Radioen

On air

Tockcity  |  Isaac Delusion - Disorder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dramwelt an de Rotonden

Ausstellung

Dramwelt an de Rotonden

Duerch en däischtere Gang betrëtt een déi däischter Galerie vun de Rotonden, an där fënnef international Kënschtler:inne mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz eng Dramwelt geschaaft hunn. De Ben Kobs war do fir sech, mat de Kënschtler:innen, ee Bild vun der Ausstellung "The moon is full, but it is not the moon" ze maachen an iwwer de Prozess hanner der Kreatioun ze schwätzen.

auto_stories

3 min

Sechs Méint laang hu fënnef Kënschtler:innen hir Dreem opgeschriwwen an Internauten dozou opgeruff, dat Selwecht ze maachen. Texter, déi dann duerch eng kënschtlech Intelligenz nei interpretéiert an zesummegesat gi sinn.

Den Titel "The moon is full, but it is not the moon" ass ee vun de ville Sätz, déi dës rausgespaut huet.

Seismesch Aktivitéit vu Planéiten

Aus dem net sou darken Net ass dann eng dark Installatioun an de Rotondë ginn. An engem däischtere Raum solle Videoinstallatiounen, Skulptur, a participativ Elementer de Visiteur an eng surreal Parallelwelt bréngen.

D'Immersioun gëtt awer virun allem duerch d'musikalesch Ënnermolung gedroen. Op der Sich no dem perfekte Soundtrack fir en Dram, hunn d'Kënschtler sech fir de Weltall entscheet: Der italienescher Musekerin Agnese Toniutti hir Stécker baséieren op NASA-Opname vu seismescher Aktivitéit op verschiddene Planéiten.

Däischter, schwéier, an ausserierdesch, weist d'Soundkuliss, wéi wäit der Agnese Toniutti hiert Instrument, de Piano, goe kann, seet si:

"Every sound in the soundtrack should have been done with the piano. This was a rule for myself. So, with the use of what is called "extended technique", you do not just play the piano on the keyboard as we are used to. You use every part of the piano in the inside and outside."

Kënschtlech Intelligenz als Inspiratioun

Gigabyte iwwer Gigabyte vun Drambeschreiwungen zu enger eenzeler Erfarung zesummenzefüge war ee wichtegen Defi fir d'Kënschtler:innen.

D'italienesch Installatiounskënschtlerin Gioj de Marco huet sech dofir mam Entwéckler Loris D'Acunto zesummegesat, fir de "Collective Dreamworld Project" ze starten.

Op dëser Internetsäit kann de Public anonym Dramerzielungen deelen, déi da vun der K.I. zu engem laangen Text verbonne ginn, deen als Inspiratiounsquell fir d'Ausstellung gëllt, zielt d'Gioj de Marco:

"At the time I was interested in the idea of: can we dream together, and what does that mean, and how can you do that? Well, then perhaps you need to mix everybody's dream together. Well, that sounds like a logarithmic question. And so, perhaps I need someone who understands... well, math. And so Loris and I departed, trying to figure out what the language of dreams is. Sounds fairly simple to just cut and paste dreams together but it is a little more complicated than that, if you truly do it anonymously and randomly."

Intim Erfarungen

An dësem Versuch eng kollektiv Dramwelt ze schafen, verschwammen d'Grenzen tëschent Dreem, déi normalerweis eng ganz intim, perséinlech Erfarung sinn.

Froen iwwer Identitéit - an engem perséinlechen, mee virun allem och politesche Sënn - ginn opgeworf, sou de Bünekënschtler Andrej Mirčev:

"It also becomes political because of what we deliberately did. We, in a way, gave up our individual dreams and ended up making it a collective dream where it is super unclear who is who. Which has super interesting consequences if you think, "What is identity? What is the subject?", and how can we bypass all of these representations that are, in a way, becoming a really big obstacle in our ways of how we can imagine new and different ways of being together."

D'Fusioun vun Technik a Konscht läit am Kär vun "The moon is full, but it is not the moon". Et ass eng Ausstellung, déi probéiert iwwer de Langage vun enger traditioneller Konschtausstellung zum dreemen ze invitéieren.

Et sinn awer d'Limitte vum Medium, déi dofir suergen, datt een net an eng Fantasiewelt gezu gëtt, mee séier rëm aus dem Dram erwächt.