Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dominanz vum Pessimismus

Literaresch Rares

Dominanz vum Pessimismus

Et ass sécherlech keng Ënnerhalungsliteratur, déi den albanesche Schrëftsteller Fatos Kongoli mat sengem Roman "Die albanische Braut" realiséiert huet. De Kongoli erlaabt de Lieserinnen an de Lieser unhand vun engem Personnage vill iwwert d'Situatioun an d'Liewen am fréieren Diktator Enver Hoxha sengem Albanien gewuer ze ginn.

auto_stories

3 min

D'Valerija Berdi recommandéiert "Die albanische Braut"

Albanien am Fréijoer 1991. Den Thesar Lumi ass, wéi dausenden Albaner mat op e Schëff geklomme fir an Italien d'Fräiheet a Räichtum ze fannen. Mä de leschte Moment sprengt den Thesar vum Schëff a vu senge Liewenspläng erof an decidéiert a sengem Land ze bleiwen. Et ass keng Heemechtverbonnenheet oder iergend eng Nostalgie, déi de Protagonist zu dëser Decisioun verleet huet. Et ass e "Vide" deen hien empfënnt an esou och kee Sënn an enger Flucht gesäit. "Die albanische Braut" heescht dem Fatos Kongoli säi Roman an der däitscher Iwwersetzung, wat och nom Liese kee richtege Sënn ergëtt. Den Originaltitel bedeit "De Verluerenen", wat dann och der Liewensgeschicht vum Thesar Lumi, dem Erzieler perfekt entsprécht.

Melancholie awer keng Nostalgie

Erof vum Schëff, huet den Thesar u sech kee Plang a geet an e Bistro. Hie sicht am Cognac Trouscht a léisst derbäi sengen Erënnerunge fräie Laf. Eng latent Melancholie ass dann och vun Ufank un erauszeliesen. Den Thesar Lumi huet net vill Schéines, un dat hien sech erënnere kann, et ass keng Nostalgie ze verspieren, wann hie vu senger Kandheet erzielt:

Ich wusste nicht, dass Hulusi, der Nachbar eine Etage über uns, der wichtigste Mann im Städchen war. Ich wusste nicht, dass meine Eltern für die Wohltaten des Schutzengels Hulusi einen dauernden Tribut zu errichten hatten: Den Verzicht auf ihre Würde. Überhaupt wusste ich damals vieles noch nicht, was das Leben mir im Laufe der Zeit beibringen sollte. Mein Verstand bot mir damals eine schlichte, bescheidene, man kann wohl sagen, durch und durch konformistische Lösung für dieses Dilemma an: Alle Menschen waren Schauspieler (...) Sie wechselten laufend die Masken.

Weder an der Frëndschaft nach an der Léift geléngt et dem Protagonist eng Relatioun, déi unhält an hien erfëllt opzebauen. Am Géigendeel, alles a sengem Liewen ass ambivalent, ouni Dauer, ouni Perspektiv. Seng desparat Gedanken droen natierlech net zu iergend engen Erfolleg bäi, hie gesäit sech selwer als e Mënsch ouni Wäert an ouni Notzen.

Gesamtbild vun der albanescher Gesellschaft

Am Fong geholl geet et an dësem Roman net onbedéngt ëm de Personnage vum Thesar Lumi. De Fatos Kongoli zeechent unhand vun der individueller Geschicht e Gesamtbild vun der albanescher Gesellschaft, wéi se ënnert dem Regime vun Enver Hoxha existéiert huet. Et ass eng Konfrontatioun mat enger Gesellschaft. déi an enger Atmosphär gelieft huet, déi vu permanenter Onsécherheet, Mësstrauen an Angscht gefëllt war. De Pessimismus dominéiert, well och nom Ausbroch aus der Isolatioun, ass sech den Thesar wéi vill Albaner bewosst datt d'Wuert Fräiheet wonnerbar kléngt, mä an hirer Realitéit en Zil ass dat net just doduerch erreecht gëtt datt een op e Schëff a Richtung Italien klëmmt.

Den albanesche Schrëftsteller Fatos Kongoli, zielt nieft dem Ismail Kadaré zu de bedeitendsten albanesche Schrëftsteller. Zanter 1990 gi seng Bicher och am Ausland iwwersat. "Die albanische Braut" ass am Fischer-Verlag erauskomm.