Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DOK Leipzig

Filmfestival

DOK Leipzig

DOK Leipzig, sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn. Zu Leipzig existéiert dëse Festival schonn zanter 62 Joer.

auto_stories

6 min

De Leipziger Dok Festival ass e ganz speziellen. Engersäits ass et den zweet gréissten an Europa an huet eng grouss international Ausriichtung. Anerersäits gouf de Festival 1955 an der DDR gegrënnt an huet domadder och eng wichteg lokal Roll. D'Leena Pasanen ass d'Directrice vum Leipziger DOK an erkläert, wéi si mat där Mëschung ëmginn:

"Et war eng Zort Plattform tëschent Ost a West, fir Mënschen hei hinner ze kommen an en Dialog ze féieren an op eng gewësse Weis déi aner Säit ze gesinn, dat wat Anescht ass, an dëst ass eppes, wat sech nach ëmmer erëmspigelt am Wëllen ze verstoen, dem Wëllen en Dialog ze féieren, wat ech wierklech wierklech appreciéieren. Mir suerge fir e spezielle Programm ëmmer och mat der offizieller Selektioun, fir sécher ze goen, datt et Filmer an Theme gëtt, mat där sech déi lokal Audienz och identifizéiere kann an appreciéiert. Natierlech wann et dann zur grousser internationaler Kompetitioun kennt, versiche mir d'Grenzen ze erweideren, versichen ze kämpfe fir genuch gutt Filmer ze hunn, déi hei hir Weltpremière hunn. Engersäits gëtt et enProgramm, deen international interessant ass, fir eise Status ze behalen, fir déi international Press, d'Keefer, d'Distributeuren an aner Festival Programmateuren unzezéien, a gläichzäiteg muss ee kucken, datt déi lokal Audienz, déi haaptsächlech an de Kinoe vertrueden ass, och Denkustéiss kritt a Filmer, déi se richteg gären hunn."

E grousse Choix u Filmer

Iwwer 3.000 Filmer goufen agereecht. 161 hunn et an déi offiziell Kompetitioun gepackt a weider 150 Filmer lafen zousätzlech an engem groussen Zousazprogramm mat ënnerschiddlechen Themen. Filmer aus Kroatien, Iran, Hommagen u Kënschtler, Wierker aus der DDR, der BRD, wéi och VR Filmer a Filmer fir Kanner sinn dobäi.

Am Schnëtt flimmeren 12 Filmer gläichzäiteg iwwer d'Leinwand an dëst aus Ronn 60 ënnerschiddleche Länner. Et ass e schier iwwerwältegende Programm. D'Leena Pasanen zielt, wéi eng Krittäre fir hir Selektioun wichteg sinn:

"Ech denken, wann ee gesäit wat fir Filmer mir auswielen, een och gesäit, datt et do vill Raum gëtt fir all Mënsch seng eege Meenung ze maachen, seng eege Conclusioun vum Film ze zéien. Ech hat nach ni Filmer gären, déi engem soen, wat een denke soll. Wat ech gären hu si Filmer, wou ee kloer d'Meenung vum Filmmécher gesäit an awer genuch Raum huet, fir selwer d'Situatioun ze verstoen a seng eege Réckschlëss ze zéien, nodeems een de Film gesinn huet. Wat op alle Fall richteg wichteg ass fir eis, ass déi kreativ Qualitéit vum Film, mir wiele keng Filmer aus, just wéinst dem Thema, dee se behandelen, mir gi wierklech mat Filmer, déi och gutt gemaach sinn, déi kreativ sinn, déi gutt gezielte Geschichte sinn an dat ass wierklech wierklech wichteg fir eis am Prozess vun der Selektioun."

D'Leena Pasanen ass Direktesch vum DOK Leizip Festival. Foto: Susann Jehnichen

De ganze Programm leeft ënner dem Motto: Wiem gehéiert d'Wourecht? Dëst Thema ass och keen Zoufall. D'lescht Joer gouf et vill Protester, nodeems zwee Filmer gewise goufen an deene Riets Extremer a Populisten ze gesi waren.

