Adam Szymczyk (Kënschtlereschen Direkter), Linnea Dick (Kënschtlerin), Niillas Somby (Journalist). Foto: Alkyone Karamanolis

"Ech wollt ee Raum schafen, dee sech permanent verännert", seet de Kënschtler Andreas Angelidakis. Hien huet d'Parlament vun de Kierper kreéiert, ee Raum mat grousse Cuben aus Schaumgummi, déi sech verschibe loossen. An dësem Sall sinn déi ëffentlech Virféierunge vun der Athener documenta 14. D'Haaptiddi vum Programm wier et, de Mënschen hir Virstellungen dovun, wéi a wou diskutéiert gëtt, ze hannerfroen, erkläert den Andreas Angelidakis. "A wéi mécht een dat? An deem een de Raum verännert, an deem diskutéiert gëtt."

34 Kënschtler an Aktiviste sollen am Kader vun der documenta 14 zu Athen dat a Fro stellen, wat d'Mënsche fir selbstverständlech halen: Demokratie, politesch Representatioun, d'Verhältnes tëscht Fräiheet an dem fräie Maart, tëscht Minoritéiten a Majoritéiten oder nach d'Definitioun vum Geschlecht.

Kultur als Aktivismus

Déi 14. Editioun vun der Athener documenta huet schonn am Virfeld vill Kritik kritt. Dëst, well d'Konschtausstellung an engem Gebai ass, an deem d'Militärpolice während der griichescher Militärdiktatur vu 1967 bis 1974 hire Sëtz hat. Dat ass bei ville Leit net gutt ukomm. An der griichescher Press gouf gesot, de Programm vun der Expositioun wier "lénks" a "vu gëschter". Dem Kënschtler Andreas Angelidakis no sinn dës Kritiken awer net eescht ze huelen. D'Journalisten déi dat geschriwwen hätten, wieren net interessant. "Et ka sinn, datt si fir wichteg Zeitunge schreiwen. Mee déi gi schonn zënter laangem vun den Editeure gesteiert." Fir de Kënschtler, dee laang tëscht Griicheland a New York gependelt ass, ass d'Gebai eng Erausfuerderung: Hien huet déi verbaute Fënsteren nees opgemaach fir esou en Dialog tëschent der Stad an deem donkele Kapitel vun hirer Geschicht z'erméiglechen.

De Curateur vun den ëffentleche Programmer, de Paul B. Precadio, hunn d'Kritiken an den Zeitungen esouguer begeeschtert: D'documenta wier nach ni eng harmlos Ausstellung gewiescht. "Mir geet et net drëms, datt de Mainstream mech gär huet." Hie wier en Transgender-Aktivist: Kultur wier Aktivismus. D'Schreiwen, d'Philosophie an d'Konscht wiere Politik. Vill Leit géinge soen, datt den ëffentleche Programm vun der documenta 14 immens politesch wier. "Fir mech ass et immens reell. Mir sinn zu Athen. Hunn d'Leit geduecht, ech géif schick Partien organiséieren?"

"Epitaph for Democracy" Foto Alkyone Karamanolis

Vun Athen léieren

De ganzen ëffentleche Programm vun der documenta 14, déi gläichzäiteg zu Kassel ofgehale gëtt, dréint sech ëm Athen. Datt den zweete Site vun der Expositioun an der griichescher Haaptstad ass, dat wier ee Statement, mengt de Paul B. Preciado. Athen wier eng vun de weltwäit wichtegste Stied fir ze verstoe wat uechter d'Welt géif geschéien. "Athen steet symbolesch fir de wirtschaftlechen a politeschen Echec vum europäesche Projet." Dofir wier Athen och déi beschte Plaz fir sech ze wieren a no Äntwerten a neie politeschen a wirtschaftleche Léisungen ze sichen.

De Slogan vun der documenta 14 ass "Vun Athen léieren." Eng Provokatioun? Nee, mengt de Paul B. Preciado. Wien de Slogan provokativ géif fannen, dee géif denke wéi de Mainstream. Mee genee déi Denkweis wéilt d'Expositioun hannerfroen.

"Et geet em Liewen an Dout"

Eng vun de Performancen heescht "Epitaph for Democtacy", Graf-Ried vun der Demokratie. Si dréint sech ëm déi griichesch Finanzkris, déi euopäesch Regierung an d'Matbestëmmung vun de Bierger. Mam Programm wëll de Curateur provozéieren. Dat wier néideg, seet de Paul B. Preciado. "Ech enseignéiere Studenten a wat mir opfält ass hir Verzweiflung. De gängegen Discours léist bei hinnen nëmmen Angscht a Verzweiwlung aus." D'Studenten hätten d'Gefill, si hätte keng Zukunft, dofir wiere si destruktiv. Aus deem Grond misst ee Weeer fanne fir d'Kreativitéit, d'Hoffnung an d'Freed erëm z'erwächen. "Ee Wandel ass just da méiglech, wann een d'Denkweis vun de Mënsche verännert."

Dem Curateur seng Iddie gi vill kritiséiert: Begrëffer wéi "Fräiheet" an "Demokratie" sinn a Griicheland héich politesch a brisant. Dat wier normal, seet de Paul D. Preciado. A Griichenland géing et ëm d'Iwwerliewe goen. "Während 'Leit a Nordeuropa hire Mëllechkaffi genéissen, stierwen hei Mënschen, well de Gesondheetssystem net méi fonctionnéiert. Vum Zoustand vun de Schoulen a Muséeë guer net ze schwätzen." Fir hien als Kënschtler wier et schlëmm ze gesinn, wéi schlecht et de Muséeë géif goen. "Si sinn dee wichtegste Katalysator fir politesch Imaginatioun."