Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nobel-Laureat Imre Kertesz dout

Literatur

Nobel-Laureat Imre Kertesz dout

Am Oktober 2002 krut den Imre Kertesz als éischten ungaresche Schrëftsteller de Nobelpräis fir Literatur. De Romancier, Essayist an Iwwersetzer ass op dësem Donneschdeg am Alter vu 86 Joer gestuerwen. De Kertesz huet d’Hell vun de Konzentratiounslageren Auschwitz a Buchenwald iwwerlieft, eng Erfahrung, déi hien a sengem bekannte “Roman eines Schicksallosen/Etre sans destin” verschafft huet.

Jean Claude Majerus, md

auto_stories

7 min

Imre Kertesz [(cc) Csaba Segesvári via Wikimedia commons]

D'Experienzen aus der Nazi-Zäit lafe wéi ee roude Fuedem duerch d’Wierk vum Imre Kertesz, um Beispill vun engem Primo Lévi, engem Jorge Semprún oder och Elie Wiesel. Dem Kertesz säi Schreiwen ass en Ausdrock vun Erënnerung a vun Observatioun, ouni awer ze condamnéieren. Säi Literaturnobelpräis hat hien och net nëmmen als eng Belounung fir sech selwer mee fir déi ganz ungaresch Literatur gesinn.

De Kertesz ass den 9. November 1929 an enger jüdescher Famill zu Budapest op d’Welt komm. 1944 gouf hien am Alter vu 15 Joer deportéiert, fir d’éischt op Auschwitz-Birkenau, duerno op Buchenwald. 1945 koum hie fräi. Et war ee Lous, mat deem den Imre Kertesz sech net identifizéiert huet, et kann een net selwer iwwer Differenze jugéieren, dofir war de giele Stär do.

De Kertesz huet an Ungarn un engem Tabu gekraazt

An de Joeren no senger Liberatioun hat de Kertesz als Redakter, Auteur vun Komedie fir den Theater an Iwwersetzer vun de Philosophe Nietzsche a Wittgenstein geschafft. Seng Erënnerungen un d’Shoah hunn en dobäi awer ni lass gelooss. Vu 1960 bis 1973 huet den Imre Kertesz u sengem Haaptwierk « Etre sans destin », oder op däitsch: « Roman eines Schicksallosen » geschriwwen. Den Opus Magnum zeechent sensibel, mee och grad esou distant de Liewenswee vun engem Jugendlechen duerch déi däitsch KZer.

De Schrëftsteller huet drop vertraut, datt déi onmoralesch kal Zeile vun sengem Buch, d’Moral vum Lieser blesséiere géifen, datt de Lieser sech iergert, well den Auteur sech net iergert, mee alles ouni Rebellioun, bal scho mat enger gewësser Akzeptanz. De Kertesz huet mat sengem Thematiséiere vun der Exterminatioun vu 60.000 ungaresche Judden un engem Tabu gekraazt. D’Deportatioun vun den ungaresche Judde gouf deemools vun Däitschland ordonnéiert, responsabel fir Deportatioun waren awer déi ungaresch Autoritéiten.

Op Aenhéicht mat Primo Levi oder Jorge Semprún

Déi kommunistesch Spëtzt an Ungarn, déi sech no der antisowjetescher Revolutioun 1956 etabléiert hat, wollt keng Diskussioun iwwert d’Vergaangenheet opkomme loossen. An och 1989/90, nodeems d’Berliner Mauer gefall war, goufen d’Fakte vum zweete Weltkrich weider ignoréiert. An Ungarn hu se op de Mythos vun der duebeler Afferroll gepocht, ënnert dem Faschismus an ënnert dem Kommunismus.

Eréischt 1996, wéi dem Imre Kertesz säi “Roman eines Schicksallosen” an enger däitscher Iwwersetzung erauskoum, ass d'Welt op hien opmierksam ginn. Och wann et ville net an de Krom gepasst hat: de Kertesz hat eng Diskussioun lancéiert. D’Kritiker hunn dem Kertesz säi Buch op ee Niveau gestallt wéi aner Wierker vu Schrëftsteller, déi de KZ iwwerlieft hunn, wéi eben de Levi oder de Semprún.

Kritiker vun der Regierung Orban

D’Romaner déi nokoumen, wéi “Fiasko”, Kaddisch für ein nichtgeborenes Kind”, oder och “Liquidation” hu sech all mam “Roman eines Schicksallosenverknäppt, zu enger - wéi den Imre Kertesz seet - « Tetralogie der Schicksallosigkeit”. Den ungaresche Schrëftsteller huet ëmmer nees iwwert Auschwitz geschriwwen, an eraus koum alles anescht wéi eng monoton Literatur vun engem Zäitzeien. Dem Auteur louch vill drun, datt déi schrecklech Geschicht vun de Konzentratiouns- a Vernichtungslager vun de Nazien net sollte vergiess ginn. Hie war sech bewosst, datt seng Generatioun déi lescht reell Zeie vun där Zäit waren, dofir sot den Auteur ëmmer: “Frot eis dach alles!”

Déi lescht Joeren huet den Imre Kertesz zu Budapest gelieft, mee huet ëmmer betount, datt hie mat der aktueller ungarescher Politik ënnert dem Premier Victor Orban net averstane war. Den däitsche Verlag Rowohlt huet annoncéiert, datt am Hierscht d‘Iwwersetzung vum Imre Kertesz sengem Tagebuchband “Der BetrachterAufzeichnungen 1991-2001” géif erschéngen. An Ungarn läit et zënter dem 10. Mäerz vir.