Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dogma-Stil op der Sauer

Nei am Kino

Dogma-Stil op der Sauer

"De Buttek", sou heescht dem Lëtzebuerger Acteur Luc Feit säin éischte laange Film hannert der Kamera. An där batter-béiser Komedie spillen, nieft dem André Jung, ënnert anerem de Germain Wagner, d'Anouk Wagener, de Luc Schiltz an d'Fabienne Hollwege.

auto_stories

3 min

Den Änder (André Jung), schappege Proprietär vun enger klenger Geschäftsketten, luet d'Gerante vu senge Butteker op eng Chrëschtfeier an. Den Owend an engem verkommenen Hotel op der Sauer fänkt mat enger net grad erfreelecher Nouvelle un: den Änder huet, sou seet hien, nëmmen nach sechs Méint ze liewen... Donieft huet hien och säi leifleche Jong Philippe komme gelooss. Papp a Kand goufen eréischt viru Kuerzem vun hirer respektiver Existenz an d'Bild gesat...

E Fest, dat degeneréiert

Fir säin éischte Long métrage hanner der Kamera huet de Lëtzebuerger Acteur Luc Feit eng batter-béis Komedie an Zeen gesat. "De Buttek" ass eng Variatioun vun där fir de Kino klassescher Geschicht vum Familljefest, dat lues a lues degeneréiert. Hei ginn d'Familljememberen - gréisstendeels - duerch Geschäftspartner a Personal ersat.

Hir frëndschaftlech Gefiller dem Änder géigeniwwer triede séier an den Hannergrond: ëmmerhin gëtt e Nofollger fir de Buttek gesicht, an d'Rivalitéiten an der Geschäftswelt stinn dem Haasspotential, dat bekanntlech an deene beschte Famillje gäert, an näischt no... Ee Konkurrenzkampf, deen zu enger Suite vun amusante Reiwereien a Picke féiert a sech héichschaukelt bis hin zu enger bizare-absurder Course mat Behënnerteweenercher!

De Film ass virun allem a senger éischter Hallschent, wéinst sengem schwaarzen Humor, immens witzeg. De Luc Feit setzt manner op elaboréiert Slapsticken, déi sech zu enger Pointe entwéckelen. Villméi läit d'Komik am Zesummeschnëtt vun enger Hellewull u klenge Momenter (oder Gags). De Montage produzéiert een Accumulatiounseffet, deen d'Laachmuskelen nawell op eng haart Prouf stellt! De Film notzt hei geschéckt d'Villfalt u Personnagen. D'Acteuren, ënner deenen den André Jung besonnesch ervir ze sträichen ass, maachen iwwregens all eng propper Aarbecht, zemools an den - dem Uschäin no - improviséierte Momenter.

Kitscheg-schappeg Ästhetik

Wichteg ass déi schappeg a kitscheg Atmosphär an deem verkommenen Hotel bei der Sauer, mat sengem "villsäitege" Receptionist an engem automatesche Père noël, dee richteg nervt...

Och d'Ästhetik vum Film wierkt (gi mer mol dovunner aus: gewollt) bëlleg. Si erënnert un den Dogma-Stil, sou wéi Cineaste wéi Lars von Trier oder Thomas Vinterberg e viru Joren emol definéiert haten: wéi vun Amateure gefilmt a montéiert, ouni kënschtlech Luucht, asw. Grad wéinst deem méi ongewinnte Stil brauch een e bëssen, fir an ee Film eranzekommen, deem seng Stäerkt wéi gesot an der méi witzeger éischter Hallschent konzentréiert ass. De Rescht ass méi nodenklech a verléiert un Intensitéit, eppes wat déi iwwerraschend Opléisung da probéiert opzefänken.

Alles an allem fënnt ee Gefalen um Luc Feit sengem Debutfilm "De Buttek". Mat senger spezieller Ästhetik geet de Realisateur duerchaus de Risiko an, déi Spectateuren ofzeschrecken, déi sech um Ecran geleckte Biller erwaarden. Mee matzen am zimmlech konformistesche Lëtzebuerger Mainstream wierkt dat erfrëschend.