Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dreem, déi zerplatze wéi Wicken

Offiziell Kompetitioun

Dreem, déi zerplatze wéi Wicken

Ee staarkt Meedchen ëmgi vu schwaache Jongen, dat vun de Verhältnisser gebremst gëtt a sech selwer am Wee steet: dorëms geet et a "Firecrackers", dem Debutfilm vun der Kanadierin Jasmin Mozaffari.

auto_stories

3 min

Déi zwee Teenagere Lou a Chantal wëllen onbedéngt hirem Kaff an der kanadescher Provënz entkommen. Hiert Zil : New York. E puer Su hunn d'Meedercher sech schonn zesumme gespuert. Hiren Alterskolleg, deen se sollt mat sengem Pick-up féieren, spréngt awer am leschte Moment of...

Een intimistesche Film vu Meedercher, iwwer Meedercher, fir... jiddereen huet déi jonk Regisseurin Jasmin Mozaffari gedréint. Ee ''coming-of-age''-Drama, deen d'Schwieregkeeten an d'Dreem vu Jugendlechen aus der Aarbechterklass an de Mëttelpunkt stellt.

Flucht als eenzeg Optioun

Beim Lou (Michaela Kurimsky) ass et virop de Konflikt/d'Rivalitéit mat der elengerzéiender Mamm, déi sech ee wesentlech méi jonke Kolleg gekroopt huet a mat deem si dem evangelesche ''born again''-Glawe verfall ass. Eng Perspektiv am Liewe schéngt d'Meedchen och net ze hunn : an der Schoul klappt et net esou richteg, bis op kleng Jobs gëtt et a sengem Kaff kaum sënnvoll Aarbecht.

Do bleift just nach d'Flucht (symboliséiert duerch d'Zuchgleiser oder d'Autobunn, déi sech um Horizont verléiert). D'Lou a seng beschte Frëndin setzen all hir Hoffnungen op New York. Respektiv soss anzwousch, Haaptsaach fort...

Staarkt Meedchen a schwaach Jongen

D'Motivatioun, de Wëllen ass scho mol do. D'Lou ass ee staarke Charakter, huet eng déck Schnëss, et fäert näischt. Säi klenge Brudder, dee sech stolz schminkt : vläicht manner well e schwul wier, wéi hie vun der Mamm ënnerstallt kritt. De Jong hëlt sech ganz einfach ee Beispill u senger staarker Schwëster.

Mee mat senger Aggressivitéit (zum Beispill Kläppereie mat anere Meedercher), déi duerch déi deelweis hektesch Kameraféierung zum Ausdrock kënnt, schéisst d'Lou sech och alt emol gäre selwer an de Fouss. An engem Plang vum Film, wou et op enger Bréck steet an op d'Zuchgleiser erofkuckt, déi virun him ausernee ginn, verspäert säi Kierper deen ee Gleis : dem Lou säi Choix gëtt reduzéiert, well et sech selwer am Wee steet. An d'Autobunn, déi geet a béid Richtungen : no vir, mee och nees zeréck...

D'Jongen a ''Firecrackers'' sinn an der Reegel schwaach (de Sexualpartner vum Lou, dee keen héich kritt). Si villen sech just staark mat engem Gewier an der Hand oder an der Grupp, där hirem Zwang si ausgesat sinn (de Frënd, deen dann awer net mat de Meedercher op New York fiert well hie léiwer mat senge coole Kollege sëft a Pool spillt).

Ambivalent Sexualitéit

D'Sexualitéit da gëtt am Film als ee Messer mat enger duebeler Schneid duergestallt. Engersäits erlaabt et de Meedercher selbstbewosst opzetrieden an eng Form vu Muecht ze demonstréieren (andeems si zum Beispill labber mat de Jongen iwwer Sex schwätzen). Anerersäits ass dat optrieden dacks eng Fassad, mat där si hir Schwächt verstoppen (d'Chantal, dat vu sengem Ex vergewaltegt gouf ; d'Lou, dat sech op Internet-Porno aléisst fir séier u Suen ze kommen).

''Firecrackers'' : Wicken, déi Kaméidi maachen, mee och zerplatze wéi Dreem... D'Jasmin Mozaffari huet een éierlechen Debutfilm gedréint, dee virun allem och vun der jonker Actrice Michaela Kurimsky (hir éischt Roll) gedroe gëtt.


" Firecrackers " leeft nach dëse Freideg 15. Mäerz um 21 Auer am Utopia.