Kritiker hu gefaart, datt esou Filmer den Neonazien ze vill Reklamm géing maachen. D'Leena Pasanen erkläert hir Vue op dëse Konflikt:

"Et war kloer ze gesinn, datt et e Besoin gëtt fir méi déif Diskussiounen doriwwer ze féieren, wéi ee mat Filmer ëmgeet, déi sech mat Theme beschäftegen, déi schwiereg sinn an eiser aktueller politescher Landschaft, an eiser haiteger Gesellschaft, wéi mer mat Personnagen ëmginn, déi kontrovers sinn. Wéi mer Kritik uwenden, muss se ëmmer direkt a verbal sinn, wat fir Méiglechkeeten et ginn, fir datt de Film e staarken Impakt huet. Dat heescht, mir wollte wierklech eng breet Diskussioun doriwwer feieren, wéi ee Filmer deit, wéi ee méi kreativ Dokumentarfilmer deit. An a menger Iddi reflektéiert dat op eise gesamte Programm, dee mir hei hunn. De Besoin vun Dialog, de Besoin ze verstoen an och de Besoin nozelauschteren an net ëmmer just ze jäizen."

Vill international Filmer

Am Palmarès fënnt een déi Sich no Wourecht och erëm. De franséisch litauesche Film "Exemplary Behaviour" beschäftegt sech mat der Fro vu Schold a Bouss um Beispill vun zwee liewenslänglech veruerteelte Kriminellen.

Nom Mord vu sengem Brudder freet sech de Regisseur Audrius Mickevicius, ob Schold jeemools verjäert. En zousätzleche Präis geet un den däitsche Film "Zustand und Gelände" vun der Ute Adamczewski. D'Regisseurin filmt Plazen a Sachsen, deenen een net méi ugesäit, datt se 1933 Plaze vun der NS-Verfolgung waren. Aus dem Off kommen dozou Erënnerunge vu Betraffener aus der Zäit nom Krich.

Den italienesche Film "Siddharta" vum Damiano Giacomelli an dem Lorenzo Raponi zielt iwwer d'Liewe vun engem néng Joer ale Jong mat sengem Papp. Ouni Stroum oder soss Komfort liewe si ofgeleeën an Italien an engem klengem Haus, wou och ëmmer erëm Mënschen aus aller Welt si besiche kommen. Et ass en wäertungsfräie Film, bei deem een als rouege Beobachter dat ongewéinlecht Liewe vun engem liewege Jong matkritt.

Filmer, déi prägen

Zum Schluss zielt d'Leena Pasananen nach, wéi eng Filmer si gepräägt hunn, dorënner och "Das Forum" vum Marcus Vetter. A 50 Joer bréngt fir d'éischte Kéier en Dokumentalist et fäerdeg, hanner d'Kulisse vum Welt-Wirtschaftsforum ze blécken.

"Wat e fir eis och wierklech interessant gemaach huet, war de Fait, datt e weist, datt d'Liewen net Schwaarz oder Wäiss ass. Datt een ebe gutt Absichte kann hunn, an da kommen anerer a benotzen se fir hir eegen Ziler. An et gëtt Kritiker an d'Méiglechkeet fir en Dialog ze féieren, wei een domadder ëmgeet. Dat heescht, ech denken et war en interessanten Abléck. Jo vläicht en anere Film vun deem ech ziele kann ass "Waterproof". Iranesch Handwierkerinnen, well wéi ee weess an deem Land, en Handwierker, wann et e Mann ass, kann net de Spullsteen an der Kiche flecken, wann eng Fra eleng doheem ass. Also ass et vill méi praktesch, eng weiblech Handwierkerin ze hunn, an et ass eben déi ganz Aart a Weis, wéi déi Fraen hiert Geschäft opbauen, wat wierklech gutt ass. Dëst si just e puer Beispiller vu praktesch der ganzer Diversitéit, déi mir hei hunn."

Déi wéinegst Filmer wäerten et leider an eise Kinoen ze gesi ginn. Dat muss Interesséierter awer net verzichte loossen. Am Partenariat mam Festival ginn et eng Rei Streaming Plattformen, wou een e puer vun de Filmer an nach vill méi um Internet ka kucken.