Radioen

On air

Notturno  |  Vic Chesnutt - Chinaberry Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Konferenzen iwwer d'Konschtwelt

Luxembourg Art Week

Dräi Konferenzen iwwer d'Konschtwelt

Am Kader vun der véierter Luxembourg Art Week 2018 stoungen dräi ëffentlech Konferenzen am Zeeche vun der nationaler- an internationaler Aktualitéit aus der Konschtwelt. Moderatioun hat de Christian Mosar, fräie Curateur, respektiv Konschtkritiker a fräie radio 100,7-Mataarbechter. Verschafft goufen d'Konferenze vum Carlo Link.

auto_stories

2 min

"Le marché de l'art en surchauffe", war d'Konferenz vum 9. November iwwerschriwwen, mat der Georgina Adam, Autorin, Journalistin a Mataarbechterin bei der Financial Times - The Art Newspaper. D'Georgina Adam hat 2017 d'Buch "Dark Side of the Boom: The Excesses of the Art Market in the 21st Century" publizéiert, an deem si déi verstoppte Säit vum internationale Konschtmaart weist. Zanterdeem sinn d'Präisser weider geklommen, wéi de Verkaf a Rekordhéicht vum "Salvator Mundi" weist, deen dem Leonardo da Vinci attribuéiert gëtt. De Konschtmaart - eng Loftblos déi gläich platze wäert?

Lauschterenplay_arrow


"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", war d'Konferenz vum 10. November iwwerschriwwen. De Conferencier war den Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker. 1998 hat Lëtzebuerg d'Manifesta 2, déi nach ganz jonk europäesch Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht, opgeholl. Mat der Manifesta ass Lëtzebuerg op d'Weltkaart vun der moderner Konscht komm, verschidde lokal Kënschtler konnte sech international bekannt maachen.

Duerch eng Kombinatioun vu glécklechen Ëmstänn konnt 1996 de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain kreéiert ginn an 1995 war de Succès vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis op der Biennale zu Venedeg. Allgemeng koum d'Begeeschterung op, wéi Lëtzebuerg 1995 Ville Européenne de la Culture gouf, an net ze vergiessen, wéi d'Parlament dat selwecht Joer gréng Luucht ginn hat fir d'Kreatioun vun engem Musée mat moderner Konscht, de spéidere Mudam Luxembourg. De Conferencier kuckt an dëser Konferenz zeréck op d'Phas vun der kënschtlerescher Entwécklung an hirer Ierfschaft zu Lëtzebuerg, mee och op hir Erausfuerderungen a Limitten.

Lauschterenplay_arrow


"Le musée à l'époque contemporaine", war d'Konferenz vum 11. November iwwerschriwwen, mat der Suzanne Cotter, nei Directrice vum Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Directrice vum Centre Pompidou-Metz. Zesummen diskutéiere si iwwer d'Roll vum Musée haut a skizzéieren d'Erausfuerderungen an d'Opportunitéiten, déi si an den nächste Joren erwaarde wäerten.

Lauschterenplay_arrow