Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Gespréich mam Douglas Kennedy

LuxFilmFest

Am Gespréich mam Douglas Kennedy

Eng 14 Millioune Bicher iwwersat an iwwer 20 Sproochen huet den amerikanesche Bestseller-Auteur Douglas Kennedy am Laf vu senger Carrière verkaf. Am Kader vum Lëtzebuerger Filmfestival war hien zu Lëtzebuerg an huet iwwert seng Léift fir de Kino geschwat.

auto_stories

2 min

De Michel Delage am Gespréich mam Douglas Kennedy

Den Auteur Douglas Kennedy ass 1955 zu New York gebuer, mä e war scho vill an Europa ënnerwee. Duerch Romaner wéi "Pursuit of Happiness", oder och der Verfilmung vu sengem "L'homme qui voulait vivre sa vie", ass hie bekannt ginn.

Kreativitéit wiisst an haarden Zäiten

D'Wiel vum Donald Trump als neien US-President ass fir den Douglas Kennedy eng Katastroph. Am Verglach zum Donald Trump wier de fréiere republikanesche President, George W. Bush, ee raisonnabelen Typ gewiescht. Senger Meenung no wier et awer trotzdem eng staark Period an den USA fir d'Kreativitéit, an extremen Zäite géif d'Kultur wuessen, esou de Kennedy. Dat hätt och schonn d’Geschicht bewisen.

“D’Wirtschaftskris an den 30er Joren während der Weimarer Republik war d'Period vu Leit ewéi Bertholt Brecht, Kurt Weil, Thomas Mann, d'Zäit vum Fritz Lang, vum Josef von Sternberg. Nom Éischte Weltkrich war d'Situatioun a Frankräich och net immens stabel an awer war et eng Period, déi immens kreativ war."

De "Film noir" wier zwar an Amerika entstanen, an hätt virun allem säin Héichpunkt während an nom Zweete Weltkrich gehat. Mä fir hie wieren et éischter Europäer zu Hollywood gewiescht, wéi de Billy Wilder, de Fritz Lang an de Joseph von Sternberg, wéi Amerikaner. De Film "Double indemnity" vum Billy Wilder, mat Dialoge vum Raymond Chandler, hält den Douglas Kennedy fir e Meeschterwierk vum amerikanesche Kino.

Et muss ee sech um Liewe bedeelegen

Hie selwer gesäit sech als ganz normale Mënsch, dat wier awer dacks de Problem bei Artiste wéi dem Woody Allen, dass si sech ecartéiere géifen. "Et muss een um Liewe bedeelegt bleiwen a fir mech ass de "Film noir" eng richteg Reflexioun, wéi och a franséische Krimien fir d'Liewen ze verstoen, wéi zum Beispill d'Occupatioun. Et muss een "La neige était sale" vum Georges Simenon, deen a Frankräich gelieft huet, liesen."

Seng eege Romaner wéi "Piège nuptial" an "L'homme qui voulait vivre sa vie" wieren och Stécker am Genre vum "Film noir", mä se wieren awer anescht. Hie selwer gesäit sech am Kreativen e bëssen als Schizophren u well, "Ech änneren déi ganzen Zäiten: "Ech mengen, ech sinn ee seriöe Roman-Schreiwer, deen am Stil vum 19. Joerhonnert schreift."